Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Efterklang - Getting Reminders (feat. Beirut)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asteroid Day

Drëtt Editioun

Asteroid Day

Viru genee zwee Joer gouf den Asteroid Day vun der UNO unerkannt, fir weltwäit esou vill Leit wéi méiglech iwwer d'Asteroiden opzeklären. Am Mëttelpunkt steet dobäi d'Gefor, datt en Asteroid an d'Äerd knuppt a wat een dogéint maache kann. Dëst Joer gëtt den Asteroid Day eng éischte Kéier vu Lëtzebuerg aus koordinéiert. Mam Ulaf vun der Lëtzebuerger Spaceresources-Initiativ gouf Lëtzebuerg nämlech zum Haaptquartéier fir dësen Dag deklaréiert.

auto_stories

4 min

Fir d'Danica Remi vun der Fondatioun B612 aus der Silicon Valley ass déi drëtt Editioun vum Asteroid Day e globaalt Gespréich iwwerall op der Welt. Si huet dësen Dag mat gegrënnt. Vum Asteroid Day géingen et iwwer 1000 Evenementer a verschiddene Länner ginn: Vu Pakistan a Chile, iwwer Haiti bis an d'USA, mä och Europa a Russland.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat Lëtzebuerg als "Headquarter" fir den Asteroid Day am Abrëll dëst Joer op der Space Resources-Missioun a Kalifornien annoncéiert. Déi nei Stëftung "Asteroid Day Foundation" gouf dofir zu Lëtzebuerg gegrënnt vun där de Grig Richters de President ass. Hien ass en däitsche Filmproduzent a Matbegrënner vum Asteroid Day a gesäit sech mat "Asteroid Global" als Schnëttplaz vun den Evenementer a ronn 200 Länner.

Live Iwwerdroung aus Lëtzebuerg

De Programm ass chargéiert: Filmer, Gespréicher mat Experten an Astronauten, live Debatten, déi vum britesche Star-Physiker Brian Cox moderéiert ginn, live Schaltunge bei déi europäesch, japanesch an amerikanesch Weltraum-Agencen. An dat alles a sämtleche Medie-Formater wéi Internet, sozial Reseauen, Radio an Tëlee. 24 Stonne laang gëtt live an d'ganz Welt iwwerdroen, bannent deene Millioune Leit erreecht solle ginn. Dovunner gëtt sechs Stonne laang aus dem Studio vum "Broadcasting Center Europe" am Gebai vun RTL-City um Kierchbierg aus gesent. De Satellitte-Link kënnt vun der SES. De Satellittebedreiwer ass mat OBH an der Lëtzebuerger Regierung ee vun den Haaptsponsoren. Vum Lëtzebuerger Staat huet déi nei Asteroid Fondatioun bis elo 450.000 Euro fir déi nächst dräi Joer kritt an op d'mannst esou laang soll den Asteroid Day och vu Lëtzebuerg aus koordinéiert ginn.

Vun Asteroide léieren

Mat derbäi bei de live Experten-Debatten ass de Freideg och dee britesch-lëtzebuergesche Museker an Astronom Matt Dawson, dee vu klengem u passionéierten Amateur-Astronom ass a schonn zënter 25 Joer Asteroiden observéiert. Nieft der Gefor vun Asteroiden, kéint een och eppes vun hinne léieren.

"Asteroide si méi al wéi d'Äerd an duerch d'Studéiere vun Asteroide kënne mir wierklech erausfannen, wéi de Solarsystem op eiser Äerd iwwerhaapt existéiert."

Viru 25 Joer hätten nach net vill Leit sech fir Asteroiden interesséiert, haut wär dat anescht. Ënnert anerem hätt Hollywood do eng Roll gespillt mat Filmer wéi "Deep Impact" an "Armageddon". Deemools wieren dat nach Fantasië gewiescht, mä d'Fro vun engem Impakt wier fir de Matt Dawson net "ob", mä "wéini".

Als Referenz gëllt déi faméis Explosioun vum 30. Juni 1908 an der onbewunnter Tunguska Regioun a Sibirien. En Asteroid vu nëmme 40 Meter Duerchmiesser hat do an e puer Sekonnen eng Fläch Bësch zerstéiert, déi bal esou grouss war wéi Lëtzebuerg. Wéi bei Äerdbiewen, gëtt et fir Asteroiden eng Skala fir hir potentiell Stäerkt ze moossen, déi sougenannten Torino Skala. De Matt Dawson huet schonn eelef Asteroiden entdeckt, sechs dovunner sinn offiziell beim "Minor Space Centre" an den USA registréiert. Hei ginn d'Date vun allen entdeckten Asteroiden gespäichert.

Explosioune méi staark wéi eng Atombomm

Geféierlech sinn déi sougenannten "Near Earth"-Asteroiden. Déi méi grouss, vun iwwer engem Kilometer, goufe bal all detektéiert. Mä déi méi kléng, vun 30 Meter oder méi, nach net. Do gëtt dem Danica Remy no nach no dräi Milliounen Asteroide gesicht. Ronn eng Millioun vun deene kéinten op der Äerd eng Explosioun verursaachen, déi 300 mol méi staark wier, wéi d'Atombomm vun Hiroshima.

D'Ofwier vun Asteroiden, déi ze no kommen, ass technologesch méiglech, mä nach net getest. Den europäesche Projet AIM läit op Äis. Heibäi soll e klengt Raumschëff mat der NASA bei en Asteroid geschéckt ginn, fir seng Lafbunn ze deviéieren. Déi europäesch Welt-Raum-Agence krut, wéinst Bedenke vun Däitschland, de Budget net zesummen. Den Etienne Schneider sot am Februar, hie géif bei den däitsche Kollegen intervenéieren, fir de Projet AIM ze relancéieren.

Lëtzebuerg positionéieren

Mam Asteroid Day ass dem Etienne Schneider e weidere Coup gelongen, fir Lëtzebuerg als Acteur am Welt-All-Secteur an als Virreider fir d'Exploitatioun vun Asteroiden a Weltall-Ressourcen ze positionéieren. D'Initiativ Space Resources an den Asteroid Day komplimentéiere sech och op engem fundamentale Punkt an zwar beim Zil, fir Asteroiden ze fannen: Fir Danica Remy vun der Fondatioun B612 läit d'Prioritéit doran, an der Entdeckung vun Asteroide méi séier virunzekommen.

"An eng Kaart, méi genee e Kadaster vun Asteroiden opzestellen. Fir wëssenschaftlech Zwecker a fir d'Äerd ze schützen, mä och fir de Space Mining."