Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besuch bei engem Astrophysiker

Weltall

Besuch bei engem Astrophysiker

Ee Fuerscherteam huet rezent siwen äerdähnlech Planéiten ëm den Zwerg-Stär Trappist-1 entdeckt: D’Decouverte huet international fir Opmierksamkeet gesuergt. Astronomen hoffen, datt een der Sich no anere Liewewiesen am Weltall doduerch ee klengt Stéck méi no komm ass. Geleet gouf d’Recherche vum belschen Astrophysiker Michaël Gillon.

auto_stories

4 min

Op d'Entdecke vun Exoplanéiten huet de belschen Astrophysiker Michaël Gillon seng Recherche konzentréiert. Dat heescht Planéite baussent eisem Sonnesystem. Zesumme mat engem internationale Fuerscherteam huet de Michaël Gillon rezent eng Decouverte gemaach. An déi huet international fir grouss Opmierksamkeet gesuergt.

An enger Distanz vu bal 40 Liichtjoer vun der Äerd hu si siwen äerdähnlech Planéiten ëm den Zwerg-Stär Trappist-1 entdeckt. Dowéinst huet d’Fuerscherteam sech missten op déi klengste Stären baussent eisem Sonnesystem konzentréieren, erkläert de Michael Gillon: “Wat de Stär méi kleng ass, wat e manner d’Signaler vun der Äerd verdënnt a wat een de Planéit besser erfuersche kann”.

Siwen nei Exoplanéiten entdeckt

Den Zwerg-Stär mam Numm "Trappist-1" huet den Numm net vun ongeféier. D’Decouverte ass mam Spigelteleskop "Trappist" gemaach ginn, deen am Chile situéiert ass a robotertechnesch vu Léck aus gesteiert gëtt. Esou kéinten d’Liichtkraft vu verschiddene Stären analyséiert a Planéiten entdeckt ginn, seet de Michael Gillon. Dem Stär seng Liichtkraaft gëtt nämlech méi schwaach wann ee Planéit sech virun de Stär beweegt. "Dat nennt een Transit. Mir gesinn zwar de Planéit net, mee mir gesinn, datt d'Liichtkraft méi schwaach gëtt. Esou kënne mir Exoplanéiten entdecken ouni se ze gesinn. Am Ganze konnte mir esou siwe Planéiten entdecken".

Fir besser Resultater ze kréien, hunn d’Fuerscher zousätzlech op een Teleskop mam Numm Spitzer vun der NASA zréck gegraff. An der Zesummenaarbecht mat der NASA wieren d'Rolle gutt verdeelt gewiescht, seet de belschen Astrophysiker. "Mir haten eng gewësse Redundanz an de Rolle fir zouverlässeg Interpretatioune vun den Donnéën ze kréien".

Vill oppe Froën

Vun de siwen äerdähnleche Planéiten ass allerdéngs nach net all ze vill gewosst. Bis ewell konnt just eraus fonnt ginn, wéi grouss d’Planéite sinn, wéi eng ongeféier Masse si hunn a wéi wäit si vun hirem Stär ewech sinn. Och wann nach vill Analysë feele géifen, betount de Michael Gillon, datt een elo scho weess, datt et Ähnlechkeeten zu eiser Äerd ginn.

"Well d'Masse an d'Gréisst vun de Planéiten der Äerd gläiche kann ee vun äerdähnleche Planéite schwätzen. Et ass awer net kloer, wéi d'Kompositioune vun den Exoplanéiten an der Äerd sech gläichen. D'Planéite si méi no un hirem Stär dru wéi d'Äerd un der Sonn. Mee well d'Stäre ganz kléng si, strahlen se ganz wéineg Liicht aus. D'Planéite kréien also méi oder manner d'selwecht vill Luucht wéi d'Äerd. Ob se eng Atmosphär hunn, ass net gewosst, mee se kéinten d'Liewensconditiounen erfëllen. Dat heescht Waasser op der Uewerfläch a villäicht ze guer Liewen. Dat ass virun allem fir dräi vun de Planéiten de Fall, déi an der sougenannter "bewunnbarer Zon" sinn."

Weider Fuerschungs-Aarbechte si fir 2018 mat engem risegen infrarout Teleskop vun der NASA geplangt. Et géif ee sech erhoffe fir méi iwwert d’Planéiten erauszefannen, seet de Michael Gillon. Virun allem kéint esou d’Fro gekläert ginn, ob Liewen op anere Plazen am Weltall méiglech ass.

Och wa scho méi wéi 3.000 Exoplanéite fonnt goufen, wieren déi siwe Planéiten baussent eisem Sonnesystem déi éischt, vun deenen d’Astronome genau Analyse kënne maachen. "Et ass déi éischt Geleeënheet fir Liewe baussent der Äerd a ronderëm een anere Stär ze fannen."

D'Sich no Planéite geet weider

Och wann d’Fuerscher elo méi iwwert déi siwen Exoplanéiten wëllen erauszefannen, gëtt och nach no weidere Planéite gesicht. Zil wier et duerch déi aktuell an zukünfteg Technik méi genee Analysen kënnen duerchzeféieren, esou de Fuerscher vun der Uni Léck. De Projet 'Spéculos' géif den Ament am Chile installéiert ginn. Mat enger ganzer Rëtsch Teleskopen géif no den nooste Stäre-Systemer ronderëm déi sougenannt "naines ultra-froides" gesicht ginn. Grond fir de Michaël Gillon fir mat neien Entdeckungen ze rechnen: "All Kéier wa mir ee fanne kënne mir en duerch modern Technologien am Detail analyséieren."