Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Burn-Out: Eng Beruffskrankheet?

Gesondheet

Burn-Out: Eng Beruffskrankheet?

Ëmmer méi Mënsche leiden ënnert engem sougenannte Burnout. Dofir fuerdert d'Gewerkschaft vun de Banken- an Assurancen-Employéeën ALEBA datt de Syndrom als Beruffskrankheet unerkannt gëtt. Ass dat berechtegt? Doriwwer ginn d'Meenungen auserneen.

auto_stories

3 min

© Bigstock / Hvostik

Datt de Burnout zu Lëtzebuerg e Problem ass, gouf 2015 duerch eng Etude vun der Uni Lëtzebuerg däitlech. D'Etude gouf an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Salariés realiséiert. 16 Prozent vun de befrote Salariéen haten uginn, si géingen ënner Burnout leiden. Deësen Zoustand hätt eescht gesondheetlech Konsequenzen, esou den Dr. Carlo Steffes vum Ministère de la Santé. D'Leit déi am Burnout wieren, hätten ze laang an ze vill ënner Stress geschafft. Dat géing zu enger psychescher, physescher a mentaler Middegkeet féieren, preziséiert den Dr. Carlo Steffes. "Déi ganz Struktur vum Concernéierten ännert sech."

Déi kierperlech Symptomer vum Burnout wiere permanent Middegkeet, Schlofstéierungen an eng méi grouss Ufällegkeet fir Infektiounen, erkläert den Dr. Carlo Streffes. Déi psychesch Symptomer wieren Depressiounen an eng emotional Gläichgëltegkeet. An deem Fall géing de Concernéierten zwar nach esou wäit fonctionnéieren datt e kéint seng Aarbecht maachen. E géing awer näischt méi dobäi fillen.

Agräifen éier et ze spéit ass

Dat beschte Mëttel fir géint de Burnout virzegoen, wier d'Preventioun. Dat geet aus der Etude vun der Uni Lëtzebuerg ervir: A Betriber, an deene keng Präventioun gemaach gëtt, ginn et duebel sou vill Burnout-Fäll, wéi bei Entreprisë mat enger regelméisseger Präventioun.

Fir géint d'Ursaache vum Burnout virzegoen, misst et awer besser gesetzlech Regele ginn, esou den Dr. Carlo Steffes. "Eng gesetzlech Regelung géing verhënneren, datt eng grouss Partie vu Leit iwwerhaapt an de Burnout falen."

Och fir Dr.Patrizia Thiry, Generaldirektesch vun der Association pour la santé au travail du Secteur financier (ASTF), ass d'Preventioun e wichtege Fakteur. "Mai Wonsch ass, datt d'Leit gehollef kréien, éier se kollabéieren." D'Doktesch géing et begréissen, wann d'Entreprisë mat op dëse Wee géinge goen.

Beruffskrankheet oder net?

D'Fro ob de Burnout soll als Beruffskrankheet unerkannt ginn, wier awer net ganz einfach, esou d'Dr. Patrizia Thiry. Dat géing virun allem doru leien, datt et schwéier wier d'Symptomer vum Burnout kloer ze definéieren. "D'Diagnos ass heikel." De Burnout wier zwar an der Medezin bekannt, et wieren awer keng Identifikatiouns-Critèrë festgesat. E weidere Problem wier, datt d'Ursaache vum Burnout net gekläert wieren.

"Et ass keng Beruffskrankheet", mengt de Nicholas Henckes, Generalsekretär der Unioun vun den lëtzebuergeschen Entreprisen (U.E.L.) D'Ursaache vum Burnout wieren net am Beruffsliewen ze fannen, mee am Privatliewen. "Déi Problemer kommen nëmmen op d'Aarbechtsplaz well d'Leit vill Zäit op der Aarbecht verbréngen", esou den Nicolas Henckes.

Bei der Chambre des Salariés gesäit een dat ganz anescht. D'Haaptgrënn fir e Burnout wiere schlecht Konditiounen op der Aarbecht, esou den Directeur adjoint Sylvain Hoffmann. Hie kritiséiert, a Saache Preventioun géing net genuch gemaach ginn. "Et muss een d'Preventioun am Betrib maachen, fir z'evitéieren datt et zum Burnout kënnt." Dofir soll Burnout op d’Lëscht vun de Beruffskrankheeten opgeholl ginn, fënnt de Sylvain Hoffmann.

Kee Gesetzesprojet geplangt

Et ginn zu Lëtzebuerg zwee Weeër fir eng Beruffskrankheet unerkennen ze loossen. Op enger Lëscht sinn 62 Beruffskrankheete vermierkt. Et gëtt doriwwer eraus d'Méiglechkeet, eng Krankheet individuell unerkennen ze loossen. Dofir muss nogewise ginn, datt de Malaise mat der Aarbecht zesummenhänkt. Iwwert dëse Wee gouf de Burnout zu Lëtzebuerg nëmmen an engem Fall als Beruffskrankheet unerkannt.

Den Ament gëtt et kee konkrete Projet fir de Burnout offiziell als Krankheet unerkennen ze loossen. 2011 an 2015 goufen zwou parlamentaresch Froen zum Thema negativ beäntwert.