Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bal véier Joerzéngte laang Coiffer vum Haff

Marcel Raths

Bal véier Joerzéngte laang Coiffer vum Haff

Zu Biissen ass hien eng Institutioun an nach haut, mat 96 Joer, geet hie senger Passioun, de Leit d'Hoer ze schneiden, no. Nach haut empfänkt hien all Mount 12 Clienten a sengem Coiffeurssalon. De Marcel Raths ass scho ganz fréi mam Beruff vum Coiffer a Beréierung komm.

auto_stories

5 min

1911 huet säi Papp de Café an de Coiffersalon zu Biissen an der Grand-Rue iwwerholl. Hei huet de Marcel Raths him scho mat siwe Joer gehollef.

"D'Leit sinn déi Zäit ëmmer bei de Coiffer gaangen, fir de Baart ze maachen, well si keng Gilletten haten a si hir Messeren net schaarf kritt hunn. Ech souz mat menge Knéien op hiren an hu si ageseeft. Wann ech fäerdeg war, koum mäi Papp mam Messer an huet hinnen de Baart gemaach. Duerno hunn ech de Leit Eau de Cologne an d'Gesiicht gemaach an nees deen nächsten ageseeft."

Zesummen hunn de Marcel Raths a säi Papp all Dag 80 Bäert schéi gemaach.

E ganz bekannte Client

Spéider huet hie sech am "Club artistique" ugemellt an u ville Coiffersconcoursen, och am Ausland, deelgeholl.

Dem Marcel Raths säi Coiffeurssalon ass mëttlerweil an en anert Gebai geplënnert. Méi modern, méi hell ass et dobannen.

De Marcel Raths am Coiffeurssalon zu BiissenScho wann een an d'Gebai erageet mierkt een, datt de Marcel Raths och e ganz bekannte Client hat, nämlech de fréiere Grand-Duc Jean a seng Famill.

"Wéi hien déi éischte Kéier koum, hunn ech hien zerwéiert a wéi en nees doheem war, sote si, et wier tipptopp. Ech kéint him elo ëmmer d'Hoer schneiden."

"Hie wollt d'Leit à l'aise setzen"

Déi zwee Männer hunn ni vill iwwer Privates geschwat, erzielt de Marcel Raths. De fréiere Grand-Duc Jean, deen am Abrëll dëst Joer verstuerwen ass, huet ëmmer versicht, datt d'Leit sech wuelfillen, erënnert sech de 96 Joer ale Coiffer. Hie wollt d'Leit ëmmer à l'aise setzen. Mee wéi gëtt een iwwerhaapt de Coiffer vum Grand-Duc?

"Mäi Brudder, den Aloyse war Schoulmeeschter vun de Kanner vum Grand-Duc an hien huet ëmmer mat de Prënzekanner zu Mëtteg giess. Enges Daags sot hien, hie géif séier eng hallef Stonn fort goen, e misst bei de Coiffer op Biissen. Deen aneren Dag ass den Telefon bei mir gaangen. Et war d'Schlass Colmar-Bierg. 'Géift Dir dem Prënz Henri d'Hoer schneiden?' 'Ah jo gären', hunn ech gesot."

De Prënz Henri, deemools eelef Joer al, gouf also vir geschéckt, a well den Haff mam Resultat zefridde war, konnt hien der ganzer Famill d'Hoer schneiden.

Deemools hat de Marcel Raths 39 Joer. Bal grad esou laang, nämlech 38 Joer laang, bis an d'Joer 2000, huet de Marcel Raths dofir gesuergt, datt dem Grand-Duc Jean a senge fënnef Kanner hir Hoer richteg louchen.

Haut ass seng Schnauer responsabel, fir datt der groussherzoglecher Famill hir Hoer schéi geschnidde sinn.

"Ech ginn net an d'Wehrmacht"

Enges Daags 1986 gouf de Marcel Raths op Colmar Bierg bestallt a gouf an en anert d'Zëmmer bruecht, wéi dat normalerweis de Fall war.

"Ech sollt meng Schéier ewechleeën, haut géif ech geéiert ginn, sot de Grand-Duc Jean zu mir, an huet mir déi gëlle Medaille de mérite iwwerreecht. Dat war schéin."

De Marcel Raths hat vill Gléck, erzielt de 96 Joer ale Biisser. Am Zweete Weltkrich hätt hie sollen an d'Wehrmacht agezu ginn.

"Ech war direkt vun Ufank un an der Resistenz an ech sot, ech géif net an d'Wehrmacht goen. Mäin eelste Brudder huet e Coiffer kannt, deen zu Idar-Oberstein an Däitschland an der Kasär als ziville Coiffer geschafft huet, an déi hunn nach ee gesicht."

De Marcel Raths huet sech gemellt a gouf engagéiert. Hien huet en Zëmmer bei enger Fra gelount. Enges Daags huet si um Marcel Raths senger Dier geklappt an hat dat faméist Schreiwes am Grapp.

"Dir hutt de Stellungsbefeel kritt fir muer de Moien um 11 Auer zu Tréier an der Kasär ze sinn."

Fir der Wehrmacht ze entgoen, huet de Marcel Raths missen eppes erfannen a hien huet säin Doud virgetäuscht. Seng Iddi: An de Rhäin "ze sprangen" a "fonnt ze ginn".

Et war net liicht, hien huet alles genee misse plangen. Zwee Kostümer huet hie mat geholl, een dovun huet hie preparéiert, fir en an de Rhäin ze geheien, an der Paltongstäsch en Abschidsbréif fir säi Papp, do stoung dran:

"Ech hätt de Stellungsbefeel kritt, awer ech géif net goen. Et géif mir Leed doen, mee ech géif mir d'Liewen huelen. Ech géif ëm Merci fir alles soen an Awuer. An do hunn ech dee Bréif an déi eng Paltongstäsch gestach an d'Box hunn ech och missen oprullen. Ech hunn net dierfen e Feeler maachen."

Um Enn huet hie säi Kostüm net an de Rhäin gehäit, mee an d'Nahe, en Niewefloss vum Rhäin.

Nach ëmmer 12 Clienten de Mount

No e puer ganz geféierleche Situatioune vun Idar-Oberstein iwwer Bingen op Lëtzebuerg, ass hien um Enn mam Tram bei sengem Monni um Lampertsbierg ukomm, wou hie sech eng Zäit verstoppt huet. Duerno bei deem sengem Noper an um Enn bei engem Mann zu Biissen.

Déi Geschicht huet de Marcel Raths dem Grand-Duc Jean dacks gezielt.

Mat senge 96 Joer huet hien esou munches erlieft: hien huet den Zweete Weltkrich iwwerlieft, war Coiffeur de la Cour, krut vum Grand-Duc Jean déi gëlle Médaille de mérite iwwerreecht a schneit och haut nach ëmmer 12 Clienten all Mount d'Hoer.