Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass de Zwarte Piet eng rassistesch Traditioun?

Gesellschaft

Ass de Zwarte Piet eng rassistesch Traditioun?

De Sinterklaas a seng Zwarte Piete sinn an Holland ukomm. Wéi all Joer koume si mam Schëff aus Spuenien a reesen elo zwou Wochen duerch d'Land. Och dëst Joer goung d'Diskussioun, op de Zwarte Piet eng rassistesch Traditioun ass, am Virfeld weider, an all d'Ae waren op d'Ausgesi vun deene sëllechen Zwarte Piete geriicht, fir ze gesinn, wéi si dëst Joer geschminkt wieren.

auto_stories

3 min

An Holland sinn d'Zwarte Pieten dem Kleesche seng Gesellen. Traditionell hu si e schwaarz gefierfte Gesiicht, schwaarz Krauselen, grouss gëllen Ouerréng, déck rout Lëpsen a faarweg Pagekleeder. Si erënneren also staark un eng Rassekarikatur vun engem schwaarzen Dénger aus der Kolonialzäit.

Sich no enger Léisung

Fir net-Hollänner ass et schwéier ze verstoen, datt esou e Kostüm bei engem nationale Kannerfest nach ëmmer vertrietbar ass. Virun allem an engem Land mat enger Kolonialgeschicht a mat villen Awunner aus deene fréiere Kolonien. Vill schwaarz Leit gesinn de Zwarte Piet als diskriminéierend Stereotypiséierung. Esouguer d'Vereenten Natiounen hunn de Zwarte Piet als rassistesch Traditioun veruerteelt. Trotzdeem halen déi meescht Hollänner un hirer Traditioun fest.

D'Diskussioun iwwert de Zwarte Piet ass net nei. Mä zënter e puer Joer gëtt tatsächlech probéiert, eng Léisung ze fannen. Sou si fir d'éischt d'Ouerréng an déi déck rout Lëpse verschwonnen. E puer Joer drop gouf probéiert, d'Pieten net méi schwaarz ze fierwen, mä faarweg: gréng, blo, giel, rosa. Dëst war awer kee grousse Succès an dofir gouf de Rootveegpiet agefouert: E Piet ouni definéiert ethnesch Originnen, dee Rouschtsträifen am Gesiicht huet, well en duerch esou vill Kamäiner sprange muss. Dëst Joer gouf och nach de wäisse Piet agefouert, an zu Amsterdam kréien all d'Pieten en neie Kostüm, deen un de Kleeder vu spueneschen Edelmänner inspiréiert ass.

Ma nawell kënnt keng Rou an d'Diskussioun. Op ville Plazen am Land ass nach ëmmer den traditionelle Piet ënnerwee. A sou laang de koloniale Kostüm bleift, ass e faarwege Piet oder de Rouschtpiet och nach ëmmer e schwaarze Piet, alt just mat enger anerer Faarf ugemoolt. Déi nei Kleeder vum Amsterdamer Piet sinn och net déi beschte Léisung, well si un e Personnage erënneren, dee mat Sklave gehandelt huet.

Traditiounen am Wandel

Eng Traditioun upassen ass e laangwierege Prozess. Dëst brauch Zäit, fir datt een dee richtege Mëttelwee fënnt, a fir datt jidderee sech kann dru winnen. D'Leit musse kënne lassloossen an acceptéieren, datt eng Traditioun, fir weider ze liewen, dynamesch a sech mat der Zäit muss kënne veränneren.

Iwwer Traditiounen denke mir wéineg no. Dacks si se eng Selbstverständlechkeet. Mä wann eng Traditioun diskriminéierend ass, da muss ee se dach iwwerdenken.

Wat mir dacks vergiessen, ass, datt Traditiounen net a Stee gemeesselt sinn. Et si Bräich, déi sech lues a lues entwéckelt hunn, a sech duerch d'Joerhonnerten hin ëmmer erëm verännert hunn. Eng Traditioun, déi mat der Zäit matgoe kann, bleift bestoen. Mä muench Traditioune sinn dacks iwwerlieft, an et muss een acceptéieren, datt se just nach a Geschichtsbicher ze fanne wäerte sinn.