Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arbitter oder Schidsriichter?

Am Gespréich

Arbitter oder Schidsriichter?

Une-deux oder Doppelpass? Arbitter oder Schidsriichter? Benotzen d'Lëtzebuerger éischter Wierder aus dem Däitschen oder dem Franséische wa se iwwer Fussball schwäetzen? De Sproochwëssenschaftler François Conrad ass där Fro nogaangen.

auto_stories

3 min

De François Conrad ass Sproochwëssenschaftler op der Leibniz-Universitéit zu Hannover a fuerscht am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch. Hei huet en sech e bësse méi een aussergewéinlecht Thema eraus gesicht, nämlech déi Lëtzebuerger Fussballssprooch. Als Invité an der Serie Am Gespréich erzielt de François Conrad, firwat e sech fir dëse Beräich entscheet huet a wat d'Erkenntnisser aus senger Fuerschung bis elo waren.

Benotzt eng Persoun, wa se am Lëtzebuergeschen iwwer Fussball schwätzt, éischter e Begrëff aus dem Däitschen oder aus dem Franséischen, also zum Beispill, Schidsriichter oder Arbitter?

Dës Fro vun de sougenannten Dubletten, ass de Kär vun der Fuerschung vum François Conrad. Dofir hat en zum Beispill de Komentar vum Paul Philipp an Nico Keiffer analyséiert, déi iwwer Joren zesummen d'Champions League op der Lëtzebuerger Tëlé kommentéiert hunn. An de Fussball ass nëmmen ee Beräich an deenen een déi Dubletten analyséiere kann.

"Et ass wierklech exemplaresch, dat hätt ech genee esou gutt mam Fechten oder dem Vëlossport maache kennen. Also am Fong ass de Fussball nëmmen ee Beispill fir och ze weisen, wéi kreativ déi Dublette kënne sinn."

Mannschaft oder Ekipp?

Fir weider am Beräich vun dëse Fussball-Dubletten ze fuerschen, hat de Sproochwëssenschaftler François Conrad e Froebou zesummegestallt, mat dem hien eraus fanne wollt, ob d'Lëtzebuerger Mammesproochler éischter däitsch oder franséisch Begrëffer benotzen, wa se iwwer Fussball schwätzen.

"Ech hat scho méi laang wëlles, déi Dubletten a méi grousser Echelle z'ënnersichen an déi Fuerschung zum Paul Philipp a Nico Keiffer huet mer gewisen, datt effektiv d'Fussballssprooch, do relativ vill hier gëtt. Dat heescht ech hunn am Fong déi Dubletten déi ech fonnt hunn, am Kommentar vum Paul Philipp a Nico Keiffer an eng Ëmfro gepackt, an der ech gefrot hunn, sot dir Une-deux oder Doppelpass, so dir Arbitter oder Schidsriichter? [...] An ech hat fir d'éischt Suerg datt dat guer net klappt, well d'Leit aner Suergen hunn, mee de Contraire war de Fall, et hunn 1.300 Leit am Laf vun engem Dag matgemaach."

Net nëmmen op de Fussball z'applizéieren

D'Lëtzebuerger Regioun aus der ee kennt, huet nëmmen ee minimalen Afloss dorobber, ob ee bei der Fussballssprooch franséisch oder däitsch Begrëffer benotzt, dat ass ee Resultat aus dem François Conrad senger Fuerschung. Wat awer en Afloss huet, wier den Alter, esou de Sproochewëssenschaftler. Well wat d'Leit méi jonk wieren, wat se éischter zum Däitsche géifen tendéieren.

Déi Erkenntnis kéint een och op d'Lëtzebuergescht am Generellen applizéieren. Dëse Summer soll dëse Fuerschungsprojet ofgeschloss ginn an dono wëll de François Conrad an eng aner Richtung goen.

"Ech hunn eng ganz spannend Iddi, nämlech bestëmmte Perséinlechkeeten, zum Beispill de Jean-Claude Juncker deen esou laang un der Regierungs-Spëtzt war, dem seng Rieden am Zäit-Verlaf z'ënnersichen an ze kucken ob sech vläicht, wat de Choix wat vun de Begrëffer ugeet, Verännerunge weisen."

"Ech sinn e Fussball-Geck"

Fussball wier schonn zanter senger Kandheet e wichtegen Hobby seet de François Conrad, dofir war et fir hie flott, dëse Sport a seng Fuerschung ze integréieren. Datt d'Lëtzebuergescht dat Thema sollt sinn, an dem hie fuersche wéilt, war fir de Sproochwëssenschaftler wärend dem Studium och séier kloer.

"Et louch iergendwéi op der Hand, datt ech d'Lëtzebuergescht maachen, et ass eben nach relativ vill z'erfuerschen am Lëtzebuergeschen, well et eben nach e relatiivt neit Fuerschungsfeld ass. [...] Ech wäert e Liewe laang och ëmmer d'Lëtzebuergescht erfuerschen. Ech mierken einfach et ass Menges, et ass meng Mammesprooch, et gëtt nach vill ze dinn an et ass immens spannend."