Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Originne vu Chrëschtdag

Prisma

D'Originne vu Chrëschtdag

Ass et méiglech iwwer Chrëschtdag ze philosophéieren, oder muss een dat den Theologen iwwerloossen? De Gilles Retter probéiert iwwer d'Originne vun dësem chrëschtleche Feierdag och erauszefannen, wat een haut nach mat der Iddi ufänke kann, onofhängeg dovunner, ob een dat elo als reliéis Fest ugesäit oder net. Ënner anerem mat e puer mëttelalterleche Philosophe soll gekuckt ginn, wat Chrëschtdag duergestallt huet a vläicht och haut nach duerstellt. Hei ass Chrëschtdag keen historesche Gebuertsdag vun engem Gott/Mënsch an engem fiktive Joer 0, mee e Symbol fir eng Definitioun vum Mënsch als fräie Mënsch.

auto_stories

9 min

Chrëschtdag, d'Fest vun der Léift, d'Fest vum Liicht an der Famill an d'Fest vun der Besënnlechkeet oder och nach d'Fest vun "Home Alone" an George Michael. Chrëschtdag ass eng Traditioun, där ee schonn eleng wéinst hirer Omnipresenz am deegleche Liewen, net wierklech entgoe kann: Vu Chrëschtbeemercher, Chrëschtfeieren, Chrëschtdekoratiounen, Chrëschtbeliichtungen an natierlech dem traditionelle Chrëschtdagsiessen an der Famill, bis zu de Friessbuden, Reklammen a Solidaritéitsopfuerderunge vun ënnerschiddlechen Organisatiounen. D'Chrëschtzäit ass da weider bestëmmt vun engem staarke Konsum, deen duerch obligatoresch Cadeauen ugeheizt gëtt. E Konsum, deen och vill kritiséiert gëtt, ouni datt e wierklech a Fro gestallt gëtt.

Wéi kann een awer dem Phenomeen Chrëschtdag philosophesch begéinen?

Natierlech kann een domat ufänken, an d'Ëmfeld, an deem Chrëschtdag haut stattfënnt, kritiséieren. Et kann ee sech d'Fro stellen ob Kommerz a Konsum dës Traditioun net längst zerstéiert hunn. Sou kéint ee soen, datt haut net méi engem Chrëschtkëndche gehuldegt gëtt, mee enger sënnloser Konzeptioun vu glécklech maachen a ginn duerch konsuméieren. De chrëschtleche Charakter vum Fest géif deemno verluer goen.

D'Erléisung duerch de Gottesjong an d'Gedenken, z. B am gemeinsame Gebiet, u seng Gebuert, sinn ëmmer manner wichteg. Och wann een dozou muss soen, datt grad Chrëschtdag ee vun deenen Deeg ass, deen nach vill Leit an d'Kierchen zitt, déi vläicht soss d'ganz Joer net géifen dohinner goen.

Trotzdeem, déi himmlesch Erléisung gëtt ëmmer méi duerch eng weltlech Erléisung ersat, bei där de Mënsch selwer fir säi Gléck verantwortlech ass. E Gléck, dat dann och ka kaf a verschenkt soll ginn.

Chrëschtdag als Verlaangeren no sënnstëftende Wäerter

Donieft trieden awer och weltlech Virstellunge vu Gléck, déi an deenen Deeg méi wichteg schéngen. Eng dovun ass déi vun der Famill, déi Chrëschtdag zesumme soll sinn a gefleegt soll ginn. Den Akt vum Schenken an d'Beschenkt ginn, awer och de Wëllen oder d'Obligatioun fir an der Famill zesummen ze sinn, ass Deel vun dëser Virstellung ginn.

Et kéint ee soen, datt verschidde Wäerter, déi mer als besonnesch wichteg ugesinn, Chrëschtdag am Virdergrond stinn. E bësse méi zynesch kéint een awer och soen, datt virun allem Verlaangeren no sënnstëftende Wäerter, ëm Chrëschtdag gefeiert gëtt.

