Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Angscht virun der Kontaminatioun

Ausbroch

D'Angscht virun der Kontaminatioun

De Wee vun einfache Landleit ouni national Identitéit, hin zu engem Vollek, dat sech als Vollek gesäit, mécht Lëtzebuerg an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert an tëschent den zwee Weltkricher. Déi national "prise de conscience", mee och d'Angscht, datt d'Vollek kontaminéiert kéint ginn, sinn de Sujet am drëtten Deel vum Vincent Artuso senger Serie Ausbroch, déi den 80. Joresdag vum Iwwerfall vun Nazi-Däitschland a Relatioun mat der aktueller Pandemie setzt.

auto_stories

6 min

Fir déi eege Stierflechkeet ze fäerte muss ee sech bewosst sinn, datt een eng individuell Existenz féiert. Joerhonnertelaang hunn d'Awunner vum Lëtzebuerger Land dowéinst am Trouscht vun der Éiwegkeet gelieft. D'Liewen op der Äerd war hei rau, mee dem Gerechten gouf d'Onendlechkeet versprach. Déi meeschte Leit hu sech un éischter Stell als Chrëschte gesinn - Katholicken natierlech. Eng national Identitéit gouf et net.

Duerno ware si och trei Untertanen vu Grof a Keeser. 95 Prozent vun hinnen hunn um a vum Land gelieft, zwee Drëttel als onfräi Baueren, Leifeegener, sougenannte "Schafftleit". Rar waren déi, déi liesen a schreiwe konnten. Am Laf vum laangen 19. Joerhonnert gouf dës Welt vu Kontinuitéit a Widderhuelung komplett ëmgekrempelt. Aus engem feudalen Territoire gouf en Nationalstaat.

D'Gebuert vun enger Natioun

1795 gouf d'Festung Lëtzebuerg vu franséischen Truppen ageholl. D'Revolutioun huet aus dem Land en "département" gemaach an déi al sozial Uerdnung gekippt. Si huet der Bourgeoisie d'Eegentum vun der Kierch verkaf an hir d'Zigelen iwwerlooss. Si huet déi onfräi Baueren zu Bierger erkläert.

An der selwechter Zäit huet sech och eng edukativ Revolutioun entfaalt. An der Mëtt vum 18. Joerhonnert konnt d'Hallschent vun de Jongen a Meedercher liesen a schreiwen. Si haten elo d'Méiglechkeet un neit Wëssen ze kommen; d'Autoritéit vun den Elteren ze hannerfroen, hir Bräich, Liewensweisen an Aarbechtsmethoden.

Eng agrar, spéider och eng industriell Revolutioun hunn d'Land verännert, sengen Awunner méi Wuelstand bruecht, dem Staat déi materiell Mëttele ginn onofhängeg ze handelen. Engem Staat, dee sech no der belscher Revolutioun iwwer den homogenen däitschsproochegen Deel vum Lëtzebuerger Land erstreckt huet; deen zanter 1841 eng eege Verfassung an eng eege Regierung hat. Deem seng Souveränitéit 1867 international unerkannt a garantéiert gouf.

De politesche System war am Prinzip demokratesch, wiele konnten awer just bemëttelt Männer. Dat huet de Liberalen, déi d'Ekonomie beherrscht hunn, och déi politesch Muecht assuréiert. Wirtschaftlech hunn déi Liberal no Däitschland gekuckt. Den Zollveräin huet si räich gemaach. A Frankräich an an der Belsch hu si awer hir progressistesch Idealer fonnt - souwéi d'humanistesch Legitimatioun vun hirem Muechtmonopol.

Hir konservativ Géigner hu sech kulturell nom Rheinland orientéiert. Och wa si dat vun de protestantesche Preise gëeenegt Däitschland mat Mësstraue gekuckt hunn. An der Chamber waren déi Konservativ minoritär, am Land awer majoritär. Fir hir Dominatioun ze erhalen hunn déi Liberal sech mat de Sozialisten alliéiert. Dës onnatierlech Allianz vu Patronen an Aarbechter, am Numm vun der Modernitéit, huet den Éischte Weltkrich net iwwerlieft.

Den Éischte Weltkrich

De Krich an déi däitsch Besatzung hu Konflikter offe geluecht, déi laang um Gäre waren. Dës Kéier ass et nämlech ëm Liewen an Doud gaangen. D'Iwwerliewe vum souveräne Staat war staark menacéiert. Fir d'Räichselitte war Lëtzebuerg dozou bestëmmt en Deel vun Däitschland ze ginn. D'Grande-Duchesse Maria-Adelheid an hiren Entourage hunn dat net onsënneg fonnt.

Déi jonk Herrscherin huet och net gescheit innepolitesch ze intervenéieren, déi Konservativ ze favoriséieren. De Lénksblock huet déi Attitüd verurteelt, ass awer lues a lues zerbréckelt. Sozialisten a Gewerkschaftler hunn dat liberaalt Patronat ëmmer méi schaarf kritiséiert, well e fir de Besatzer Waffe produzéiert huet, well e vun der Konjunktur profitéiert huet, wärend d'Aarbechter erhéngert sinn.

D'Liewensmëttel sinn effektiv ëmmer méi rar an deier ginn. Eng Situatioun, vun där engersäits d'Baueren an anerersäits d'Geschäftsleit profitéiert hunn. Am Mee 1917 gouf et déi éischt, massiv Aarbechterstreiken. Déi däitsch Arméi huet se niddergeschloen. Mee wéi am November 1918 d'Revolutioun an Däitschland ausgebrach ass, gouf Lëtzebuerg och nees ugestach. Aarbechter- a Bauereréit goufe gegrënnt, d'Republik gouf ausgeruff. Zu Esch hunn Aarbechter, déi revoltéiert hunn, d'Geschäfter geplëmmt.

