Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Cet étrange nazi qui sauva mon père"

ZäithistorikerIn

"Cet étrange nazi qui sauva mon père"

A sengem leschte Buch "Cet étrange nazi qui sauva mon père", versicht de François Heisbourg d'Geschicht vum Freiherr Franz von Hoiningen-Hühne ze ergrënnen. Deen antisemiteschen, däitschen Offizéier huet während dem Krich Honnerte vu Judden d'Liewe gerett. Mee obwuel hie bal en halleft Joerhonnert laang zu Lëtzebuerg gelieft huet a mat enger Lëtzebuergerin bestuet war, huet hie bal keng Spueren an den Archive vum Grand-Duché hannerlooss.

auto_stories

6 min

Den Historiker Vincent Artuso. Foto: Archiv.

De François Heisbourg huet e beandrockende Curriculum. De Geopolitolog gouf an de franséischen Elitte-Schoule Sciences Po an ENA forméiert. Hien ass haut Conseiller bei der Fondation pour la recherche stratégique, engem Think Tank, deen déi franséisch Regierung an aussepoliteschen a Verdeedegungs-Froe beréit. Dem breeden, franséischsproochege Publikum huet hie sech och duerch seng reegelméisseg Participatioun un Informatiouns- an Debattesendungen um Radio an um Fernseh kënneg gemaach.

Zu Lëtzebuerg ass de franséischen Fuerscher och ënner dem Numm François Heis-Buerg bekannt. Hien ass de Jong vum Georges Heisbourg, dem fréieren Ambassadeur vum Grand-Duché zu Washington, Paräis, Moskau oder Bonn. Virun dëser diplomatescher Carrière war dem François Heisbourg säi Papp awer och e Jugendlechen, deen d'Annexioun vu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland refuséiert huet. Hien huet dowéinst säi Land verlooss an huet sech an der Résistance engagéiert.

E polymorpht Wierk

Déi Episod erzielt de François Heisbourg elo an engem Buch: "Cet étrange nazi qui sauva mon père". Et ass e polymorpht Wierk. Zum engen ass et d'Buch vun engem Fransous, deen iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg schreift. De Problem ass, datt deelweis peinlech Feeler dra stinn, zum Beispill wann den Auteur behaapt, datt d'Personenstandaufnahme an der selwechter Sequenz stattfonnt huet, wéi d'Zerstéierung vun der Gëlle Fra, dat heescht am Oktober 1940.

Den Avantage ass anerersäits, datt den Heisbourg, dank senger dualer Kultur, en originale Bléck op d'Lëtzebuerger Gesellschaft werft, zugläich distanzéiert an intim. Säi Buch ass nämlech och eng Lëtzebuerger Familljegeschicht. Iwwer de Milieu vu sengem Papp schreift hien:

"Mon père [...] était un rejeton assez typique de la petite bourgeoisie commerçante de la ville de Luxembourg, peu sujette aux influences marxisantes ou libérales du bassin minier et sidérurgique près de la frontière de la France, porteuse de désordre intellectuel et social aux yeux du "Luxembourg profond". [...] Réactionnaire, il l'était mais démocrate aussi et il affichera donc ses sentiments pro-Alliés pendant la drôle de guerre."

Dee Papp, deen d'Nazien haasst, wäert awer dank engem vun hinnen d'Méiglechkeet kréien, sech am onbesate Frankräich ze etabléieren. Deen "étrange nazi", wéi en am Titel genannt gëtt, war de Freiherr Franz von Hoiningen-Hühne, Chef vun der däitscher Passierscheinstelle am besate Lëtzebuerg. An engem totalitäre System, an deem d'Notioun vu Beweegungsfräiheet kee Sënn hat, war dat eng extrem wichteg Positioun.

Dem Hoiningen-Hühne huet se net nëmmen erlaabt dem François Heisbourg sengem Papp d'Flucht ze erlaben, mee och Honnerte vu Judden, déi deemools an der Fal souzen. Dat gëtt dem Buch eng weider, apologetesch Dimensioun. Et geet dem Auteur och drëm, e Gerechten ze éieren, deem säin Numm am Maelström vun der Geschicht verschlonge gouf.

D'Abenteuer vum Freiherr von Hoiningen-Hühne

An da gëtt et schlussendlech dee romanesken Aspekt an der Biografie vum Freiherr. De Franz von Hoiningen-Hühne huet aus engem alen, däitsch-balteschen Adelsgeschlecht gestaamt. Hie selwer war am Reichsland Elsass-Lothringen op d'Welt komm. Säi Papp hat e Weingut ausserhalb vu Metz. Nom Éischte Weltkrich huet deen Zweig vun der Famill alles verluer. De Franz ass awer schlussendlech gutt ewechkomm. 1922 gouf seng Hochzäit mat der Mia de la Fontaine gefeiert. Domadder huet hie sech an eng vun den aflossräichste Lëtzebuerger Famillen abestuet.

Den äerzkonservativen, ultranationalisteschen an antisemitesche Freiherr, deen an de Joren direkt nom Krich an engem Freikorps weidergekämpft huet, huet d'Machtergreifung vun de Nazie mat Wuelgefale betruecht. Hie selwer ass der NSDAP bäigetrueden. Seng Fra gouf Tresorière vun der Landesgruppe Luxemburg. Am Ufank vum Zweete Weltkrich huet hie sech fräiwëlleg an d'Wehrmacht gemellt. Kuerz no der Invasioun gouf hien un d'Spëtzt vun der Passierscheinstelle Luxemburg gesat.