Sou gëtt zum Beispill Kandheet Chrëschtdag gefeiert. Kanner, déi haut als Wäert u sech ugesi ginn, als zentraalt Element, dat eisem Liewe Sënn gëtt. Géif een zum Beispill Leit froen, ob si hiert Liewe fir hir Kanner géife ginn, géife vill Leit warscheinlech Jo soen. Fir dat eegent Land oder fir d'Fräiheet an engem anere Land, schéngt dat scho manner evident. Ob dës Fro virun 100 oder 200 Joer och esou beäntwert gi wier, schéngt nach méi ongewëss.

Dat Beispill fir ze weisen, wat fir eng zentral Stellung Kanner awer och d'Kandheet an eiser Gesellschaft hunn. Déi Kandheet soll och Chrëschtdag besonnesch am Mëttelpunkt stoen. D'Chrëschtkëndche bréngt de Kanner Geschenker oder och nach den amerikanesche Santa Claus, deen eisem Kleeschen noëmfonnt ass. D'Filmer déi all Joer ëm d'Chrëschtdeeg gewise ginn, sinn an deem Sënn och Ausdrock vun der Nostalgie no der eegener Kandheet.

D'Kritik um Konsum ass beileiwen net nei an zielt scho bal zur Traditioun ronderëm Chrëschtdag. Änlech wéi Kommentare beim Freedefeier un Nationalfeierdag, wou vill Leit, déi et all Joer kucke ginn, net anescht kënne wéi op d'mannst ee Kommentar doriwwer ze maachen, wat dat de Steierzueler nees alles kascht.

D'Geschicht(en) vu Chrëschtdag

Et bleiwen awer nach weider Wäerter ze nennen, déi u Chrëschtdag fir vill Leit méi wichteg ginn: Matleed, Matginn, Deelen, Besënnlechkeet, Dankbarkeet, Spiritualitéit asw. Fir Chrëschte sinn dat essentiell Wäerter, déi si mat hirem Glawen a Verbindung setzen an déi Chrëschtdag besonnesch am Virdergrond stoe sollen. Dës Wäerter sinn awer net onbedéngt mat der Relioun verbonnen, schonn eleng, well d'sënnstëftend Roll vun der Relioun fir vill Leit haut net méi déi selwecht ass wéi fréier. Dat heescht awer net, datt Wäerter net a sekulariséierter Form kënne bestoe bleiwen.

Bei de Chrëschten ass den Ausgangspunkt vun hirem Glawen eng Geschicht, d'Geschicht vun der Gebuert vum Jesus. Déi meescht vun eis kennen dann och nach d'Geschicht vu Maria a Joseph, déi eng Herberg sichen an dunn an engem Stall ënnerkommen, fir datt de Jesus do gebuer ka ginn, fir da vun den Hierten an den dräi Kinneken als Messias gefeiert ze ginn. All Krëppchen zielt dës Geschicht, déi zu engem zentrale Motiv vu Chrëschtdag gouf. D'Geschicht geet zeréck op Erzielungen aus dem Neien Testament, wou d'Evangeliste Lukas a Matthäus heiriwwer a ganz ënnerschiddleche Versiounen informéiert hunn. Si sinn an deem Sënn och net wiertlech ze huelen, mee gëllen als Geschicht, déi d'Gebuert vum Jesus an en Zesummenhang mat de Prophezeiungen aus dem Alen Testament an dem Jesus sengem Wierken als Erléiser stelle sollen.

De Mythos aus dem éischte Joerhonnert gëtt hei benotzt fir de Glawe bei de fréie Chrëschten ze festegen a gläichzäiteg, en neie Glawe mat ale jüddeschen Traditiounen ze verbannen. Chrëschtdag selwer gouf awer eréischt vill méi spéit gefeiert.

