Wéinst dem Gesetz vun 1905 iwwer d'Trennung vu Kierch a Staat wier d'Situatioun a Frankräich haut natierlech eng ganz aner. Trotzdeem géif déi ëffentlech Hand deelweis fir den Ënnerhalt vu reliéise Gebaier opkommen. Effektiv gehéiert déi Paräisser Kathedral Notre Dame dem Staat, deen elo nom Groussbrand och den Erëm-Opbau wëllt matfinanzéieren, seet de Michel Pauly.
Dacks géif vergiess ginn, grad an den Diskussiounen iwwer Trennung vu Kierch a Staat, datt am franséische Gesetz ausdrécklech steet, datt de Staat verflicht ass, d'Gebaier ze ënnerhalen, fir datt de Culte méiglech bleift. An deem Sënn wier et logesch, datt de President Macron elo seet, d'Kierch erëm opzebauen.
"Dat ass hei vun den anti-klerikale Kreesser komplett ignoréiert ginn. Si wëlle jo mol net, datt d'Gemengen d'Kierche finanziell ënnerstëtzen." Am franséische Gesetz wier dat net de Fall, obwuel dat ëmmer als Modell geholl ginn ass.
Zur Geschicht vum Entstoe vun der Notre Dame am 12. Joerhonnert: Ee Gespréich mam Michel Pauly: