Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Blut wäscht sich nicht aus"

Zäithistoriker

"Blut wäscht sich nicht aus"

Wat wier dat schéin, wa mir eis tatsächlech géifen intresséiere fir dat wat fréier wierklech geschitt ass! Amplaz vun der Geschicht an den Historiker ze erwaarden, datt si eis bestätegen, datt mir oder eis Virfaren, eist Vollek op der Säit vun de Gudde stoungen. Zum Beispill am Zweete Weltkrich.

auto_stories

7 min

Denis Scuto

"Ich weiß nicht, ob das das Richtige ist. Blut wäscht sich nicht wieder aus!" Dat sot den däitschen Amtsbürgermeister vu Wolz Schmitz am September 1942, nodeems 20 Lëtzebuerger vum däitsche Standgericht an e weideren, den Henri Adam, vun engem däitsche Sondergericht zum Doud veruerteelt an exekutéiert gi sinn, well si um Streik géint d'Zwangsrekrutéierung deelgeholl hunn.

De Schmitz gouf dowéinst, a well hien net haart genuch duerchgegraff hat, als Buergermeeschter ofgesat. Mee hie sollt Recht behalen.

Erënnere mir awer fir d'éischt kuerz un d'Evenementer vun August-September 1942: Den 30. August 1942 annoncéiert de Gauleiter Simon am Kader vun engem Generalappell vun der Volksdeutsche Bewegung an der Lampertsbierger Ausstellungshal, datt d'Lëtzebuerger déi däitsch Nationalitéit solle kréien an d'Aféierung vun der Wehrpflicht fir d'Joergäng 1920 bis 1924. D'Resistenzorganisatiounen hate mat dësem Schrëtt schonn zanter Oktober 1941 gerechent. D'Aféierung vum Reichsarbeitsdienst an d'Appeller un de fräiwëllegen Antrëtt an d'Wehrmacht ware méi wéi e béist Omen. D'Evolutioun op der Ostfront huet een och matkrut. Den Appell dräimol mat Lëtzebuerg ze äntwere bei der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober, den éischte Succès vun de Resistenzorganisatiounen, ass schonn an deem Kader ze gesinn.

D'Iddi vun engem Generalstreik kënnt op

Am Süde verdeelen Ufank August 1942 Kommunisten an Alweraje-Resistenzler Trakte mat der ausdrécklecher Warnung: "Kein Luxemburger stirbt für Hitler. Wenn dein starker Arm es will, stehen alle Räder still." De 24. August bréngt de Schoulmeeschter Josy Fellens een zu Bréissel gedréckten Opruff vun der LPL iwwer d'Grenz. Dësen Appell ass nach méi präzis: "Macht Oppositioun, a wann de Gauleiter säi Verbrieche sollt begoen, d'Annexioun oder d'Wehrpflicht proklaméiert, dann äntwert mat dem Generalstreik."

An der interessanter Broschür, déi de Resistenzmusée dëst Joer fir de 75. Anniversaire erausgëtt, kann ee gesinn, dank enger Reproduktioun vum Originaldokument, datt um Trakt en Drockfeeler war. Et stoung do: "dann äntwert mat dem Mai." Mat der Hand huet dat also missen duerchgestrach an duerch Generalstreik ersat ginn.

De Generalstreik fänkt un

Zu Wolz gëtt deem Opruff fir d'éischt gefollegt. Um sechs Auer streiken d'Aarbechter vun der Ideal-Liederfabrick. D'Schoulmeeschteren hunn hir Kanner heemgeschéckt. Geschäfter hunn net opgemaach. Eng spontan Protestmanifestatioun huet sech duerch d'Stroosse vu Wolz gebilt. Wéi e Feier huet de Streik sech vu Stad zu Stad verbreet. Vu Wolz iwwer Ettelbréck an Dikrech an de Süden. Op der Schëfflenger Schmelz ass nomëttes séier e Streikcomité ronderëm de Walzendréier Eugène Biren op d'Bee gesat ginn. Owes um sechs Auer leeë solidaresch 2.000 Leit d'Aarbecht do nidder.