De 25. Dezember huet sech och eréischt am véierte Joerhonnert etabléiert. Och hei goufen ural Traditiounen a Bräich genotzt, fir dësen Datum ze etabléieren. Bekanntlech ass de 25. Dezember och den Dag vun der Wintersonnenwende, wou d'Deeg ophale méi kuerz ze ginn, d'Sonn scheinbar stoe bleift, fir datt d'Deeg da lues a lues nees méi laang kënne ginn. En Himmelsphenomeen, deen zanter Joerdausende gefeiert gouf, an dat Chrëschten einfach als Datum iwwerholl hunn. Och bei de Germane gouf dëst Enn vun der donkeler Joreszäit an d'Zeréckkomme vum Liicht gefeiert. Wéi si christianiséiert goufen, sinn dës Traditiounen iwwerholl ginn, sou datt elo d'Komme vum Liicht vum Christus gefeiert gouf.

De Phenomeen nennt een "Inkulturatioun". Och bei aneren Traditioune wéi déi vum Chrëschtbeemchen an Dräikinneksdag, jo souguer bei der Iddi vum Familljefest, léisst sech dat noweisen.

D'Analys vun der scholastescher Philosophie

D'Philosophen hunn elo erstaunlech wéineg iwwer Chrëschtdag selwer nogeduecht. Ausname si scholastesch Philosophe wéi de Meister Eckart oder Nikolas von Kues, déi sech mat der Gebuert vu Gott auserneegesat hunn. Scholastik nennt een déi chrëschtlech Philosophie am Mëttelalter. Eng Philosophie, déi d'Existenz vu Gott net a Fro gestallt huet, an awer duerch hir Receptioun vu griicheschen Denker an en Andauchen an e Mystizimus interessant Denkustéiss ka liwweren.

Beim Meeschter Eckhart muss d'Gesicht vu Jesus net méi just historesch gesi ginn. Hien argumentéiert, datt duerch Gebuert vum Jesus, virun allem och Gott an d'Séil vun de Mënsche gebuer gëtt. D'Mënschen hunn Undeel un dem Gëttlechen, dat als Onendlechkeet an der Séil vum Mënsch existent ass. A sengem Mystizismus geet et staark dorëm dës Presenz vu Gott, z. B. an der Meditatioun, an engem selwer ze fillen. Dës Virstellung ass haut manner wäit ewech. An enger ganzer Rei vu méi oder manner esoteresche Stréimunge geet et och haut drëm fir d'Verbonnenheet mam Kosmos oder Änlechem ze spieren an erliefbar ze maachen.

Den Nikolas von Kues geet en änleche Wee wéi den Eckhart an argumentéiert, datt Gott guer net méi Deel vun der Erkenntnis ass.

Dofir kënne mer awer erkennen, datt mer en net kënnen erkennen. An duerchaus liesenswäerten Dialogen erkläert hien dat dann och, ganz am Stil vun engem Sokrates, dem erstaunten Ongleewegen, deen net verstoe kann, wéi hien un eppes ka gleewen, dat hien net faassen an net benenne kann. Modern u sengem Denke war och, datt hien dovun ausgaangen ass, datt all Relioun just een Deel vun enger gëttlecher Wouerecht zeréckgëtt. Déi Géigesätz, déi mir op der Welt hunn, léise sech awer op, a Gott.

A senger sougenannter Inkarnationsphilosophie geet hien dovun aus, datt all Mënsch, egal wou hien hierkënnt oder wat fir eng Relioun hien huet, dono strieft, fir ëmmer méi vun der Welt ze erkennen, fir se ze verstoen, an alles ze wëssen. Dem Mënsch ass deen Erkenntnisdrang ugebuer. Een Drang, deen ni zur Rou kennt, éier en net alles verstanen huet, wat et ze verstoe gëtt. Dësen Erkenntnisdrang huet all Mënsch also a sech, an dat muss, dem Kues no, och e Grond hunn. D'Erkenne vu Gott, dat ze wäit ewech ass, an ze onerkennbar ass, kann do net hëllefen. Eréischt doduerch datt Gott zum Mënsch gouf, am Jesus Christus, deen also Gott a Mënsch zugläich ass, kéime mer zur Rou. Dofir géif dann och all Mënsch sech vu senger Natur hier zu Jesus Christus hi beweegen a seng Gott/Mënsch Natur a sech selwer erspiere kënnen.

