Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Messias vum Mars

D'BD vum Mount

De Messias vum Mars

"Starman" vum Reinhard Kleist bitt en differenzéiert a perséinlecht Bild vum David Bowie. Dat gëtt schonn am visuell beandrockende Prolog vun der Graphic Novel däitlech, an deem de Ziggy Stardust duerch eng dystopesch Géigewaart leeft, déi vu Pandemie a Klimakris gezeechent ass. De Jeff Thoss iwwer e Bezuch zur Aktualitéit, deen een net erwaart hätt, mee deen awer och net verkrampft wierkt.

auto_stories

5 min

Och sechs Joer no sengem Doud bleift den David Bowie eng vun de faszinéierendste Figure vun der Popgeschicht - an dat och am Comic. 2020 hat de Mike Allred mat Bowie: Stardust, Rayguns & Moonage Daydreams schonn eng vill diskutéiert Biografie mat Fokus op dem Bowie seng Karriär bis an d'frei Siwwenzeger verëffentlecht.

De Reinhard Kleist, deen och scho Graphic Novels iwwert den Johnny Cash an de Nick Cave gezeechent huet, leet elo mat Starman no. Wéi den Ënnertitel vum Buch - David Bowie's Ziggy Stardust Years - undeit, handelt och säi Comic vun der Zäit, an där de Kënschtler als androgyne Rocker vun engem anere Planéit sech selwer an d'Musekswelt nei erfonnt huet.

Kann den däitschen Zeechner eis eppes Neies iwwer dës Phas vum David Bowie erzielen? Op den éischte Bléck wierkt Starman wéi eng konventionell Musekerbiografie. An der Géigewaart vum Comic si mer an de Jore 1972 an 1973 mam Ziggy Stardust a senger Band, de Spider from Mars, op Tour. Tëschenduerch gëtt a Réckblenden erzielt, wéi den David Dowie sech säit de Sechzegerjoren lues eropgeschafft a säin Alter ego erfonnt huet.

De Reinhard Kleist erzielt dat alles an engem schnellen, heiansdo vläicht e wéineg ze schnellen Tempo, mat engem kräftege Strécher a kräftege Faarwen. D'Koloréierung ass ongewéinlech fir dësen Zeechner, deen ee fir seng markant an däischter Schwaarz-Wäiss-Biller kennt. Mee, wat fir d'musekalescht Universum vun engem Johnny Cash oder Nick Cave passt, passt fir d'grell Welt vum Glam Rock eben net onbedéngt. Rout, Orange, Giel, Mof a Pink dominéieren an de Joren 72 an 73, wärend d'Réckblende just e blatzegt Beige kennen.

De Ziggy Stardust huet Faarw an d'Popmusek an an d'Jugendkultur bruecht. Dee Message vu Starman ass kloer. Den David Bowie bréngt d'Rettung, déi hien sech selwer als Kand an engem Londoner Viruert erhofft huet. Wéi am Lidd "Starman" entdeckt de Bowie, deen hei nach David Jones heescht, am Radio de Rock'n'Roll an domat d'Versprieche vun engem aneren, méi fräie Liewen. Spéiderhin ass et dann hien, deen als Astronaut oder Ausserierdeschen um Radio an am Fernsee optrëtt, fir der Jugend d'Befreiung aus dem groen Alldag an aus der Welt vun hiren Elteren z'annoncéieren.

[ca. 2:38: Musek David Bowie, "Starman"]

En differenzéiert a perséinlecht Bild

Zu de Mënschen, deenen hiert Liewen den David Bowie esou beaflosst huet, gehéiert och de Reinhard Kleist - zumindest, wann een den Erzieler vun der Graphic Novel mat him identifizéiert. Reegelméisseg adresséiert dësen Erzieler de Bowie als "Du" an hieft bestëmmte Momenter oder Facette vu sengem musikalesche Wee ervir: esou zum Beispill en Optrëtt an der BBC-Sendung Top of the Pops, bei der den Gender Bender Ziggy zäertlech dem Aarm ëm säi Gittarist leet an allen Teenager, déi sech net an der heteronormativer Gesellschaft erëmfannen, undeit, dass si net eleng sinn.

Hei lount sech e Verglach mam Mike Allred sengem Bowie-Comic. Obwuel déi zwee oft op déi selwecht Billerwelten zeréckgräifen, speziell d'Raumfaart an d'Science Fiction, an déi selwecht Episode beschreiwen - Rencontre mat anere Kënschtler, Reesen, Concerten -, sinn hier Bléckwénkel awer ënnerschiddlech.

Beim Allred gëtt all Rock-Klischee erfëllt an dem Bowie säi privat Ëmfeld ass gréisstendeels irrelevant. Beim Kleist gesi mer, wéi dem David Bowie seng Fra, d'Angela, de Look vum Ziggy Stardust beaflosst a materschaf huet, an och säi Brudder Terry, den hien fir d'éischt mat op Jazz-Concerte geholl huet a spéider an der Psychiatrie lant, spillt eng wichteg Roll a senger kënschtlerescher Entwécklung.

Starman bitt en differenzéiert a wuel och méi perséinlecht Bild vum Museker, bei deem et net einfach drëm geet, d'Helde vu fréier ze feieren. Dat ass besonnesch däitlech am visuell beandrockende Prolog vun der Graphic Novel, wou de Ziggy Stardust duerch eng dystopesch Géigewaart leeft, déi vu Pandemie a Klimakris gezeechent ass, a seng Botschaft vun deemools widderhëlt: nëmme fënnef Joer huet d'Kanner nach Zäit, fir de Planéit ze retten, deen hir Eltere zerstéiert hunn. E Bezuch zur Aktualitéit, den ee wuel net erwaart hätt an deen och net verkrampft wierkt.

Zum Reinhard Kleist senger Approche zielt och en heiansdo kritesch Bléck op d'Phänomen David Bowie. De Pop-Messias, deen de Ziggy Stardust duerstellt, huet natierlech och seng geféierlech Säiten, a genau wéi dem Bowie gëtt et och sengem Biograf mat der Zäit ze vill mam Ziggy-Kult. Amplaz sech selwer vun de gesellschaftleche Fesselen ze befreien, lafen déi Jonk just hei hirem neien Idol no. Mee, wann den David Bowie eppes kann, dann ass et, sech nei ze erfannen.

E Buch fir Fans

An enger vun de originellste Passage verwandelt sech de Sänger no engem Concert am Vestiär vum Ziggy Stardust an deen David Bowie, deen een aus der zweeter Hallschent vun de Siwwenzeger kennt, dee, dee mam Iggy Pop zu West-Berlin an enger WG gelieft huet a mam Brian Eno de Sound vun de Achtzeger erfonnt. Domat kënnegt de Kleist och schonn d'Suite vu Starman un, LOW - David Bowie's Berlin Years, an där also déi nächst mythesch a vläicht souguer nach méi legendär Ära an der Karriär vum Kënschtler erzielt gëtt.

Starman, dat am Carlsen Verlag erauskomm ass, ass eng gekonnte Graphic Novel aus der Hand vun engem Zeechner, dee säi Métier beherrscht. Allerdéngs, an der aktuell Masse vu Biografien a Comic-Form ass et keng Publikatioun, déi besonnesch erausstécht. Si ass der Biografie vum Mike Allred sécherlech virzezéien, well se d'gesellschaftlech Bedeitung a Wierkung vum David Bowie méi genau ënnersicht. Et bleift awer e Buch, dat een an éischter Linn Bowie- oder Musek-Fans recommandéiere kann.