Zu Schëffleng huet de Streik de massiivsten Aspekt ugeholl. Eréischt nom Streik an engem krichsstrategesch wichtege Betrib informéiert de Chef vun der Staatspolizeistellen Trier a vum Einsatzkommando Luxemburg, Fritz Hartmann, d'Reichssicherheitshauptamt zu Berlin a fält d'Decisioun, e Standgericht ze forméieren. Eréischt nom Schëfflenger Streik realiséiert den Hartmann d'ganz Ausmoosse vun der Protestbeweegung, déi e virdrun net iwwerméisseg beonrouegt hat. No engem kuerzen Openthalt zu Wolz am fréien Nomëtteg war hien nämlech erëm a seng Summerresidenz op Simmer zeréckgefuer.

De Protest hëlt deen Dag an déi nächst Deeg déi verschiddenste Formen un: Fonctionnairë schécken hir VdB-Kaart zeréck. D'Bauere schëdden demonstrativ hir Mëllech aus. D'Spéngele mat der Grande-Duchesse Charlotte tauchen erëm op de Kleeder op, wéi zu den Zäiten vum Spéngelskrich. Nach zwee Deeg dono, den 2. September, trieden 156 Aarbechter vun der Déifferdenger Schmelz an de Streik. An et kéint een nach vill aner Beispiller nennen.

Och Schüler a Léierbouwe maache mat

Och d'Lycéeë bleiwen net vum Streik verschount. Schüler a Schülerinnen zu Esch, an der Stad, zu Dikrech an zu Iechternach verloossen hir Schoul. 40 Léierbouwen op Arbed-Belval refuséieren zwee Deeg hannerteneen, den 2. an 3. September, den Hitler-Gruß bei der Fändelhissung ze maachen. Wéi déi zwee lescht Iwwerliewend Zäitzeie vun där Aktioun, de Jemp Eschenauer an de Fränz Cronauer, mir erzielt hunn, war hir Motivatioun, och "eppes ze maachen". Wéi d'Lycéesschüler a -Schülerinnen déi Deeg virdrun ze weisen, datt si weder däitsch wollte ginn, nach fir den Hitler kämpfen. Hire Protest hunn d'Léierbouwen no bausse kloer net a Form vun Aarbechtsnidderleung, mee vum Refus vum Hitlergruss ausgedréckt. De Courage war dee selwechten. A wéi d'Schüler a Schülerinne goufen si verhaft an an däitsch Umerziehungslager geschleeft, op Ruwer, op Stahleck, op Adenau an Altenahr.

D'Standgeriicht uerteelt iwwer Streik- a Protestbeweegungen an net manner wéi 16 Uertschaften, déi verfollegt Persoune kommen am Ganzen aus 22 Uertschaften. Wéi schonn erwäänt goufen 21 Mënschen zum Doud veruerteelt. Den Adam gouf gekäppt zu Köln-Klingelpütz, déi aner 20 am Bësch beim SS-Sonderlager Hinzert erschoss. Weider 150 ginn am September 1942 zu Hinzert internéiert. Honnerte Famille ginn an den Osten ëmgesidelt.

Ëmsou méi iwwerraschend ass et, datt dee Streik als "Generalstreik" zwar eng zentral Plaz an der Commemoratioun vum Krich huet, mee datt net ee Buch dësen impressionnante Resistenzakt vun Dausende Bierger a Biergerinnen am Detail behandelt. Déi detailléiertste Beschreiwung vum Streik fanne mir an engem Wierk, dat de Streik awer net am Titel ernimmt: "Vom Halbmond zum Ziegenkopf. Die Geschichte der Luxemburger Häftlinge in Lublin", vum André Hohengarten. Déi éischt Honnert Säite beschreiwen d'Virgeschicht, den Oflaf an d'Repressioun vum Streik, iert den Auteur op d'Schicksal vun deenen Häftlingen ageet, déi nom Streik op Hinzert an dono an d'Lager Birkenhof zu Dabrowica bei Lublin deportéiert goufen.

