Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blummesom, blo Tënt an en Hologramm, deen aus dem Handy wiisst

100,7-Klassesall

Blummesom, blo Tënt an en Hologramm, deen aus dem Handy wiisst

Et geet weider mam 100,7-Klassesall. Theemen dës Kéier sinn d'Blummesom, blo Tënt an en Hologramm, deen aus dem Handy wiisst. Ausserdeem kréie mir erkläert, wisou de Corona net kuckt, wien hie krank mécht.

auto_stories

2 min

De Corona kuckt net, wien e krank mécht

Den englesche Premierminister Boris Johnson ass krank a läit an der Klinik, well hie sech mam Coronavirus infizéiert huet - wat et dozou nach Wëssenswäertes gëtt, huet de Pierre Reyland eis de Moien erzielt.

Firwat hëlleft Blumesom den Insekten?

Da goufe mir vum Muriel Nossem vum natur musée gewuer, firwat et wichteg ass, datt mir Blumesom ausstreeën, nämlech net nëmmen, well esou eng Blummewiss an der Bléi wonnerschéin ze kucken ass, mee well mir domat den Insekten hëllefen genuch Nektar fannen.

Lauschterenplay_arrow

Firwat ass d'Waasser am Sprangbuer am MUDAM blo?

Am Mudam steet e ganz komesche Sprangbuer - do kënnt kee proppert Waasser eraus, mee et leeft blo Tënt doduerch, an dee Buer gouf net vun de Réimer gebaut, mee vun der Kënschtlerin Tsu Mei Tsé. Dofir ass et och éischter e Konschtwierk, wéi e richtege Sprangbuer.

Lauschterenplay_arrow

Et wiisst en Hologramm aus dem Handy

Wann dir Loscht hutt eppes ze bastelen, awer keng Loscht op Fangere voller Pech an e verschmierte Basteldësch, dann bastelt iech ären eegenen Handy-Hologramm. Op www.science.lu fannt dir e Video, an deem dir nach eemol alles mat Bild erkläert kritt.

Lauschterenplay_arrow

Den Tom begéint an der Geschicht engem komesche Mann an der Unterfürung

D'Geschicht "Ein Hund namens Cassis" geet haut weider mam Tom, dee fir seng Mamm eng Fläsch Cassis an de Buttek siche war, an dann an der Unterfürung engem drolege Mann mat vill Falen am Gesiicht a rouden Hoer begéint.

Lauschterenplay_arrow

Wéi geet et weider an der Geschicht vun der "Cynderella-Gang"?

An um Enn erzielt de Roland Meyer eis, wou mir dru sinn am Roman, deen dir mat him zesumme schreift, a fir dee mir nach en Titel brauchen ... Cynderella-Gang? Als Aarbechtstitel fënnt de Roland dat schonn ok, awer: dir fannt bestëmmt nach eppes Besseres!

All Iddie fir d'Buch ze schreiwen, wéi d'Buch soll heeschen, är Zeechnungen a soss Remarke kënnt dir eis gären op klassesall@100komma7.lu mailen, är Musekswënsch, déi kënnt dir eis iwwer WhatsApp op 621 44 00 44 schécken.