Mee schonn um Zäitpunkt vum gréissten Triumph fir dat Drëtt Räich huet säi Glawen um Führer nogelooss. De Besatzungsregime a senger Wahlheemecht huet hien net approuvéiert. Am Dezember 1941 huet hie sech, an engem Gespréich mat engem aneren Offizéier, iwwer dem Hitler seng Qualitéiten als Feldherr lëschteg gemaach an erkläert, datt Däitschland de Krich géif verléieren. Dat war onvirsiichteg. Hie gouf denoncéiert an am Abrëll 1943 wéinst Wehrkraftzersetzung zu zwee Joer Prisong condamnéiert.

Et ass him méintlaang gelongen, de Moment vu senger Inhaftéierung ze verzögeren. Mee nom Attentat géint den Hitler, am Juli 1944, ass d'Gefor ëmmer méi palpabel ginn. De Freiherr huet vill vun de Verschwörer perséinlech kannt. An der Nuecht vum 9. September 1944 huet hie Berlin heemlech verlooss. Eng Woch méi spéit huet de 57-Järegen d'Lëtzebuerger Ufer vun der Musel erreecht, huet sech hanner d'amerikanesch Positioune geschlach an ass einfach heem gaangen, op de Lampertsbierg.

Dat onergrëndlecht, Lëtzebuerger Schweigen

Wat soen déi Ereegnesser voller Tournuren iwwer de Freiherr aus? Wat erkläert, datt aus deem Nazi en Opponent gouf? Wat ware seng Motivatiounen, wéi hien souvill Leit gehollef huet, Lëtzebuerg ze verloossen - an deene meeschte domadder d'Liewe gerett huet? De François Heisbourg versicht dat erauszefannen, mee iergendwéi entwëscht den Hühne him ëmmer. All nei, villverspriechend Pist endegt an enger Sakgaass.

Grad déi Limitt mécht d'Buch awer interessant. Et gëtt eigentlech nom Freiherr sengen Abenteuer, nom Georges Heisbourg senger Flucht, nach en drëtten, wann net eigentleche Sujet: d'Schweigen. D'Schweige vum Hühne senge Nokommen, fir d'éischt, déi sech weigere mam François Heisbourg ze schwätzen. An dann natierlech, dat grousst, onergrëndlecht Lëtzebuerger Schweigen. Eis Omertà-Kultur.

"Si l'on s'en tient aux archives luxembourgeoises actuellement accessibles, on peut arriver à la conclusion que Franz von Hoiningen [...] a vécu un demi-siècle au Luxembourg sans y laisser d'autres traces documentaires grand-ducales que les données d'état civil, quelques échanges avec le fisc et le registre du cimetière où il est enterré", schreift de François Heisbourg an ergänzt: "Le Luxembourg officiel continue apparemment de vivre sa version du passé qui ne passe pas, pour reprendre la formule qu'appliquait Henry Rousso à la France de Vichy il y a déjà quelques dizaines d'années."

An der Conclusioun vum zweeten Deel vu sengem Buch gëtt seng Kritik méi präzis:

"Le problème, c'est que le travail de mémoire est une œuvre collective réalisée par des individus. Les individus sont au rendez-vous mais pas toujours le collectif: Le Luxembourg n'a pas eu de loi sur les archives au sens plein du terme jusqu'en août 2018. L'accès est très en deçà des standards européens. Les services de l'État n'ont, par ailleurs, pas vraiment créé l'équivalent des commissions française, néerlandaise ou suisse, qui ont fourni un cadre d'ensemble à la recherche soit sur la dernière guerre mondiale dans son ensemble, soit sur la Shoah."

D'Banalitéit vum Gudden

Wat begrënnt dat Schweigen: Scholdgefiller, schlecht Gewëssen? Wouhier, den Hühne war kee Fanatiker an huet ville Leit d'Liewe gerett. Nee, et ass wahrscheinlech éischter de Wëlle vun engem Mikrokosmos, d'Erzielung vun der Geschicht ze kontrolléieren. An déi Narratioun soll méiglechst simpel, manichäesch an edifiant sinn. Viru Jore wier et komplizéiert gewiescht ze erklären, wisou d'Repräsentantin vun enger wichteger Lëtzebuerger Famill, virun, während an nom Krich mat engem Nazi bestuet war. A selwer en Amt an der Lëtzebuerger Landesgruppe vun der NSDAP ausgeüübt huet.

Haut ass et komplizéiert ze erzielen, datt eng selwecht Persoun d'nationalsozialistesch Revolutioun an dono de Putsch géint den Hitler ënnerstëtzt huet; datt en iwwerzeegten Antisemit, matten am Krich, Honnerte Judde gehollef huet; datt en Individuum ouni besonneschen Helde-Profil der SS konnt entwëschen. Schlussendlech fënnt de François Heisbourg en Auswee, andeems hie fir hien dat berühmte Konzept vun der Hannah Arendt ëmdréit an am Schicksal vum onfaassbare Freiherr d'Existenz vun enger "Banalité du Bien" erkennt.