Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausbléck op d'NBA-Finall 2020

Sport

Ausbléck op d'NBA-Finall 2020

Och den amerikanesche Profi-Basket gouf knallhaart vun der Covid19-Pandemie getraff. D'NBA-Saison 19-20, déi u sech am Juni op Enn hätt solle goen, gouf den 12. Mäerz offiziell suspendéiert, nodeems en éischte Spiller positiv getest gi war. E puer Méint gouf weidergespillt, allerdéngs am Disney World zu Orlando. Sämtlech Equippen, déi nach fir de Championstitel a Fro koumen, hu sech bei Mickey a Goofey vun der Baussewelt ofgeschiermt. Do existéiert zanter 1997 nämlech e risege Sportkomplex mat enger ganzer Rei Sportshale grad wéi Baseball- a Fussballterrainen. Mee dës ongewéinlech Saison gouf och vu Spiller-Protester géint Police-Brutalitéit géint Afroamerikaner markéiert.

auto_stories

3 min

U sech hätt d'NBA-Saison 19-20 am Juni op en Enn solle goen. Mais den 11ten Mäerz gouw och den amerikaneschen Profi-Basket vum Corona-Virus kaal erwëscht. Kuerz virun der Partie Utah Jazz géint Oklahoma City Thunder gouf de franséischen Spiller Rudy Gobert (franséisch ausgeschwat) positiv op de Virus getest, zu deem Moment war d'Haal scho voll mat Dausende Spectateuren. De Match gouf ofgesot. Aner Partien, déi zur selwechter Zäit nach am Gaang waren, duerften nach zu Enn gespillt ginn.

Am Ufank gouf nach dru geduecht fir d'Saison an eidelen Hale virunzespillen, mee och déi Iddi gouf séier fale gelooss. E puer Méint drop, de 4. Juni, huet d'NBA annoncéiert, datt d'Saison wuel op en Enn géif bruecht ginn, allerdéngs ofgekapselt vun der Baussewelt, am Disney World zu Orlando. Do existéiert zanter 1997 nämlech e risege Sportkomplex vun 89 Hektar, mat enger ganzer Rei Sportshale grad wéi Baseball- a Fussballterrainen.

Net jiddweree war begeeschtert

Sämtlech NBA-Equippen, déi nach am Renne fir de Championstitel waren, géife sech bei Mickey a Goofy zeréckzéie fir do d'Saison op en Enn ze bréngen. De Bob Iger, CEO vum Disney-Konzern huet dat bei der Presentatioun vum Projet begréisst.

Vill manner "cool" hunn vill Spiller déi Iddi fonnt. Verschiddener hunn et mat engem Prisongs-Openthalt verglach. Anerer hu sech an de soziale Medien iwwer d'Qualitéit vum Iessen am Disney World opgereegt oder iwwer déi streng Hygiènesreegelen. Mais den 30. Juli goung et weider. Ouni Fans. Ausser déi, déi vun hirer Stuff-aus op eng riseger Leinwand diffuséiert, mee déi selwecht Ambiance war dat natierlech net.

An dunn, wéi d'Fans sech grad un dës nei Ëmstänn gewinnt haten, koum Enn-August dee nächsten negative Moment vun der Saison. Aus Protest géint déi brutal Police-Attack op den Jacob Blake zu Kenosha am Wisconsin. Nëmmen e puer Méint nom Doud vum George Floyd - huet d'Lokalequipe vun de Milwaukee Bucks refuséiert fir hire Match unzetrieden.

Annulatiounen aus Solidaritéit

Aner Equippen hunn aus Solidaritéit och hier Partien annuléiert. Mee iergendwéi krut d'NBA och dëst Feier geläscht. An elo kënnt et also zuf Finall, wéi ëmmer an enger "Best of 7"-Série, dat heescht wou déi éischt Equippe mat véier Victoiren zum neie Champion deklaréiert gëtt.
Fir d'Los Angeles Lakers, mat hiren zwee Superstare LeBron James an Anthony Davis, wier et deen éischten Titel zënter zéng Joer. Dee leschten Titel fir d'Miami Heat war 2013, deemools nach mat engem bestëmmte LeBron James an der Equipe.

Mee egal wie sech um Enn wäert duerchsetzen, fir d'Spiller, d'Manager, déi Responsabel vun der NBA an natierlech d'Fans weltwäit ass et elo schonn eng Saison, déi ee gär op en Enn wëllt bréngen. An der Hoffnung, datt d'Saison 20-21 nees méi normal verlafe kann.