Gott als Deel vum Mënsch

Mat Chrëschtdag selwer hunn dës Gedankegäng natierlech nëmmen um Rand ze dinn, dofir awer mat deem, wat fir déi éischt Chrëschte Chrëschtdag bedeit huet. D'Chrëschtdagsgeschicht war ebe virun allem e Symbol, en Hëllefsmëttel fir en abstrakte Glawe besser ze faassen. Beim drëtten Evangelist, dem Johannes, ass Gebuertsgeschicht vu Jesus dann och eng méi "philosophesch". Ugefaange mat den, och aus dem Goethe sengem Faust bekannte Wierder: "Am Anfang war das Wort", am Griichesches: LOGOS. Logos kann awer ganz ënnerschiddlech iwwersat ginn, z. B. mat Weisheet, Vernonft, Sënn, Sprooch. Dëse Logos ass dann zu Fleesch ginn. Wéi deen Text elo am eenzele gedeit soll ginn, iwwerloosse mer den Theologen. Interessant ass awer déi symbolesch an allegoresch Sprooch vum Auteur aus dem éischte Joerhonnert, deen am Fong erkläert, datt eréischt duerch d'Gebuert vum Christus an der Welt an all Mënsch de Sënn an d'Welt koum, an d'Sënnlosegkeet verdriwwe gouf. "Keen huet Gott gesinn", sou de Schluss vum Text, mee am Logos ass de Gott Deel vum Mënsch, vu sengem Sënn an der Welt. U Chrëschtdag soll deemno un de gëttleche Logos a jiddwerengem vun eis erënnert ginn.

Änlech Gedankegäng fanne sech awer net just bei reliéisen Auteuren, déi hir Communautéite vu fréie Chrëschte wollte bei der Staang halen, mee och bei méi rezente Philosophen, wéi dem Georg Wilhelm Friedrich Hegel. Den Hegel, deen e groussen Afloss op Philosophe wéi de Marx oder Sartre hat, gëllt dobäi net méi onbedéngt als chrëschtleche Philosoph. Hie probéiert dogéint a senger Geschichtsphilosophie de Mënsch als e Subjekt ze definéieren, dat sech duerch d'Iwwerwanne vun enger Welt vu Géigesätz lues awer sécher zum Absolutten hi beweegt. Den absolutte Geescht, vun deem hien hei schwätzt, ass d'Befreiung vum Mënsch aus senger Dialektik, senge Géigesätz. An der symbolescher Gestalt vu Jesus Christus ass dës Befreiung scho virgeduecht. Hei falen dat Gëttlecht an dat Mënschlecht zesummen. Dat gëllt awer net just fir de Jesus, mee fir all Mënsch. All Mënsch kann, dem Hegel no, d'Dialektik vun Endlechkeet an Onendlechkeet a sech iwwerwannen.

D'Konsequenz dovun ass dann awer och, datt all Mënsch u sech an och fir sech wichteg ass. D'Mënschwerdung vu Gott weist an der Liesaart dann nämlech och de Wäert vun all eenzele Mënsch. All Mënsch huet eng absolut Würd, déi aus sengem Wiese kënnt. Eng Würd, déi et ze respektéiere gëllt. Esou kann een da mam Hegel Chrëschtdag och net méi als Fest vum "Et sech gutt goen" loosse gesinn, mee als e politescht Fest. E Fest, wou et gëllt sech fir d'Fräiheet an d'Befreiung vum Mënsch als Ganzt anzesetzen.

Egal wéi dir awer elo am eenzelen Hellegerowend a Chrëschtdag verbréngt, dem Nostalgietrip beim Kucke vum "Klenge Lord" oder "Home Alone", der philosophescher Ausleeung vun der Chrëschtdagsgeschicht oder dem passionéierte Liese vum Hegel senger "Phänomenologie des Geistes", ech wënschen Iech op dëser Plaz schonn emol schéi Chrëschtdeeg.