Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht am Joer 1919

Zäithistoriker

D'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht am Joer 1919

War d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Bierger a Biergerinnen am Joer 1919 eng prinzipiell oder eng Opportunitéitsfro? Déi Fro stellt den Zäithistoriker Jacques Maas e puer Deeg virum Centenaire vun dëser wichteger politescher Decisioun hei zu Lëtzebuerg.

auto_stories

11 min

Foto: Lily Becker / CID-FG

Den 8. Mee 1919 huet d'Constituante, also d'verfassungsgebend Versammlung vun der Chambre des députés, d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht zu Lëtzebuerg gestëmmt, an zwar fir Männer a Fraen. Am Verglach mat sengen Nopeschlänner war Lëtzebuerg bis dohin dat eenzegt Land bliwwen, deem säi politesch-parlamentaresche System nach ëmmer op d'Zensus-Wahlrecht opgebaut war - an deemno gouf et bis 1919 och keen allgemengt Wahlrecht fir déi männlech Bierger.

Ënner Zensus-Wahlrecht versteet een e politesche Wahlsystem, deen d'Wahlrechts-Bedeelegung un en festgeluechte Montant Direkt-Besteierung koppelt. Dëse Wahl-Zensus war zu Lëtzebuerg an där bis zum Enn vum Éischte Weltkrich gülteger Verfassung vun 1868 mat engem Minimum vun zéng Frang an engem Maximum vun 30 Frang Besteierung festgesat. A Frankräich, am däitsche Keeser-Räich, an der Belsch gouf et längst en allgemengt Wahlrecht fir Männer, och wann ee muss bemierken, datt d'Wahlrecht net iwwerall déi unerkannten demokratesch Grondprinzipie vun enger direkter, geheimer Wahl erfëllt huet, wou och all Vott gläich gewäert gouf.

Sou blouf a Preussen d'Dreiklassenwahlrecht, (dat déi preisesch Bierger opgrond vun hirer direkter Besteierung an dräi Klassen agedeelt huet) bis 1918 bestoen. De belsche Wahlsystem war op de sougenannte "vote plural" opgebaut, wouduerch dem Wieler säi Vott, jee no Fortune, Akommes an Zivilstand, mat bis zu dräi Supplementar-Stëmme konnt gewäert ginn.

De Wahlsystem war hannendran

Virum Éischte Weltkrich waren d'politesch Systemer an Neuseeland an a skandinavesche Länner esouguer nach e Schratt an der politescher Entwécklung weidergaangen an haten och d'Fraewahlrecht ageféiert - Neuseeland als éischte Staat weltwäit, am Joer 1893, mat dem aktive Wahlrecht fir Fraen, a Finnland mat deenen éischte weiblechen Deputéiert am Joer 1907.

Direkt no Krichsenn koum dunn och staark Beweegung an de politeschen Dossier iwwer dat allgemengt Wahlrecht zu Lëtzebuerg. Wann de Lëtzebuerger Wahlsystem och staark am Réckstand war, am Verglach mat villen anere Staaten an Europa, sou heescht dat awer net, datt dat allgemengt Wahlrecht 1919 ex nihilo, souzesoe "aus heiterem Himmel" ageféiert gi wier. Am Géigendeel, et gëtt heizou eng spannend Virgeschicht, déi fir Lëtzebuerg direkt op d'Virkrichszäit 1912-1913, a wa mir vill méi laang zeréckkucken, esouguer bis op d'Revolutiounsjoer 1848, zeréckgeet, wou schonn d'Aféierung vun engem allgemenge Wahlrecht diskutéiert an och gefuerdert gouf.

