Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

Sot emol

Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

D'Claude De Demo ass direkt no der Première op Stuttgart op d'Schauspillschoul gaangen an och no hirer Formatioun an Däitschland bliwwen. Hir Statioune ware Bochum, Mannheim, d'Schauspiel Frankfurt, an aktuell ass si feste Member um Berliner Ensembel, dem renomméierte Brecht Theater um Schëffbauerdamm zu Berlin.

auto_stories

3 min

Iwwer 20 Joer ass Däitschland elo der Claude De Demo hir artistesch Heemecht. Mee hir Wuerzelen, hir Originne leien zu Lëtzebuerg, a fir d'Actrice bedeit Lëtzebuerg, Heemecht a Famill. An doriwwer muss si och dacks nodenken.

"Meng Kanner kënne kee Lëtzebuergesch, wat ech ganz schlëmm fanne mä si wollten ni. Elo wëlle se, elo soe se: 'Nein Mamma, du musst mit mir Luxemburgisch sprechen'. Ech soen da kee Problem, mer kënnen Lëtzebuerg schwätzen. An ech soen och zu mengen Elteren, schwätzt mat hinne Lëtzebuergesch, datt se dat an 'Ouer kréien."

"Op Lëtzebuergesch kann ech mech anescht ausdrécken"

Beim Tournage vun der Krimiserie "Capitani" huet d'Claude De Demo op Lëtzebuergesch gespillt, a genee dat huet hir Freed gemaach. Lëtzebuergesch bedeit hir Heemecht an et ass eng Sprooch mat där se grouss gouf a wou se emotional eppes anescht ausdrécke kann.

"Wann ech an Däitschland schaffen oder wann ech op englesch schaffen, dann ass dat wéi wann et net wierklech ech wär, wéi wann et eng Mask wär. Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech, dat ass ganz privat. Dass komesch, well et ass een ongeschützt, a schonn eleng déi aner Sprooch, Däitsch, Franséisch oder Englesch (...) ass et méi einfach fir mech ze schaffen, well ech eng aner Distanz zu mir selwer oder zu mengem Doheem."

"Ech war einfach ze séier fort"

Claude De Demo huet sech scho selwer dacks d'Fro gestallt, firwat si am Fong weider nach ni zu Lëtzebuerg gespillt huet. Nom Ofschloss op der Schauspillschoul zu Stuttgart koum een Engagement nom aneren, an op emol waren 22 Joer eriwwer an si war bal ni Doheem, ausser zum Beispill hiren Optrëtt am Televisioun-Krimi "Capitani".

"Wat mech immens gefreet huet, net nëmme fir zu Lëtzebuerg ze schaffen, mee och op Lëtzebuergesch ze schaffen. Ech hu virdrun ni a menger Sprooch geschafft. Et war eng grouss Erausfuerderung an et huet immens Spaass gemaach. Och fir d'Leit a Kolleege kennen ze léieren déi ech virdrun net kannt hunn."

Mee Loscht fir zu Lëtzebuerg ze spillen an awer do an d'Actrice wäert och nächst Joer am groussen Theater ze gesi sinn.

De Berliner Ensembel: E renomméierten Theater

Aktuell ass d'Claude De Demo ebe feste Member am Berliner Ensembel, ouni Zweiwel eng Institutioun déi zu den éischten Theateradressen an Däitschland, mee och Europawäit zielt. Den Intendant vum Berliner Ensembel Oliver Reese war jorelaang um Schauspill Frankfurt der Claude De Demo hire Chef, an esou koum si dunn och a Kontakt mat dem fréiere Brecht-Theater. Mee et ass schonn een Ënnerscheed wann ee vu Frankfurt op Berlin geet.

"Berlin ass iwwerhaapt eng Stad déi extrem pulséiert, extrem intressant ass a vill méi fuerdert an inspiréiert wéi aner Stied, an deenen ech gelieft hunn: Positiv wéi Negativ. Et ass eng ustrengend Stad, mee eng extrem inspiréiert Stad."

Et ass och kloer datt Claude De Demo mat enger gewëssener Bewonnerung bei de Berliner Ensembel koum, wa se dru geduecht datt deen Theater am selwechten Otemzuch mat Leit wéi Brecht, Helen Weigel, George Tabori oder Claus Peymann genannt gëtt. An se erënnert sech och nach un hir éischt Première wou se op de Brieder vum Berliner Ensembel stoung.

"Da kucks de an de Raum, ech soen ëmmer Merci. Merci, datt se mech gutt opgeholl hunn an datt ech gutt Geeschter do anscheinend hunn, déi mer bis elo näischt Schlechtes wollten. (...) Ech denke vill drun, virun allem wanns de op der Bün stees, mat de Féiss do wou déi och stoungen. Dat ass eng speziell Energie."