Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Kockelscheuer

Lëtzebuerg entdecken

Camping Kockelscheuer

D'Kockelscheier ass haaptsächlech duerch déi grouss Äispist, déi sëllech Keelebunnen, Tennis- a Squash-Anlagen, an den neien Trainings- a Golfschnupper-Zenter e Begrëff. De Camping, deen tëschent all dësen Anlagen läit, ass hei am Land manner bekannt, mee gëtt vu villen auslännesche Camper héich appreciéiert. De Claude Faber huet sech fir d'Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" mat der Margo Struik, der aktueller Gerante vum Camping Kockelscheier, ënnerhalen.

auto_stories

1 min

D'Rezeptioun um Camping Kockelscheier leeft Dag fir Dag op Héichtouren. Zwee Studente ginn hiert Bescht, fir keng grouss Waardezäiten entstoen ze loossen. De Camping Kockelscheier ass nämlech wäit iwwer d'Landesgrenzen als Duerchgangs-Camping bekannt. D'Margo Struik ass sech bewosst, datt esou een Duerchgangsverkéier vill Aarbecht bedeit. Dobäi ass de Camping à la base ee Gemenge-Camping.

Zanter Abrëll dëst Joer schafft d'Margo fest um Camping Kockelscheier, an, zesummen mat just zwee weidere feste Mataarbechter a mat e puer Saisons-Studenten, hale si de Betrib zesummen um Rullen. Well d'Margo scho Jore virdrun selwer op d'Kockelscheier campéiere koum, kennt si d'Virdeeler, mee och d'Naupe vum Site, an et feelt deemno och net un Iddien, dem Camping eventuell nach eng aner Nues ze ginn, wéi "nëmmen" déi vun engem top Duerchgangs-Camping.

Een neien Fussball-Stadion, an deem an Zukunft net nëmmen international Matcher, mee eventuell och grouss Concerte gespillt ginn, dat kann natierlech d'ganz Joer iwwer ee grousst Potential fir de Camping Kockelscheier ginn. Wat dat kéint bedeiten, huet d'Equipe ronderëm d'Margo Struik schonn dëse Weekend gemierkt, wéi Rammstein mat 18.000 Spectateuren zu Réiser opgetrueden ass.