Eng Decisioun, déi dat ganzt Vollek betrëfft

Den entscheedenden Impuls awer fir 1919 ergëtt sech aus der revolutionärer Stëmmung, déi nom Armistice opkënnt, an der Äntwert, déi d'Regierung Reuter op d'Fuerderunge vum Stater Aarbechter-Rot, vu Lénkspolitiker a Manifestanten den 12. an 13. November 1918 an der Chamber gëtt. Nieft sozial-politesche Moossnamen an der Fuerderung no Ofsetze vun der Dynastie, gëtt vun de Manifestanten och d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht verlaangt. Taktesch geschéckt, paréiert de Staatsminister Emile Reuter d'Fuerderung nom Ofsetze vun der Dynastie mat der Ukënnegung, den 12. November e Volleksreferendum ofhalen ze loossen iwwer d'Fro vum zukünftege politesche Regimm vum Land.

An heimat verknäppt de Rietspolitiker Reuter d'politesch Léisung vun der Dynastiefro direkt mat der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht, déi virun allem d'Sozialiste mat Nodrock verlaangen. Ëm Reuter seng Argumentatioun ass déi heiten: An esou enger kritescher Situatioun, wéi déi wou d'Lëtzebuerger Vollek an d'Land sech befannen, kann net eleng eng Volleksversammlung an der Stad Lëtzebuerg iwwer d'Zukunft vum Land decidéieren.

Esou eng wichteg Fro wéi d'Ausriichtung vum politesche System vum Staat muss dem ganze Vollek ënnerbreet ginn, an dat heescht, alle groussjärege Lëtzebuerger Bierger "sans exception aucune", net nëmmen den zensus-wahlberechtegte Bierger. Den nächsten Dag, den 13. November, geet de Reuter nach e Schratt méi wäit an deklaréiert, datt zu de groussjärege Bierger net nëmme Männer, mee och Frae gehéiere géifen. Wann d'Parlament dës Vue géing deelen, missten deemno och d'Lëtzebuerger Biergerinnen an d'Consultatioun vun engem Referendum agebonne ginn. Domat war net nëmmen déi konventionell Fro vum allgemenge Wahlrecht opgegraff, mee et war och den éischten explizitte politesche Schrëtt vun der Rietspartei a Richtung Fraewahlrecht.

D'Fro vum Fraewahlrecht

Et ass och grad dës Vue vum Staatsminister Reuter, déi de Leader vun der liberaler Partei, den Deputéierte Robert Brasseur, zwee Méint méi spéit an der Chamber bei Geleeënheet vun den Debatten iwwer d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht opgräift, fir seng a senger Partei hir Ofleenung vun der direkter Aféierung vum Fraewahlrecht ze annoncéieren. De Robert Brasseur deklaréiert den 28. Januar 1919, datt d'liberal Partei näischt dogéint anzewenden hätt, d'Aféierung vum Fraewahlrecht mat op den Ordre du Jour vun der parlamentarescher Kommissioun fir d'Verfassungsrevisioun opzehuelen.

D'liberal Partei wier dovun ausgaangen, datt d'Fraewahlrecht mat an d'Revisioun vun der Constitutioun misst abezu ginn, datt awer eng Iwwergangszäit misst virgesi ginn, während där d'Implicatioune vun der Aféierung vum Fraewahlrecht sollte studéiert ginn, d'Gesellschaft dorops virbereet ginn, éier d'Fraewahlrecht dann a sechs, aacht oder zéng Joer effektiv géing ageféiert ginn. D'Tatsaach awer, datt de Staatsminister Reuter d'Ofhale vun engem Referendum iwwer d'Dynastiefro direkt mat der Aféierung vum Fraewahlrecht verbonnen hätt, géif d'Aarbecht vun der parlamentarescher Kommissioun fir d'Verfassungsrevisioun brüskéieren. Déi Virgoens Aart a Weis hätt déi liberal Deputéiert schockéiert a géif näischt Guddes bedeiten.