"L'histoire de la Résistance reste à faire"

An der Broschür vum Resistenzmusée verlaangt de Georges Büchler dofir a senger Aleedung a chronologescher Aféierung zum Streik e Retour zu de Quellen. Zu Recht. 25 Joer nodeem d'Historiker Guillon a Laborie a Frankräich a fir Frankräich e "retour à l'histoire, c'est-à-dire au document" gefuerdert hate mam Constat: "L'histoire de la Résistance reste à faire". Mam Zil, d'Resistenz net nëmmen ze commemoréieren, mee historesch ze kontextualiséieren, ze interpretéieren, ze verstoen.

"Blutt wäscht sech net erëm aus." Den Amtsbuergermeeschter vu Wolz hat de Streik op seng Aart a Weis historesch kontextualiséiert. A verstanen, datt een duerch d'bluddeg Repressioun zur grousser Rupture an der Besatzungszäit géif ginn. Et gëtt ee Virun an een No dem Streik.

Wéi de Vincent Artuso a senger Dokterthees gewisen huet, war eng Majoritéit vu Lëtzebuerger, soulaang wéi d'Drëtt Räich als de wahrscheinleche Gewënner ausgesinn huet, zwar net bereet sech Nazidäitschland unzeschléissen, mee, ënner der Konditioun, datt Lëtzebuerg eng Zort Onofhängegkeet géif behalen, zu enger Upassung un déi nei Verhältnisser prett.

Waren net bis Oktober 1941 ongeféier 80.000 Lëtzebuerger an d'Volksdeutsche Bewegung agetrueden? Déi éischt Zéngdausend fräiwëlleg, déi dono meeschtens net fräiwëlleg, mee kräfteg ënner Drock gesat, dem Wonsch vun de Behörden noginn. Aus "Konjunkturgründen", wéi d'Besatzer selwer notéiert hunn. Mee trotzdeem ... Verschidden Trakte vun de Resistenzorganisatioune verroden eng gewëssen Ongedold, wéi dësen, deen am Juli-August 1941 vu Resistenzler an der Escher Ëmgéigend verbreet gouf. En erënnert un d'Haltung vun der Populatioun vun anere besate Länner:

"Belgien, Holland, Norwegen

Alles schléit op den Tyrann

Wat ma mir? Net genuch

Dofir erwecht: schlot iech mat!"

Am Februar 1941 haten zu Amsterdam an an aneren hollännesche Stied d'Aarbechter géint d'Deportatioun vun de Judde gestreikt. D'belsch Aarbechter haten den 10. Mee 1941, Joresdag vum däitschen Amarsch, als Datum fir e Streik géint d'Hongersnout an déi onmënschlech Loun- an Aarbechtsbedingunge gewielt. Dat selwecht geschitt de 7. Abrëll 1941, Joresdag vun der Besatzung, an Norwegen.

Tendenz dréit a Richtung aktiv Resistenz

Eréischt ab Oktober 1941, wou déi éischt Lëtzebuerger gemustert gi fir den Arbeitsdienst an d'däitsch Arméi viru Moskau steet, ginn der ëmmer méi op Distanz zur VdB. Mat der Aféierung vun der Wehrpflicht a mam Streik, mee och mat der progressiver Verschlechterung vun de Liewens- an Aarbechtsbedingunge basculéiert d'Majoritéit vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung an den Dissens, an d'Oppositioun zum Nazi-Okkupant, well een de verstoppte Jonge muss hëllefen, an d'aktiv Resistenz.

Mir kënne weider all Joer just de Joresdag vun engem Streik, deen d'Geschicht vu Lëtzebuerg entscheedend gepräägt huet, commemoréieren. Oder awer decidéieren, zeréck bei d'Geschicht ze goen, dat heescht zu de Quellen, zum Bewosstsinn vun enger komplexer Entwécklung an zu enger kritescher Approche. Ech mengen dat géif all deene Mënschen, deene wéinegen déi méi fréi an deene villen, déi méi spéit resistéiert hunn, dat heescht Nee gesot hunn zur Occupatioun an zum Nazismus an dat duerch Aktiounen ausgedréckt hunn, et géif der Komplexitéit vun hirer Transgressioun an Transformatioun méi gerecht ginn, wéi hir ahistoresch Ofstempelung zu Helden a Märtyrer am Kampf tëscht Gutt a Béis.