Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Authentizitéit

Prisma

Authentizitéit

No iwwer engem Joer Paus kann den normalen Alldag esou lues erëm ulafen. Elo kënne mer erëm esou funktionéieren, wéi virdrun. Mee vläicht mierkt ee grad, datt ee keng Loscht huet, sech d'Liewe vu virun der Pandemie erëm unzedoen. Vläicht mierkt een, datt een esou gelieft huet, wéi een dat net wierklech wollt. Datt een eben net authentesch war. Mee wat ass dat, Authentizitéit? Den Thomas Koenig huet sech mat dem Wuert befaasst.

auto_stories

8 min

Wëlle mer zeréck?

Et gesäit jo mol esou aus, wéi wann d'Pandemie sech fir de Summer e bësse berouege géif. Verschiddener mengen jo och, mir hätten d'Pandemie dann elo hanner eis. Et misst een zwar nach kucken, wéi ee mam Virus ëmgoe géif, mee fir de Moment si mer mol um gudden Wee.

An effektiv, et wierkt esou, wéi wann d'Liewen erëm "esou wéi fréier" géif gelieft kënne ginn.

Déi Fro, déi mer eis stelle sollten, ass awer net, ob mer elo erëm kënne liewe wéi virdrun. Nee, déi Fro, déi eis beschäftegt, ass, ob mer elo erëm esou liewe solle wéi virdrun.

D'Pandemie huet jo, duerch all di Restriktiounen a Lockdowns, déi se mat sech bruecht huet, eis an eng Situatioun gesat, wou mer op eemol net méi dat maache konnten, wat mer virdru gemaach hunn.

An elo schéngt et, wéi wa mer an eng Situatioun kéimen, wou mer dat erëm kënnen. Mee wëlle mer dat?

Well elo ass jo erëm villes normal, elo kann ee sech jo erëm mat Leit treffen, Saachen zesumme maachen, an esou weider, an esou fort.

De Problem ass awer, datt ee vläicht am Hannerkapp mierkt, datt een dat guer net wëllt. All déi Léit, déi een elo länger net gesinn huet, déi wëllt ee vläicht guer net méi gesinn. Oder sech a Mënschemasse stierzen.

Oder eben esou viru fuere wéi virdrun. Well villes an eisem Alldag leeft jo schlussendlech op "Metro, boulot, dodo" raus. Bon, zu Lëtzebuerg ersetze mer mol de Metro mam Tram, oder mam Stau, mee Dir verstitt, wat ech mengen. Vill Saachen, déi mer maachen, déi maache mer net, well mer se wëllen, mee well et eben dozou gehéiert.

An anere Wieder, mir sinn net authentesch.

Authentizitéit

An der Philosophie ass Authentizitéit wichteg. De Philosoph sicht jo no Äntwerten. Mee hie sicht eben seng eegen. An dobäi spillen Autonomie - also Selbstbestëmmung - a Wourecht eng grouss Roll.

Jiddwereen huet jo sécher schonn dat Zitat vum Kant héieren "Sapere aude". Trau dech ze denken, ze wëssen. Dee Moment wou mer wëssen, dee Moment musse mer jo näischt gleewen.

Mee wat maache mer dann elo mam Wëssen?

Ma mir benotzen et, fir autonom an authentesch ze sinn. Dat heescht, fir eist Liewen esou ze féieren, wéi mir et decidéieren, dat wier d'Autonomie. Mee do war nach déi Saach mat der Wourecht. An do kënnt d'Authentizitéit an d'Spill. Mee wat ass Authentizitéit?

D'Wuert kënnt aus dem Griicheschen. Eng Saach ass authentesch, wa se dat ass, wat se behaapt ze sinn. Wann ech zum Beispill mer eng Foto vun der Mona Lisa aus dem Internet eraus printen, an se doheem ophänken, dat ass eng Kopie. Wann ech den Original doheem ophänken, da schwätze mer vun Authentizitéit.

D'Wuert "authentesch" deit etymologesch dorop hin, datt een eppes selwer mécht. Eppes selwer maache bedeit jo, datt een d'Entscheedung getraff huet, et ze maachen, dat da wollt maachen, an dann och ëmgesat huet.

Eng authentesch Persoun gëtt jo och gär duergestallt als ee Mënsch, dee sech selwer trei ass. Ee Mënsch also, deen sech selwer ëmsetzt.

Sozial Déieren an Autonomie?

De Jean-Paul Sartre ass jo wéinst sengem Existenzialismus bekannt. "L'existence précède l'essence" - dee Sproch kennt ee jo. Dee bedeit, datt een am Fong als éischt ass, ier een eppes ass. De Sartre mengt am Fong domat, datt de Mënsch sech selwer bestëmme muss.

Do wou déi Ausso problematesch ass, ass datt de Mënsch awer seng ganz Autonomie eréischt am Laf vun de Joren entfaalt. E klengt Kand vun e puer Woche kann de facto jo nach net wierklech decidéieren, wei et säi Liewe gestalte wëllt.

Dofir gi mer jo erzunn, an dee Prozess hëlt Joren. An déi Erzéiung passéiert jo och net an engem Vakuum. Déi passéiert an enger Gesellschaft, wou een dann och Leit ronderëm sech huet. An de Mënsch, als soziaalt Déier, huet vläicht och eng Tendenz, sech gutt mat senge Matmënsche wëllen ze halen. Et stéisst een op manner Widderstand, wann ee mam Stroum schwëmmt, ewéi wann een dogéint schwëmmt.