Wéi ass déi dote Stellungnam vum Robert Brasseur ze verstoen? Wéi léisst sech den negative Vott vun der liberaler Partei iwwer d'Ofännerung vum Verfassungsartikel 52 iwwer d'Wahlrecht, also d'Ofleenung vun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Bierger a Biergerinnen, den 8. Mee 1919 erklären? Fir d'Haltung vun der liberaler Partei ze verstoen, muss een op d'Virkrichszäit, an hei besonnesch op déi äusserst schaarf geféiert politesch Kämpf an de Joren 1908-1914 tëschent dem Lénks-Block vu Sozial-Demokraten a Liberalen op der enger Säit, an der klerikaler Rietspartei op der aner Säit, zeréckgräifen.

Moderniséierungspläng vu lénkse Parteien

Dee "bloc des gauches", wéi en no sengem franséische Virbild genannt gouf, hat sech an Etappe vun 1904-05 u forméiert an huet vun 1908 un op eng parlamentaresch Majoritéit an der Chamber kënnen zielen, déi bis an d'Mëtt vum Éischte Weltkrich Bestand hat. Haaptzilsetzunge vun deem Lénks-Block waren d'politesch-sozial Moderniséierung an der Folleg vum industriellen Opschwong vum Land an d'Zréckdränge vun der Klerikaliséierung vu Staat a Gesellschaft ënner dem Afloss vum kathoulesche Bistum an der antimodernistescher peepstlecher Kierch zu Roum.

Programmatesch hunn d'Lénks-Block-Politiker vun 1908 un d'politesch-sozial Moderniséierung mat der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht an der Reform vun der Grondschoul an de Viséier geholl. Dat allgemengt Wahlrecht war eng Haaptfuerderung vun de sozialdemokratesche Politiker ëm de Michel Welter, de Caspar-Mathias Spoo, de Xavier Brasseur, zanter déi éischt vun hinnen um Enn vun den 1890er Joren an d'Chamber gewielt goufen.

1904 hat en Antrag vum Deputéierte Xavier Brasseur (net ze verwiesselen mat sengem Koseng Robert Brasseur) zur Ofschafung vum Zensus-Wahlrecht nëmme ganz knapps d'Majoritéit an der Chamber verfeelt. Och d'Iwwerschaffe vun der Legislatioun iwwer Primärschoul ass a Verbindung mat der geplangter Aféierung vum allgemengen Wahlrecht ze gesinn: Et goung dem Lénks-Block dorëms, den allgemenge Bildungsgrad an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze hiewen, fir déi zukünfteg Bierger besser op d'politesch Participatioun am Staat virzebereeden. Dofir sollt déi obligatoresch Schoulflicht ëm ee Joer verlängert ginn an d'Schoulprogrammer an d'Didaktik iwwerschafft ginn.

D'Laiziséierung vun der ëffentlecher Schoul

Mee bei där geplangter Schoulreform vun 1912 ass et och ëm d'Laiziséierung vun der ëffentlecher Schoul, an do un éischter Plaz ëm d'Befreiung vu Schoulmeeschter a Léierin vun der Tutelle vum Klerus gaangen. Ëm déi Schoulfro hu sech dunn och an de Joren 1911-1914 virulent Ausenanersetzungen tëschent kathoulescher Kierch a klerikaler Partei op der enger Säit, an dem "bloc des gauches" op der aner Säit kristalliséiert.

Fir de Bëschof vu Lëtzebuerg, Mgr J.-J. Koppes, war d'Lassléisung vum weltleche Léierpersonal vun der politesch-ideologescher Kontroll duerch de Klerus inakzeptabel an hien huet nom Vott vun der Gesetzesvirlag, Enn Juni 1912, dat neit Schoulgesetz als Virstuf vun der "gottloser Schoul" condamnéiert a jiddwer Mataarbecht vum Klerus an der ëffentlecher Schoul verbueden. Am Fong geholl goung et bei där Ausenanersetzung ëm d'Virherrschaft vu kathoulescher Kierch oder gewielte weltlechen Mandatsträger a Staat a Gesellschaft.