Dëst Kéier sinn d'Fransousen intervenéiert. Si haten déi Däitsch als Hegemonen zu Lëtzebuerg ersat. Wat haten d'Fransousen mat Lëtzebuerg vir? Der Maria-Adelheid an der Regierung hu si eng allze grouss Däitschfrëndlechkeet reprochéiert. War dat d'Rechtfertegung fir eng imminent franséisch oder belsch Annexioun? Schlussendlech net. D'Kris gouf anescht gereegelt. D'Maria-Adelheid huet missten zu Gonschten vun hirer Schwëster Charlotte ofdanken.

Dës Léisung gouf vun enger Majoritéit vu Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen validéiert. An der Tëschenzäit war, duerch d'Verfaassungsreform vum 15. Mee 1915, dat allgemengt Walrecht ageféiert ginn. Déi Reform huet decisiv dozou bäigedroen d'Natioun ze renforcéieren, huet hir eng staark populär Basis ginn. Si huet och de liberale Muechtmonopol gebrach oder besser gesot, duerch e konservative Muechtmonopol ersat, dee bal ee Joerhonnert gedauert huet.

Eng onënnerbrache Bluttketten

Dee Rutsch no riets hat e grondleeënden Impakt op d'Definitioun vun der Natioun. Déi Konservativ hunn dem Troun, dem kathoulesche Glawen an der Sprooch vum Vollek - "Lëtzebuerger Däitsch" oder nom Krich einfach "Lëtzebuergesch" - d'Trei gehalen. An deenen nei erfonnten Evidenzen aus der Vergaangenheet hu si d'Eegenaarten vun engem besonnesche Vollek gesinn.

Dat Vollek war an engem Buedem, an enger Geschicht verwuerzelt. Et war eng onënnerbrache Bluttketten, déi bis an déi däischterst Vergaangenheet zeréckgereecht huet. Eng Rass. Ee vun den éischten Intellektuellen, deen deen Ausdrock benotzt huet, war den Nicolas Ries. E Liberalen an e Frankophillen, deen 1911 déi vun de Kelten ofstamend Lëtzebuerger Rass vun de germaneschen Däitschen ënnerscheet huet.

D'Existenz vun engem "Luxemburgertum", gouf och vun der Lëtzebuerger Nationalunio'n populariséiert. Eng ultranationalistesch Organisatioun, déi an der Tëschekrichszäit en immensen Afloss hat, besonnesch op d'Jugend. Hir Doktrinn huet d'Siicht vun der Awanderung zum Beispill decisiv gepräägt.

D'auslännesch Gefor

Duerch d'Industrialiséierung war aus dem Auswanderungsland Lëtzebuerg en Awanderungsland ginn. D'Proportioun vun Auslänner war tëschent 1875 an 1910 vun 2,9 op 15,3 Prozent geklommen. Dat ländlecht, kathoulesch Lëtzebuerg huet an hinnen d'Inkarnatioun gesi vun enger Industrialiséierung, déi d'Lëtzebuerger Liewensweisen, Wäerter, Traditiounen zerstéiert huet.

Déi friem Elementer goufe fir déi sozial Revolt responsabel gemaach, déi sech vun de Streike vu 1917 bis op dee vun 1921 erstreckt hat. D'Ausdeenen an d'Moderniséierung vum Polizei-Apparat goufen direkt mat der Auslännerfro verbonnen. Esou huet den Inneminister Dumont zum Beispill, seng Reform vun der Police gerechtfertegt.

"Pendant la guerre et depuis l'armistice, nombre de préoccupations [...] sont devenues le souci de la généralité des citoyens, du moins des grands centres plus particulièrement sujets aux flux et reflux d'une population fortement cosmopolite, à toute proximité de la frontière. Le risque en résultant a fait naître un besoin plus pressant de sécurité. Aussi le souvenir des graves événements qui se sont déroulés dans le bassin minier en novembre 1918 et en mars 1921 est-il encore trop présent à toutes les mémoires pour qu'il soit besoin d'y insister longtemps."

D'Gendarmerie gouf och reforméiert, krut en neie Service, d'Sûreté publique, am Prinzip eng Kriminalpolizei. Si huet awer éischter wéi eng politesch Police funktionéiert. Hir Haaptaktivitéit war d'Iwwerwaache vun den Auslänner. Berufflech Aktivitéiten, Frequentatiounen, politesch Iddien, Moralitéit. Alles gouf niddergeschriwwen an un de Parquet souwéi un de Justizministère weidergeleet.

D'Immigratioun war e Sujet, deen esou sensibel war, datt en zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich ausserhalb vum parlamentaresche Kader behandelt gouf. Duerch eng Successioun vun Arrêtés grands-ducaux huet d'Regierung versicht d'Awanderung ze kontrolléieren an anzeschränken. Si huet op der Basis vun engem Vollmuechtsgesetz gehandelt, wat 1915 gestëmmt gi war an eigentlech keng Berechtegung méi hat. Ausser wann een dovunner ausgaangen ass, datt den Noutstand net eriwwer war.

D'Besatzung, den Honger, d'Nokrichs-Krämp, d'Perspektiv vun enger Annexioun, haten de Lëtzebuerger gewisen, datt hiert onofhängegt Land stierflech war - ëmgedréit awer och, datt et eng eegen Existenz hat. Eng zerbriechlech allerdéngs, déi vun engem klengen, permeabelen Organismus, deen zu all Abléck vun der Kontaminatioun duerch friem Epidemië menacéiert war.