Dat heescht, dee Moment, wou een am Fong decidéiere soll, wéi eng Essence ee senger Existence wëllt ginn, ass een scho vläicht guer net méi esou fräi.

De Mënsch entdeckt sech selwer jo och dacks duerch de Bléck vun anere Leit. Déi Aart, wéi déi aner op mech reagéieren, weist mer jo och, wéi ech bei hinnen ukommen. Oder eben net ukommen.

A wann ech d'Gefill hunn, datt meng Matmënsche mech all sympathesch fannen, da sinn ech och warscheinlech vill méi oppe mat hinnen, wéi wann ech d'Gefill hätt, si géife mech all lächerlech fannen.

An do hu mer erëm de Problem vun der Authentizitéit. Bei ville Problemer gesäit et a priori aus, wéi wann et just schwaarz-wäiss Léisunge géif ginn. Wann ee sech fir déi schwaarz Léisung interesséiert, gëtt ee vun deene Wäissen dann emol gär direkt als Schwaarze kategoriséiert. Da kann ee mol d'Tendenz hunn, sech selwer als schwaarz ze gesinn. Oder, wann ee mat Wäissen ze dinn huet, sech méi schwaarz ze behuelen, wéi een et vu sech aus géif.

Do sinn onbewosst Mechanismen um Spill, déi et ganz schwéier maachen, wierklech authentesch ze sinn. Wéi kann ech nämlech ech selwer sinn, wann een anere mer schonn erkläert, wien ech laut him a Wierklechkeet sinn. Fir do authentesch ze sinn, do stécht Aarbecht dohannert, vill Introspektioun a Reflexioun, an natierlech och eng Dosis Autonomie.

Wat ass meng Roll?

Ech faassen et kuerz: De Mënsch spillt a sengem Alldag vill Rollen. Verschiddener sinn eis bewosst, anerer sinn onbewosst. An et gëtt een och emol gär vu senge Matmënschen a bestëmmte Rolle gedrängt.

Mee elo si mer jo grad an der Situatioun, datt mer Distanz zum Alldag haten. Elo hate mer d'Geleeënheet, verschidde Situatiounen net méi kënnen oder missen ze erliewen. An elo stellt sech eben d'Fro: sinn ech dat wierklech? Wëll ech Sonndes nach ëmmer op déi Familljentreffe goen, wou ech mech zu Doud langweilen? Wëll ech Freides owes nach ëmmer mat deene Leit erausgoen, deenen ech am Fong näischt méi ze soen hunn?

Respektiv, wa mer et emol vun der anerer Säit aus kucken: wëll ech de Stress wierklech op mech huelen, fir déi Situatiounen all ëmzeänneren? Well dat ass jo och net einfach.

Wann ech net méi den Erwaardunge vu menge Matmënschen entspriechen, da sinn ech an hiren Aen op emol een aneren. Da kann emol Kritik kommen. Oder Onverständnis. Oder emotional Manipulatioun. Oder vläicht huet een da kee méi, mat deem ee sech treffe kéint. Vläicht ass et jo och grad méi einfach, erëm virun d'Dier ze kommen an net eleng ze sinn, wann een nach Kontakt mat senge Matmënschen huet.

A verstitt mech hei elo net falsch: Ech wëll Iech op kee Fall hei um d'Häerz leen, als Einsiedler ze liewen oder nëmmen nach dat ze maachen, wat Der wëllt. Ech hat viru laanger Zäit e Prisma mat de Wierder opgehalen, datt een a sengem Liewe sollt kucken, déi Leit vu sech ewech ze halen, déi engem soen, wéi een ze liewen huet. An datt ee sech éischter soll mat Leit ophalen, déi ee froen, wéi ee liewe wëllt.

Am Alldag gëtt et jo villes, wat een net ënner Kontroll huet. An am Liewen u sech ass jo dat Fundamentaalst, datt mer och net ënner Kontroll hunn, wéini et eriwwer ass. Oder de Fait, datt mer iergendwa stierwe wäerten, an eis Zäit dowéinst begrenzt ass. Dat ass jo och eppes, wou mer keng Kontroll doriwwer hunn.

D'Welt passt sech eben net un eis Allmachts-Fantasien un. Et huet also kee Wäert géint Saachen ze kämpfen, déi een net beaflossen oder ännere kann.

Beim Nietzsche gëtt et eng interessant Iddi, déi vun der ewigen Wiederkunft. Alles, wat passéiert, wäert ëmmer erëm passéieren. An dofir soll ee léieren, dem Schicksal an alle Punkte "jo" ze soen. Wann een nämlech alles huele kann, wéi et grad kënnt, dann kann engem jo näischt méi eppes ausmaachen.

Ech sinn zwar perséinlech net mat dem Fatalismus averstanen, an och net iwwerzeegt, datt d'Geschicht zirkulär ass. Mee et kann een awer eng ganz interessant Fro doraus erausfilteren: wann ech dat Ganzt nach emol maache misst, oder nach e puermol maache misst - wéi wéilt ech da liewen? Wat géif ech dann änneren? Wat wéilt ech bäi behalen? A wat wéilt ech net nach emol missen erdroen?

Also: Passt Der Iech nach ëmmer un, oder sidd der schonn authentesch?