Radioen

On air

Notturno  |  Thad Jones - April In Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anna Mathieu: Déi richteg Wierder fannen

Sot emol

Anna Mathieu: Déi richteg Wierder fannen

Wann e Mënsch stierft, ass dat ëmmer e grousse Verloscht. Virun allem ass et schwéier, fir Gefiller auszedrécken. D'Anna Mathieu huet sech dat zu Häerz geholl a probéiert eben déi richteg Wierder an esou Situatiounen ze fannen.

auto_stories

2 min

Am Däitsche geet vun enger sougenannter "Trauerrednerin" rieds, zu Lëtzebuerg huet dat sech awer nach net duerchgesat. D'Anna Mathieu huet duerch eng eegen Erfarung, bei Verloschter an der eegener Famill, ugefaangen Texter ze schreiwen an och selwer bei Trauerfeieren ze liesen.

Wéi der Anna Mathieu hire Papp gestuerwen ass, huet den Hauspaschtouer Erich gemengt, et wier elo hiren Tour.

"Ech hunn geduecht: 'O Gott, d'Emotioune sinn einfach esou staark'. Do huet hie mech encouragéiert a gesot: 'Anna! Wann, wenn nicht jetzt?' Wéi ech dunn menge Geschwëster gesot hunn, ech liesen eppes fir de Pappa, hunn si gesot: 'Wir sind dabei!'"

Et war dëst den Ufank vu ville wäertvollen Amenter.

Courage fir Zäit vun der Trauer

Op Bäileedskaarte schreift ee meeschtens "Häerzlecht Bäileed", mee dat ass eben, well ee keng Wierder fënnt. D'Anna Mathieu seet, datt si dacks de Mënsche vill Courage fir Zäit vun der Trauer wënscht. Courage net nëmmen am Sënn vu Kraaft, awer och vu Mutt.

"Et muss ee ganz vill Saache fir d'éischte Kéier eleng maachen. Heiansdo entdeckt een och Saachen, déi een net esou gären entdeckt oder gewosst hätt vun der Persoun, déi gaangen ass - wou ee ganz vill Kraaft brauch."

Dono deet et engem leed

Wann dir de Besoin hutt, wann e Mënsch fir ëmmer geet, nach eppes ze soen, nach eppes fir hien ze maachen, seet d'Anna Mathieu, da maacht et. Dono géif et engem dacks leed doen, wann een et net gemaach huet.

"An och wann Iech d'Stëmm ewech brécht - mir schwätze vun engem Trauerfall, natierlech sinn do ganz vill Emotiounen. Et ginn och Leit, déi soen, wou mir no der Trauerfeier iesse gaange sinn, datt och ganz vill gelaacht ginn ass - dat soen d'Leit dacks och ganz verleeën. Dat ass jo awer d'Liewen. Och déi Persoun, déi gaangen ass, déi hat sécher all méiglech Anekdoten hannerlooss."