Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Stolsecteur

25. Joer radio 100,7

D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Stolsecteur

Ouni säi Stolsecteur wier Lëtzebuerg wuel ni zu där Wirtschaftsnatioun ginn, déi et haut ass. Och wann d'Land an Tëscht méi op säi Finanzsecteur setzt a probéiert sech an anere Beräicher e weidert Standbeen opzebauen, notamment IT a SpaceMining, bleift Lëtzebuerg de Siège fir eng ganz Rei Weltleaderen an der Stolindustrie: ArcelorMittal, Aperam a Paul Wurth. Och déi lescht 25 Joer, zanter der Grënnung vum radio 100,7, ware beweegte Jore fir d'Stolindustrie am Grand-Duché.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock / ShuBa

Ab 1993 huet déi fréier ARBED ugefaangen hir Stolproduktioun ze moderniséieren an op Elektrostol ëm ze stellen, woufir och en neit Wierk zu Déifferdeng gebaut gouf. D'Aus fir d'Lëtzebuerger Héichiewe gouf ënnert anerem och viru gedriwwen, nom sougenannten Ausbroch vum Héichuewen C am Januar 95, bei deem zwar glécklecherweis kee blesséiert gi war, ma de Schock souz awer déif bei Mataarbechter an ARBED-Direktioun. Den Uewe gouf demontéiert an a China verkaf. Den 31. Juli 1997 gouf et ee leschte symbolesche Goss am leschte Lëtzebuerger Héichuewen "B", éier och deen definitiv gestoppt gouf. An der Spezialemissioun "Déi lescht Schicht" hat de radio 100,7 mam deemolegen Obermeeschter a Responsabele vun der Produktioun um Site, Guy Bock, iwwert d'Enn vun dëser esou wichteger Era fir Lëtzebuerg geschwat:

"Dat si bal 100 Joer wou hei Minièrë bestanen hunn, wou vill Héichuewen hei am Land waren. 1920 hunn hei am Süden eleng 47 Héichuewe funktionéiert. Do hu vill Leit dra geschafft, vill Leit batter geschafft, vill Schweess ass do vergoss ginn an et sinn och vill Leit déi do leie bliwwe sinn. Ech mengen dat ass och schonn eng kulturell Affär, dat léisst d'Leit jo awer och net kal."

Am Joer 2000 goufen d'Héichiewe vum Belval an den Inventaire vun den nationalen Industrie-Denkmäler opgeholl. Zanter Juli 2014 ass den Héichuewen A och op fir Visiteuren.

Arcelor entsteet

Den Ufank vum 21. Joerhonnert huet e puer weider grouss Verännerunge fir déi Lëtzebuerger Stolentreprise mat sech bruecht. Een Extrait aus eisem Owespanorama vum 12. Dezember 2001:

"Arcelor nennt sech an Zukunft de weltwäit gréisste Stolproduzent, deen aus der Fusioun vun ARBED, USINOR an ACERALIA ervirgeet. Ab 2006 wëllt den neie Konzern pro Joer 700 Milliounen Euro spueren."

Zil vun Arcelor wier et, fir eng Referenz ze ginn an der Sidérurgie, sot den deemolege Co-President vum nei gegrënnte Grupp, Francis Mer. An dat huet an enger éischter Phase och geklappt: 96.000 Leit hunn an iwwer 60 Länner fir d'Arcelor an de Beräicher Laang-, Flaach- an Inoxproduktioun souwéi am Traitement geschafft. De Grupp huet e Joresëmsaz vun 30 Milliarden Euro gemaach a gutt 46 Milliounen Tonne Stol d'Joer produzéiert.

Véier Joer méi spéit war et schonn nees eng weider Fusioun. De 26. Januar 2006 huet de Betrib vum indesche Milliardär Lakshmi Mittal annoncéiert, datt een d'Arcelor fir 18,6 Milliarden Euro wéilt iwwerhuelen. Mat där feindlecher offre publique d'achat, kuerz OPA, waren d'Aktionären awer Uganks net averstanen, dorënner de Staat als Haaptaktionär. Sou dann och d'Reaktioun vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker an der Chamber:

"D'Lëtzebuerger Regierung ass där feindlecher OPA vu Mittal op d'Arcelor onfrëndlech gesënnt. Mir wëllen se net, well mer se net verstinn."

Arcelor a Mittal: "Mariage de raison"

Amplaz wollt sech d'Arcelor mam russesche Konzern Severstal zesummendinn. Ma nodeems d'Mittal Steel Company hir Offer ëm méi wéi 40 Prozent erhéicht hat, huet d'Direktioun vum Grupp hir Meenung geännert a fënnef Méint méi spéit d'OPA an Héicht vu 25,4 Milliarden Euro acceptéiert. Dozou den deemolege President vum Arcelor-Verwaltungsrot Joseph Kinsch.

"Ceci est un mariage de raison et je pense que les raisons ont été expliquées en long et en large. J'espère que ce mariage de raison peut aboutir dans un mariage de cœur également, à terme, entre nos équipes."

Finanz- a Wirtschaftskris: Éischt Bewärungsprouf fir Arcelor

De Succès vun dësem risege Konzern, mat engem Produktiounsvolume vun ëm déi 100 Milliounen Tonne Stol d'Joer, sollt awer um Enn vum leschte Joerzéngt an de Suitë vun der Wirtschafts- a Finanzkris zolidd gerëselt ginn. ArcelorMittal huet 2009 nëmmen nach d'Halschent vu sengem Ëmsaz gemaach an an der Konsequenz weltwäit 9000 Plazen ofgebaut. Och Lëtzebuerg ass dovunner net verschount bliwwen. D'Produktioun op de Sittë Schëffleng, Esch-Belval, Rodange an Déifferdeng gouf erofgeschrauft an och Personal war concernéiert, hat den Aarbechtsminister François Biltgen ugekënnegt.

"Et ass och sou datt d'ARBED eis informéiert huet, datt si mengen et missten 140 Leit elo mol méi kuerz schaffen an dat si mer amgaang ze kucken. Do huet den Aarbechtsministère seng Reunioune mat der Arcelor. Wa lo weider Betriber och misste méi lues dréinen, dann ass dat eng Prozedur wou mir mat der Arcelor doriwwer selbstverständlech an d'Diskussioun kommen, opgrond vun deene Prozeduren déi mer do hunn."

Iwwert déi nächst Jore goufen, opgrond vun de weidere Pertë vum Konzern, ëmmer nees Fermeturen a Restrukturatioune fir d'Lëtzebuerger Wierker ugekënnegt an et gouf weider Personal ofgebaut. De Member vun der ArcelorMittal-Generaldirektioun, Michel Wurth huet am Mäerz 2012 vu "schwieregen Decisiounen, respektiv Propositiounen" geschwat.

"Mir gesinn och net, datt et méiglech ass, och mat weidere Rationaliséierungsmoossnamen oder mat anere Moossnamen, wéi et méiglech wier an dësem Moment an eng positiv Situatioun eriwwer ze goen."

D'Envergure vun dëse Restrukturatioune weist sech ganz däitlech bei de Personalzuelen: Hunn am Joer 2006 zu Lëtzebuerg nach gutt 6.500 Leit fir ArcelorMittal geschafft, sinn et der haut just nach knapp iwwer 4.000.

Stolueweproduzent Paul Wurth gëtt un SMS Group verkaf

Am Joer 2011 ass iwwert eng Ofspléckung vun ArcelorMittal iwwerdeems den neie Betrib Aperam entstanen, e Produzent vu raschtfräiem Stol an Elektroblech mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Mat engem Ëmsaz vu ronn 3,5 Milliarden Euro ass d'Entreprise ee vun de weltwäit gréisste Produzente vun Inox a beschäftegt an iwwer 40 Länner eng 10.000 Mataarbechter.

Ee Joer drop hunn Arcelor Mittal - an der Kontinuitéit vu sengem Virgoe fir all Beräicher ofzestoussen, déi net zu sengem Kärgeschäft, der Stolproduktioun, gehéieren - an den Investment-Fong Luxempart hir Bedeelegungen un der Lëtzebuerger Gesellschaft Paul Wurth, nämlech 59,1 Prozent, un den däitsche Maschinnebauer SMS Group verkaf. De Staat ass minoritären Aktionär vum Betrib bliwwen. De 25. Juli 2012 sot de President vum Lëtzebuerger Traditiounsbetrib, Michel Wurth:

"Dat do ass eng immens Opportunitéit fir Paul Wurth, déi haut de Weltmaartféierer ass wat d'Héichiewen ugeet, déi also do net weider gréisser Chancen huet, fir nach weider an deem Beräich ze wuessen. D'Fro déi sech eigentlech gestallt huet, war fir ze soen "What's next?". A mir sinn zur Conclusioun komm, datt et eigentlech gutt wier, fir méi breet ze ginn an eben dofir dee Choix fir mat SMS dës Partnerschaft ze maachen."

Och dëst Joer gouf et nees eng weider Entwécklung an der Lëtzebuerger Stolindustrie, mam annoncéierten Opkaf vum italienesche Stolkonzern ILVA duerch ArcelorMittal an den italienesche Grupp Marcegaglia. Allerdéngs hat d'EU-Kommissioun als Konditioun fir déi Iwwernam gefuerdert, datt ArcelorMittal misst sechs aner Wierker uechter Europa verkafen, fir ze evitéieren, datt déi Lëtzebuerger Entreprise eng Monopolstellung kréich, dorënner och d'Galvaniséierungswierk zu Diddeleng.