Dee politesch-ideologesche Kampf ëm d'Schoulfro gouf an der Press an an der Gesellschaft mat enger Vehemenz geféiert, déi Observateure verschiddentlech mat enger biergerkrichsähnlecher Atmosphär verglach hunn. Vun der Kanzel erof huet de Klerus an de Sonndesmassen déi sougenannten Hierdebréiwer vum Bëschof géint d'Schoulgesetz virgelies a géint Sozialismus, Liberalismus, géint Freidenker a Freimaurer gepriedegt. D'politesch Massenorganisatioun vun der klerikaler Partei, de Volksverein, huet iwwerall um Land Protestversammlunge géint déi "gottlos Schoul" ofgehalen. Lénksblockpolitiker a Riedner vun de laizistesche Volleksbildungsveräiner goufen a munchen Dierfer um Land dru gehënnert hire Standpunkt ze erklären, sief et, datt si kee Versammlungslokal zur Verfügung gestalt kritt hunn, oder datt de Paschtouer d'Duerfjugend dozou opgestëppelt huet d'Riedner vum Lénksblock mat Mëscht ze bewerfen oder därmoosse Kaméidi ze schloen, datt un d'Ofhale vun enger ëffentlecher Versammlung net ze denke war.

D'Kierch mëscht sech an

Am Januar 1913 huet de Bëschof Koppes d'Liese vun der lénker Press ënner der Menace vun Exkommunikatioun verbueden. Datt dat kierchlecht Verbuet seng Wierkung net verfeelt huet, gëtt ersiichtlech, wann ee sech den Abroch bei de Verkafs- an Abonnementschifferen, sou wéi d'finanziell Schwieregkeeten ukuckt, an déi verschidde Presseorganer nom Verbuet gerode sinn. An der lénker Press gouf drop higewisen, datt virun allem déi kierchlech Menace mat Exkommunikatioun bei der weiblecher Bevëlkerung iwwer den ausgeüübten Drock vum Geeschtlechen am Beichtstull géif gräifen. Och gouf festgestallt, datt verschiddentlech um Land, wou deemools d'Press sonndes am Wiertshaus gelies gouf, d'Paschtéier no der Houmass de Baueren d'Zeitungen, mat Ausnam vum Luxemburger Wort, einfach konfiskéiert hunn.

An engem Wuert, et ass dës Verriegelung vun der ideologesch-politescher Kommunikatioun a vun der ëffentlecher Meenungsbildung duerch d'kathoulesch Kierch an hir klerikal Ënnerorganisatiounen, déi liberal an sozialdemokratesch Politiker deemools zur Feststellung bruecht hunn, datt si u ganz Wielerschichten um Land, virun allem am Éislek an an der Muselgéigend guer net erukéimen. Wéi dunn de Bëschof Koppes an den deemolege Leader vun der klerikaler Partei, den Deputéierten Emil Prum, iwwer d'Ausland och nach eng Schlammschluecht géint de Lénksblock lassgetrëppelt hunn, andeems allebéid ëffentlech de Virworf erhuewen hunn, de Lénksblock wier nëmmen an eleng zustanekomm fir de Sozialisten ze erméiglechen, e "gottlost" Schoulgesetz duerchzebréngen an e puer liberale Schmelzhären am Géigenzuch d'Geleeënheet ze ginn, sech op onéierlech Manéier d'Täschen ze fëlle bei der Verdeelung vun de leschte Minettskonzessioune vum Land, dunn huet de Lénksblock a Saachen Aféierung vum allgemengen Wahlrecht d'Noutbrems gezunn.

Bis de Summer 1912 war de Lénksblock fest decidéiert d'allgemengt Wahlrecht fir männlech Bierger anzeféieren, mee ënner dem Drock vun de klerikale Pressekampagnë gouf et op der Säit vum Block keng Aussiicht méi, d'parlamentaresch Majoritéit bei Neiwahlen ze verdeedegen. Well d'Zensus-Wahlrecht an der Verfassung vun 1868 ageschriwwe war, konnt d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht nëmmen iwwer eng Verfassungsännerung erfollegen, an dat war nëmme méiglech iwwer de Wee vun Neiwahle fir eng Assemblée Constituante. (Dozou koum, datt eng Rei vu klerikale Politiker ëm den Deputéierten Antoine Kayser sech mëttlerweil och fir d'allgemengt Wahlrecht ausgeschwat hunn an hirersäits den Drock op de Lénksblock verschäerft hunn, andeems si Enn Juni 1912 eng Motioun zur Ofschafung vum Zensus-Wahlrecht an d'Parlament abruecht hunn. D'Géigner vum Block hunn dohannert en opportunistescht Manöver erbléckst fir Neiwahlen ze provozéieren.)

