Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mein Kampf" – weider verbidden oder net?

Copyright leeft aus

"Mein Kampf" – weider verbidden oder net?

70 Joer nom Doud vum Adolf Hitler sinn d'Rechter op d'Buch "Mein Kampf" ëffentlech. Zu Lëtzebuerg bleift awer souwuel d'Original wéi och déi nei, wëssenschaftlech kommentéiert Versioun verbueden. Et gëtt notamment op de Code pénal verwisen, dee virgesäit, datt näischt dierf verkaaft, ausgestallt oder diffuséiert ginn, wat zu Haass oprifft. Mee ass dat Verbuet wierklech gerechtfäerdegt ? Charlotte Wirth / ys

auto_stories

5 min

“Mein Kampf”: bekämpfen andeems een et ëffentlech mécht? (©Bigstock)

70 Joer nom Doud vun engem Auteur ginn d’Rechter u senge Wierker ëffentlech. Esou ass et am europäesche Gesetz iwwert de Copyright festgehalen. Ganz aktuell concernéiert dës Regelung dem Adolf Hitler säi “Mein Kampf”. Hien hat sech am Abrëll 1945 d'Liewe geholl. Enn 2015 gëtt "Mein Kampf" also rechtsfräi a kann dann theoretesch vu jidderengem editéiert, verëffentlecht a verbreet ginn.

Nom Krich, am Joer 1945, sinn d'Rechter un "Mein Kampf" vun den Alliéierten un de Fräistaat Bayern iwwerdroe ginn. Deen huet all Neioplo vum Buch verbueden. 70 Joer méi spéit gesäit d’Situatioun anescht aus: Theoretesch kann d'Wierk elo erëm verëffentlecht ginn.

Déi kommentéiert Versioun vu "Mein Kampf"

Mee schonn am Joer 2002 huet de bayresche Landtag dem Münchener Institut fir Zäitgeschicht den Optrag ginn, fir eng kommentéiert Versioun vu "Mein Kampf" erauszebréngen. Den Optrag gouf awer ee Joer méi spéit erëm zeréck gezunn. De bayresche Ministerpresident Horst Seehofer war op enger Rees an Israel vum israelesche Staatspresident Schimon Peres gebiede ginn, d’Buch net ze verëffentlechen. Déi wëssenschaftlech Versioun kënnt awer elo am Verlag vum Institut fir Zäitgeschicht zu München eraus. D’Institut hëlt "Mein Kampf" Saz fir Saz auserneen. D’Resultat ass e Buch vu ronn 2000 Säiten, dat Uganks 2016 publizéiert soll ginn. 

All aner Verëffentlechung vum Buch ass a bleift an Däitschland awer strofbar. Vun enger onkontrolléierter Verëffentlechung gi virun allem zwou Saache gefaart: Eng kommerziell Exploitatioun vum Buch an de Mëssbrauch fir rietsextrem Propaganda. 

D’Situatioun zu Lëtzebuerg gouf viru Kuerzem an enger parlamentarescher Fro thematiséiert. De Premier Xavier zitéiert a senger Äntwert op d’Fro vun den DP-Deputéierte Gusty Graas an Andé Bauler de Code Pénal. Dee seet, datt näischt dierf verkaaft, ausgestallt oder diffuséiert ginn, wat zu Haass oprifft. Do géing "Mein Kampf" drënner falen. Och eng kommentéiert Versioun dierft zu Lëtzebuerg net verkaaft oder verëffentlecht ginn.

"Eng naiv medientheoretesch Perspektiv"

Den Oliver Kohns, Kulturwëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg, seet: ee Buch infizéiert säi Lieser net géint säi Wëlle mat Gedanken: "Dat ass eng naiv medientheoretesch Perspektiv". Hie fënnt et gutt datt déi wëssenschaftlech Versioun vum Buch an Däitschland erauskënnt. Dat géif dozou bäidroen, den Hitler a säi Wierk ze entdämoniséieren. 

D'Kommentarer fënnt de Chercheur dobäi mol net sou wichteg. D'Rhetorik géif fir sech schwätzen. D'Buch selwer wier immens schlecht geschriwwen. An och d'Aart a Weis wéi den Hitler géif probéieren, sech als eng bedeitend Persoun duerzestellen, géif éischter hëllefen z'evitéieren, datt déi Figur nees géif opdauchen.

Souwisou kéint jiddereen den Text ouni Problem um Internet fannen. De Problem mat der wëssenschaftlecher Editioun wier, datt esou e Buch vun 2000 Säiten sech net wierklech un e breede Public riicht. Den Oliver Kohns hofft, datt d'Historiker hiert Wëssen iwwer aner Diffusiounskanäl wäerte weidervermëttelen.

"Net pauschal op de Code pénal verweisen"

De Verbuet vu "Mein Kampf" iwwer de Code pénal wier guer net sou evident, kritiséiert sengersäits den Affekot Jean-Jacques Schonckert. E Verbuet géing virum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter guer net duerchkommen, d’Mënscherecht op Meenungsfräiheet géing nämlech domat net respektéiert ginn. Och dat europäescht Fräihandelsrecht géing bei engem Verbuet net agehale ginn.

Wann ee “Mein Kampf” wéilt bekämpfen, da géing dat nëmmen andeems een et zougänglech géif maachen, mengt de Jean-Jacques Schonckert. Mat engem Verbuet wier kengem gehollef. Besonnesch wann dëse Verbuet och op eng wëssenschaftlech Editioun zoutrëfft. Den Affekot bezeechent d'Reaktioun vum Premier als net ganz duerchduecht.

D’Buch wier elo am ëffentleche Raum, an et wier ze pauschal einfach op de Code pénal ze verweisen. Verschidde Passagen am Buch géingen zwar zum Haass opruffen, awer net dat ganzt Buch. No där Logik missten och aner Wierker, wéi d’Bibel oder de Koran verbuede ginn.

Iwwer 12 Millioune mol gedréckt

"Mein Kampf” ass dem Adolf Hitler seng zentral Programmschrëft. Hien vu 1923 bis 1924 um Wierk geschafft. Grouss Deeler huet hien am Prisong zu Landsberg geschriwwen, wou hie nom Putschversuch vu 1923 agespaart war. D’Wierk ass 1925 a 26 an zwee Bänn publizéiert ginn. Succès krut et awer réischt nodeems den Hitler un d'Muecht koum.

Bis zum Enn vun der NS-Zäit gouf "Mein Kampf" iwwer 12 Millioune mol gedréckt an an 18 Sproochen iwwersat. Vun 1933 u war d'Buch an alle Schoulen a Bibliothéike Pflicht a vun 1936 u krut een et bei der Hochzäit iwwerreecht.