Radioen

On air

Tockcity  |  bdrmm - Be Careful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Boulevard BD

Rentrée beim 100,7

Boulevard BD

Eng Emissioun iwwer d'Bande Dessinée? Dat geet, fënnt de Marc Angel. BD, dat ass nämlech vill méi wéi d'Mickey-Mouse Hefter, déi een aus der Kandheet kennt.

auto_stories

2 min

Ëmmer dënschtes stellt de Marc Angel Comicfiguren an hir Auteure fir

Ass d'BD zu Lëtzebuerg mëttlerweil als Disziplin unerkannt?

Marc Angel: D'Bande Dessinée schéngt ëmmer méi Leit, och hei zu Lëtzebuerg, z'interesséieren, jiddefalls gëtt et haut praktesch an all Bicherbuttek e méi oder manner grousse BD-Rayon, an deem sech haaptsächlech Erwuessener ëmkucken. Mä d'BD huet nach ëmmer e relativ schwéiere Stand, well déi eng dobäi just un déi bëlleg Micky Maus-Hefter aus hirer Kandheet denken, an déi aner sech net genuch auskennen, fir sech kënnen eng Meenung ze maachen.

Kann ee vu BD-Zeechnunge liewen?

M.A.: BD-Zeechner si Kënschtler, an dat bedeit, datt déi wéinegst vun hirer Aktivitéit alleng kënne liewen. Dat ass och am Ausland esou. Entweder et huet een dernieft nach e fest Akommes oder et ass een op Optragsaarbechten ugewisen, déi net onbedéngt mat deem ze dinn hunn, wat een am Léifste mécht.

Dir sidd selwer Grafiker an Illustrator: Äert lescht Wierk, "De Jas", riicht sech éischter un en erwuessene Publikum. Firwat?

M.A.: "De Jas" ass eng Aarbecht, déi ech zesumme mam Zeenarist Jean-Louis Schlesser op eege Fauscht realiséiert hunn. Dofir gouf et hei keng Contrainten, ausser där, eng spannend Geschicht op eng usprochsvoll Manéier ëmzesetzen. D'Form vun der Graphic Novel, déi sech dacks un en erwuessenen, avertéierte Publikum riicht, huet sech aus der düsterer Atmosphär an der Thematik erginn.

Wéi erkläert sech de Mega-Long-Bestseller Tintin?

M.A.: Eng einfach Erklärung gëtt et wahrscheinlech net. Fir mech ass dat esou eppes, wéi d'Filmer vum Hitchcock oder d'Musek vun de Beatles: populär a kommerziell genuch, fir ee ganz breede Publikum unzespriechen an zugläich vun excellenter kënschtlerescher an handwierklecher Qualitéit. Mä do gëtt et bestëmmt nach aner Facteuren. Ech wäert a menger Serie probéieren, deem Phänomen op d'Spur ze kommen.

Wat haalt Dir vu Cosplay?

M.A.: Sou Trends kommen a verschwannen erëm, mee et ass sécher e Kompliment fir all Créateur vu Personnagen, wann déi dem Publikum Loscht maachen, si an hire Look z'imitéieren.


Ëmmer dënschdes um 11:10 gidd Dir méi iwwer d'Welt vun der Bande Dessinnée gewuer.

Presentatioun vum Programm