Radioen

On air

Tockcity  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Colette Flesch: "Ech sinn eng iwwerzeegten Europäerin"

Sot Emol

Colette Flesch: "Ech sinn eng iwwerzeegten Europäerin"

D'Colette Flesch ass duerch Zoufall si bei Politik komm, duerch Zoufall ass si Stater Buergermeeschtesch ginn, an duerch Zoufall koum si an d'Chamber. Eraus koum e mouvementéiert Liewen an der Politik.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

No hiren Ekonomie a Politiketuden Ufanks den 1960er Joren an den USA ass d'Colette Flesch zeréck op Lëtzebuerg komm a wollt an den Ausseministere schaffe goen, wat awer näischt ginn ass, wat sécher an der Zäit och domat ze dinn hat, datt si eng Fra war.

"Déi éischt Fraen, déi an den diplomateschen Déngscht komm sinn, dat war 1973, wéi de Gaston Thorn Ausseminister war. Bis dohinner war ni eng Fra am Service diplomatique. Mee dat war an anere Länner net vill anescht."

"Si huet d'europäesch Unioun gesi wuessen"

D'Colette Flesch huet fir d'europäesch Institutioune geschafft, ënner anerem bei der CECA, ma awer och beim Sekretariat vum Conseil des Ministres zu Bréissel. Spéider war d'Colette Flesch dunn och Lëtzebuerger Europadeputéierten, si huet am Fong d'europäesch Unioun gesi wuessen a mat dorunner geschafft. Dofir kann ee festhalen, datt d'Colette Flesch méi wéi iwwerzeegt ass vum europäesche Gedanken.

"Ech war ëmmer en iwwerzeegten Europäer, also ech mengen do huet de Krich mech och markéiert, wéi déi ganz Generatioun. Ech war wéi all déi vum mengen Alter der Meenung datt dat net méi dierft sinn, an dofir sinn ech och an d'europäesch Gemeinschaft schaffe gaangen."

Roum, Tokyo a Mexico-City

Nieft der Politik muss een awer och un der Colette Flesch hir grouss sportlech Karriär als Fechterin erënneren, wou si um internationale Plang matgemaach huet. Mee den Héichpunkt fir e Sportler ass awer sécher d'Participatioun un olympesche Spiller an d'Colette Flesch war direkt dräi Mol derbäi: 1960 zu Roum, 1964 zu Tokyo an 1968 zu Mexiko-City

"Roum huet mech frappéiert, well et déi éischt waren. Mee dat war an Europa. Dat war eng Stad, déi ech scho kannt hunn. Tokyo war den Dépaysement a Mexiko och. Et bien entendu Mexiko hat ech scho méi Erfarung an ech hu scho méi Leit kannt, dat bleiwe warscheinlech déi, déi mech am meeschte markéiert hunn."

De Sprong an dat anert Joerhonnert

Bei den olympesche Spiller zu Mexiko-City haten d'Sportler d'Méiglechkeet besonnesch Schwamm- a d'Liichathletikscompetitioune kucken ze goen. D'Colette Flesch huet dovu profitéiert, well se och geschwommen ass a Liichtathletik gemaach huet. A si war am Stadion zu Mexico-City derbäi, wou de Bob Beamon am Wäitsprong mat 8 Meter 90 Sportgeschicht geschriwwen huet.

"Ech hunn ëm nogekuckt an ech hu gesot: Jo, mee, wéini kënnt en dann erof, wéini kënnt en dann erof? Mer hunn all gemierkt, dat do eppes Exzeptionelles geschitt war"

Eng europäesch Propos fir de Sport

No der aktiver sportlecher Karriär war d'Colette Flesch och nach als Offizielle mat der Lëtzebuerger Fecht-Equipe derbäi, a spéider hat se als Generaldirektesch an der europäescher Kommissioun d'Kultur, d'Medien an de Sport an hirer Responsabilitéit. An eben am Sport huet d'Colette Flesch deemools och eng Propos gemaach, déi vill symbolesche Wäert gehat hätt.

"D'europäesch Ekipp vun der EU, deemools nach EG, sollten an enger Uniform goen op där stéing "Communauté européenne" an dann drënner Luxembourg oder France. Den Här Samaranch huet déi Iddi awer net ganz gutt fonnt. (...) Dat wier e staarkt Zeeche gewiescht an et hätt een am Medaillekampf besser do gestanen."

Mee wéi gesot de Juan Antonio Samaranch déi Zäit President vun IOC, dem Internationalen Olympesche Comité huet déi Iddi net acceptéiert.