Mäin Europa D'EU-Reegelen iwwer Fuer- a Pauszäiten am Bustransport

An Europa gëlle präzis EU-Virschrëften, wéi laang Bus-Chauffere fueren däerfen a wéi dacks si pause mussen.

Maurice Molitor / cbi

Buschauffer
Foto: Bigstock / polack

Wann am Transportwiese vum Reglement 561/2006 geschwat gëtt, da weess do jiddwereen ëm wat et geet: ëm deen Text, deen de Bus- a Camionschauffere virschreift, wéi laang si fueren däerfen a wéi dacks se pause mussen.

Et ass en europäescht Reglement; d'Reegelen, déi dra stinn, gëllen also an der ganzer EU. Datt et net esou einfach ass, se ëmmer anzehalen, datt een awer Interessi drun huet, se ze respektéieren, dat ass de Maurice Molitor gewuer ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Mäin Europa / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Bus
Reorganisatioun vum RGTR-Bus Reseau

De Bus-Reseau RGTR gëtt komplett reorganiséiert. Deen neie Reseau gesäit néng grouss Achse vir, déi déi grouss a regional Pôles d'échangë verbannen. Op deenen néng Achse sinn Expresslinne virgesinn, déi op Busspure solle fueren, sou de Mobilitéitsminister François Bausch.

camion.jpg
Aarbechtsrecht

Ëmmer méi westeuropäesch Betriber stelle Camionschaufferen aus Osteuropa an a bezuelen Dumping-Léin. Kritiker schwätze vu Sklaverei. Lëtzebuerg spillt als Transitland eng wichteg Roll.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen