Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Erschöpfungsgesellschaft

Aarbechtswelt

D'Erschöpfungsgesellschaft

Déi grouss Fräiheet vum fräie Mënsch am fräie Maart kënnt mat engem zolitte Präis fir d’Eenzelpersoun, nämlech der allgemenger Erschöpfung. Um Maart kämpft all Aarbechter mam Drock vun der Kompetitioun an der Produktivitéit. D'Konterpartie vun der fräier Maartwirtschaft ass d'Erschöpfungsgesellschaft. Dobäi hëlt d'Alienatioun fir déi meeschte Leit op der Aarbecht zou.

auto_stories

4 min

De Leeschtungsdrock féiert zum Burnout. Foto: Bigstock

Vun deem Moment un, vun deem de Mënsch selwer als Kapital ugesinn a behandelt gëtt, huelen d'Grondiwwerzeegunge vum neie Liberalismus integristesch Zich un: Alles wat zur Entwécklung vun der Produktivitéit vum Individuum bäidréit ass Mënschekapital. Vereinfacht heescht dat, datt net nëmmen d'Schaffen zu dësem Kapital gehéiert, mee och d'Ausbildung, d'kierperlech a geeschteg Gesondheet an d'sozial Kompetenzen.

Déi ganz Liewensféierung steet esou ënnert dem ekonomeschen Diktat vum Wuesstem. Als Mënschekapital gëtt den Individuum zur Ich-AG, zur Ech-Aktiëgesellschaft: Den "Homo oeconomicus" soll sech, säi Liewen, seng Famill, seng Aarbecht a seng Fräizäit esou manage, wéi e Kapital.

Ech-AG

Esou eng Ech-Aktiëgesellschaft ass awer nëmmen duerch eng stänneg Selbsktkontroll a Selbstekonomiséierung méiglech. Erreeche wëll een d'Maximiséierung vum Rendement duerch d'Maximiséierung vun der Leeschtung. Dat heescht: Méi laang a méi efficace schaffen. Kreativitéit, Autonomie, Innovatioun, Exploratioun, Flexibilitéit an Engagement, lieweslaangt Léieren, an dat Geléiert ëmmer séier, an am richtege Moment asetzen - dat si Wäerter, deenen hir Evidenz kee méi a Fro stellt.

An engem bekannte Managementklassiker mam Titel "In Search of Excellence", also "Op der Sich no Spëtzeleeschtungen", gëtt de Sënn vun dëse Qualitéiten op de Punkt bruecht:

"Well an der Wirtschaft nëmmen dat zielt wat bei eppes eraus kënnt [de Rendement also] ass Kreativitéit ouni aktiounsorientéiert Duerchféierung eng broutlos Konscht. A gewëssermoossen ass si verantwortungslos."

Spëtzeleeschtunge si gefrot

Innovatioun, Flexibilitéit, Kreativitéit, Imaginatioun si flott Saachen, mee net u sech. Wa si nämlech keng Suen abréngen, si si net ze verantworten. De Mënsch huet seng Kompetenze gefällegst dozou ze benotzen, datt eppes derbäi eraus kënnt. Schaffen a raschte geet do längst net méi duer. Déi aner schaffen och. Spëtzeleeschtunge si gefrot. Am ekonomesche Jargon heescht dat Exzellenz.

An dat soll schonn an der Schoul an op der Uni ufänken. Dofir brauch ee fir d'éischt emol Eliteschoulen an Exzellenclusteren. Fir sech selwer um Maart ze realiséieren a säin Kapital verantwortungsvoll z' investéieren, brauch et nämlech enger Elite. A paradoxerweis soll och jiddwereen, deen et wierklech wëllt, et bis bei d'Elite packen.

Champione gi gebraucht

Ganz am Sportjargon vum Coaching nenne Manager dës Eliten "Championen". D'Mënschekapital dat net stänneg wiisst an expandéiert, dat geet ënner. Iwwerliewen oder stoebleiwen ass en Doudesuerteel. Bei de sougenannten "Soft-skills", bei deenen Opzielunge bis zu 100 Kompetenze keng Raritéit méi sinn, gëtt konkret dee Wäertekanon deklinéiert, deen all Mënschekapital sech uneegne soll: Kommunikatiouns- a sozial Kompetenzen, Wuesstemsattitüd, Emotiounsregulatioun, Stressmanagement, Resilienz, Gedold, e staark Selbstbewosstsinn ... alles dat, ouni de gesonde Liewensstil an déi ausgeglachen Ernährung ze vergiessen.

Wéi Leeschtungssportler

Mee all dës Kompetenze ginn nach laang net duer. Et muss ee si och vermaarte kënnen. D'Ech AG ass eng Ech-Mark. A fir sech ze verkafe muss ee Reklamm fir sech maachen. Leider funktionéieren awer déi meescht Leit net wéi Alldags-Leeschtungssportler. An och Leeschtungssportler gräifen op speziell Mëttel zeréck, fir um Weltniveau ze bleiwen, vu Motivatiounscoaching bis Doping. Dem ekonomeschen Champion geet et do net anescht. De Präis ass d'Erschöpfung, d'Depressioun an d'Psychopharmaka-Ofhängegkeet.

De Leeschtungs-Individuum beut sech fräiwëlleg-nohalteg selwer aus. An dësem Kontext ass eng nei Krankheet entstanen: De chronesche Middegkeetssyndrom. No der Erschöpfung kommen de Burnout an d'Depressioun. Et ass dat manifest Versoe virum Leeschtungsdrock.

Depressioun a Burnout

Den Depriméierte packt et net méi, dem Ideal vun der Exzellenz ze entspriechen. Am schlëmmste Fall fänkt hien esou guer un, all dat Rennen, Exzelléieren a Wuessen a Fro ze stellen. Spéitstens bei esou Froe gëtt psychiatresch a psychotherapeutesch Hëllef dréngend néideg.

Den Individuum als Mënschekapital fillt sech dann onzoulänglech: Hien stéisst un d'Grenze vu sengem Wuesstem, a mierkt datt seng Leeschtungen ongenügend sinn. D'Depressioun gëtt domat, wéi de franséische Soziolog Alain Eherberg et ausdréckt, zur Pathologie vun der Insuffizienz. Den Depriméierten ass net méi traureg. Hien ass erschöpft an huet keen Undriff méi fir ze wuessen a sech ze verbesseren. Depressioun ass dat séilescht Equivalent vun der ekonomescher Stagnatioun.

Therapeutesch muss den Depressiven erëm opgebaut ginn: Hie muss geheelt ginn, fir esou séier, efficace a käschtegënschteg wéi méiglech zeréck an d'Competitioun vun der Kapitalakkumulatioun zeréck ze rennen. Dat geet am beschten duerch pharmakologesch Stimulatioun: Den AntiDepresseur gëtt am Alldag vum Equivalent vum Doping beim Leeschtungssportler.