D'Iddi vum allgemenge Wahlrecht

Den 12. Juli 1912 huet de sozial-demokrateschen Deputéierte Michel Welter, ee vun de Leadere vum Block, en Antrag an d'Parlament abruecht fir eng Spezialkommissioun ze schafen, déi d'Fro vum allgemenge Wahlrecht sollt studéieren. "Ein Begräbnis erster Klasse", war doropshin d'Reaktioun am Luxemburger Wort. De Lénksblock huet gefaart, d'Neiwahlen ze verléieren an dofir gouf d'allgemengt Wahlrecht och net bis zum Ausbroch vum Weltkrich ageféiert.

Nom Weltkrich, bei Geleeënheet vun den Debatte vun der Constituante iwwer d'allgemengt Wahlrecht ufangs 1919, bezéie sech d'liberal Deputéiert direkt oder implizit ëmmer erëm op d'meenungspolitesch Virkrichs-Konstellatioun fir eng direkt Aféierung vum Fraewahlrecht zeréckzeweisen. An hiren Aen huet sech näischt grondleeënd un deene scho virum Krich festgestallten Defiziter a punkto ëffentlech Meenungsbildung geännert.

D'Manipulatioun vun der ëffentlecher Meenung an der Dynastiefro duerch déi klerikal Press géif dat däitlech genuch weisen. De Liberale Gaston Diderich wërft der Kierch vir, nach ëmmer um Zeitungsindex festzehalen, den Emile Mark verlaangt un d'Adress vun de Klerikale geriicht: Loosst d'Vollek dach liesen, wat et wöll!. Fir d'Liberal gëllen awer all dës kritiséiert Defiziter an der ëffentlecher Meenungsbildung a besonneschem Ausmooss fir d'politesch Meenungsbildung vun de Fraen an der Lëtzebuerger Gesellschaft. Déi géif zum allergréissten Deel iwwer déi klerikal Beaflossung am Beichtstull erfollegen.

Wann d'Frae Wahlrecht kréien, da wäerte si esou stëmmen, wéi hire Beichtvater hinnen dat virgeschriwwen huet, mengt de liberalen Deputéierten Edouard Hemmer dozou. Fir d'liberal Partei ass dofir d'Aféierung vun engem allgemenge Wahlrecht - mat Fraewahlrecht - 1919 - net opportun. A si ënnerstellen och der Rietspartei grad aus Opportunitéitsgrënn d'Aféierung vum Fraewahlrecht wëllen ze forcéieren, fir d'Dynastie ze retten an hir eege Muechtpositioun ze festegen.

Méi grondleeënd gëllt et hei eng Ënnerscheedung festzehalen tëschent enger prinzipieller Haltung zur Fro vum allgemenge Wahlrecht, déi sech op déi onveräusserlech a gläich natierlech Rechter vu Mann a Fra bezitt, an engem patriarchaleschem Representatiounsmodell, dat d'politesch Representatioun vun der Fra duerch de Mann a Chef de famille virgesäit, an direkter Suite vum Zensus-Wahlrecht aus dem 19. Joerhonnert. Während d'sozialistesch Partei spéitstens zanter 1917 eng prinzipiell Haltung a punkto direkt Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Männer a Fraen anhëlt an dofir och den 8. Mee 1919 an der Assemblée Constituante dofir stëmmt, hält déi liberal Partei wäit méi un deem patriarchalesche Modell fest a stëmmt aus Opportunitéitsgrënn géint d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht.