Radioen

On air

De Moien  |  The Drums - Blood Under My Belt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit - Cui bono?

Prisma

Brexit - Cui bono?

Am leschte Prisma huet den Thomas Koenig sech d'Fro gestallt, op de Boris Johnson säi Machiavelli gutt gelies hätt a propper ëmsetze géif. Mee den Boris Johnson ass just een Acteur vu villen. Wat géif passéieren, wann een e bëssen Recul hellt, an d'Situatioun als Ganzt betruecht? Den Thomas Koenig huet sech gefrot, wat de Machiavelli wuel zu der ganzer Situatioun ze soen hätt.

auto_stories

6 min

Déi lescht Woch hat ech mir d'Fro gestallt, op de Boris Johnson dem Machiavelli seng Prinzipie gutt ëmgesat hätt.

De Problem ass, datt dem Machiavelli säin Text "Il principe" schonn iwwer 500 Joer al ass. Den Text ass zwar voller Beispiller, mee déi sinn all aus enger Zäit, wou d'Konzept vum Staat, wéi mir en haut hunn, am Fong eréischt elaboréiert gouf. An den Nationalstaat, deen d'Politik an Europa an deene leschte Joerhonnerte gepräägt huet, war och nach net erfonnt. Dofir ass et schwéier fir einfach emol pauschal mat jo oder nee ze äntweren.

Mee amplaz onbedéngt eng theoretesch Äntwert wëllen ze erzwéngen, kann een de Spiiss och emol ëmdréien, a sech net d'Fro stellen, wien e gudde Machiavellianer ass, mee éischter, wéi de Machiavelli d'Situatioun bewäerte géif.

The more it changes, the more it stays the same?

D'Fro vum Brexit ass jo am Fong doduerch konkret ginn, datt den David Cameron 2013 e Referendum versprach huet, an der Hoffnung, sech un der Muecht ze halen. An et huet jo och fonctionnéiert, hien ass 2015 erëmgewielt ginn, an d'Konsequenze kenne mer. Et kann ee sech och froen, op dat am Endeffekt wierklech als Victoire gëllt, oder op hien net besser gehat hätt, net mam Feier ze spillen.

Gëtt et eng gutt Léisung zu der Brexit-Fro? Et gëtt der jo wuel vill, mee et gëtt keng, vun där ee wierklech behaapte kéint, datt se eendeiteg gutt wier. De Brexit elo ofzesoen, géif a Groussbritannie wuel fir Onroue suergen. An am Fall vun enger Trennung mat Deal kann ee sech froen, op dee ganzen Opwand et wierklech derwäert war. An eng Trennung ouni Deal wäert och fir Onrouen a Groussbritannie suergen. Wéi dat Ganzt konkret géif ausgesinn, dat géife mir dann den haarde Wee erausfannen.

Op alle Fall hu mir eng komplizéiert Situatioun, an där et vill Parteie ginn, déi divergéierend Interessen hunn, an et gesäit net aus, wéi wann et eng géif ginn, déi sech dauerhaft kéint duerchsetzen, weder doduerch, datt se déi besser Argumenter hätt, nach, datt se d'Wieler all hannert sech kéint zéien.

E bësse wéi Italien zur Zäit, an där de Machiavelli geschriwwen huet.

E pluribus Unum?

A fir de Machiavelli ass et d'Zil vun engem gudden Herrscher, net just un d'Muecht ze kommen, mee se och ze halen, an dat, andeem hien d'Vollek hannert sech bréngt, vum Vollek respektéiert oder esouguer vläicht liicht gefaart gëtt a fir eng gewësse Stabilitéit a sengem Räich suergt.

An ech woen emol ze behaapten, datt, egal wéi et ausgeet, dat net a Groussbritannie wäert de Fall sinn. Passéiert de Brexit, wäerten a Schottland oder Irland wahrscheinlech déi independentesch Tendenze méi staark ginn, well déi Länner an der EU bleiwe wëllen. Passéiert de Brexit net, dann hunn d'Leavers och net d'Geleeënheet, beweisen ze kënnen, datt all hir Behaaptunge weder Ligen nach Iwwerdreiwunge waren, an doduerch kënne se sech da weider als Affer vum System duerstellen, an domat in fine fir Onrou an der Gesellschaft suergen. Wann een ni beweise muss, datt ee Recht huet, da kann ee jo och de Virworf, datt een Onrecht hätt, einfach ouni Weideres vu sech weisen. E komplexe Problem brauch jo meeschtens eng komplex Léisung. Mee wann et engem net dorëm geet, e Problem wei d'Fro vum Brexit ze reegelen, mee seng Muecht ze festegen, dann huet een natierlech ganz aner Optiounen, déi engem opstinn.

Mee et muss ee jo scho wierklech e verduerwene Mënsch sinn, fir verstoppte Motiver an den Handlunge vun anere Leit ze gesinn. Oder ze vill Machiavelli gelies hunn, dat kann och sinn. Op alle Fall, an hei erlaben ech mir, d'Devise vum briteschen Order of the Garter ze zitéieren: honi soit, qui mal y pense!

Wenn zwei sich streiten ...

Mee wiem bréngt esou eng Situatioun dann eppes? Kuerzfristeg vläicht dem David Cameron oder der Theresa May oder dem Boris Johnson. An e puer honnert Joer stinn hir Nimm wahrscheinlech nach an de Geschichtsbicher. Gutt geschafft! Mee wat keeft ee sech dovun, wann een dout ass? Net vill!

Nee, mee wien huet Interêt dorun, datt d'EU hir Membere verléiert, respektiv datt d'Vereenegt Kinnekräich sech isoléiert? Na? Jo, sou zimlech all anere Global player!

Fir d'USA, China, oder Russland ass eng geschwächten EU am Fong eng gutt Situatioun, well mir da manner konkurrenzfäeg sinn. A falls sech an all Land erëm déi nationalistesch-identitär Gruppéierunge sollten duerchsetzen, dann hu mir gutt geschafft. Da si mir keng Konkurrenz méi. Schlëmmstefalls kënnt et dann erëm zu enger Situatioun wéi se 1648 war, dat heescht, mir hunn Honnerte vu klenge Staaten, déi sech reegelméisseg bekrichen. D'Pax Romana kann ee gären als en Idealzoustand ugesinn, wou e puer honnert Joer Fridden hei geherrscht hunn. Et gëtt jo och scho Leit, déi vun enger Pax Europeana schwätzen. Mee ouni EU keng Pax Europeana ... an ouni Fridde kee Wuelstand.

Atomisatioun vun der Gesellschaft

De Fait, datt Gesellschafte sou gespléckt sinn, wéi se et haut sinn, mécht se natierlech och méi ufälleg fir Manipulatioune vu baussen. An datt mir manipuléiert ginn, dat ass hoffentlech all Mënsch mëttlerweil kloer. Dat ass leider keng domm Konspiratiouns-Theorie, mee d'Fakte schwätze fir sech.

A wa jiddweree jiddwereen uklot, ze manipuléieren, dann ass fir Chaos gesuergt, an dat ass dann och erëm e Bonus fir konkurréierend Länner. Wa mir Europäer domat beschäftegt sinn, eis géigesäiteg ze zerstreiden, dann hu mir manner Energie, fir zesumme géint anerer ze streiden.

Gutt, wat ass dann déi besser Léisung fir d'Fro vum Brexit? Wahrscheinlech gëtt et keng besser Léisung, a vläicht gëtt et och keng gutt Léisung méi.

Oder, op alle Fall, keng Léisung, déi gutt fir d'EU wier. Et gi genuch Leit, déi vum Brexit profitéieren, an et gëtt och genuch Länner, déi laangfristeg dorunner gewanne wäerten. Op et sech dobäi awer ëm déi handelt, déi direkt betraff sinn, dat ass eng aner Fro.

Sécher, beweise léisst sech näischt, et kann ee just d'Fakten an d'Indizie sammelen, an dann ass Villes och eng Fro dovun, wéi zynesch een dat ganzt Spill betruechte wëllt.

A wann een et aus der Perspektiv vum Machiavelli kuckt, wann ee sech also op d'Fro vun der Muecht konzentréiert, da stelle sech op emol ganz aner Froen, wéi déi, op de Brexit besser mat oder ouni Deal iwwer d'Bühn lafe soll.

D'Fro vun der Muecht

Politik kann een als de Versuch gesinn, dee Mënschen ënnerhuelen, fir hiert Zesummeliewen ze reegelen. Et kann ee se awer och esou gesinn, datt et net ëm en Zesummeliewe geet, mee em Dominatioun. A leider schléissen déi zwou Perspektive sech net onbedéngt aus. Verschidde Politiker sinn un der Muecht interesséiert, anerer dorun, d'Zesummeliewen ze reegelen. Mee dofir brauche si och Muecht. An net all Mënsch verfollegt säi Liewe laang ëmmer déi selwecht Ziler, wat eng genee Interpretatioun vun de Fakten dann och vill méi schwéier mécht, wéi wann een elo zum Beispill Logik oder Mathé géif bedreiwen. Anscheinend soll et och Mënsche ginn, déi léien oder onéierlech sinn, oder egoistesch. Tjo, wat maache mir dann elo? Vertraue mir eis géigesäiteg, oder solle mir op eisen internen Zyniker lauschteren?

Op alle Fall werft déi ganz Problematik vum Brexit net just konkret Froen um Terrain op, mee och op engem philosopheschen Niveau zwéngt se eis, eis e puer méi fundamental Froen ze stellen, déi mer dann d'nächst Woch wäerten an Ugrëff huelen.