Radioen

On air

Resonanzen  |  Scott Joplin - Reflection Rag - Diavolo Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Geschicht a senger trageschster Form

Zäithistoriker

D'Geschicht a senger trageschster Form

D'Geschicht huet sech erëm a senger trageschster Form an eisen Existenzen zeréckgemellt. Dorop ware besonnesch déi europäesch Gesellschaften net virbereet. Evidenzen, déi eis Gesellschaften zanter Joerzéngten strukturéiert haten, goufe vun enger Woch op déi aner komplett zerstéiert. Reflexioune vum Zäithistoriker Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

Datt iergend eng Katastroph géif kommen, louch scho laang an der Loft. Zanter Joren hu mir eis kollektiv wéi Villercher verhalen, déi Stonne virum Tsunami eppes Anormales spieren. Et huet eng Endzäitstëmmung geherrscht, geniert duerch divers Ängschten: Ëmweltkatastroph, finanzielle Kollaps, Drëtte Weltkrich ... Eis Gesellschafte waren drop gefaasst, datt dat schlëmmst nach géif kommen, an trotzdeem waren d'Europäer absolut guer net prett, wéi d'Geschicht sech a senger trageschster Form zeréckgemellt huet.

D'Kris, déi eis am Fréijoer 2020 befall huet, ass vum Genre, deen Epochen ofschléisst. Verschidden Dogmen, déi eis Gesellschaften zanter Joerzéngten strukturéiert haten, sinn, vun enger Woch op déi aner, ewechgekiert. Verdutzt a konfinéiert sti mir, wéi eis Virfaren am August 1914, am Oktober 1929 oder am Mee 1940, virum dämpende Koup vun eise vergaangenen Evidenzen.

D'EU spillt keng Roll, soubal et ëm Liewen an Doud geet

Déi éischt Evidenz war, datt d'liberal Demokratie déi aller effizientste Staatsform ass. Et wäert awer warscheinlech komplizéiert sinn, dem autoritäre Rescht vun der Welt dovunner ze iwwerzeegen, zu engem Zäitpunkt, wou mir eis individuell Fräiheeten aschränke mussen; wou dat totalitäert China sech als Géigemodell profiléiere wëllt; wou d'Volleksrepublik a souguer Kuba, den Italiener déi Hëllef ubidden, déi hir europäesch Partner hinnen net gi wollten an elo net méi gi kënnen.

Domadder wiere mir scho bei der zweeter zerbrachener Gewëssheet ukomm. Dem dominanten Discours no konnt eleng d'Europäesch Unioun d'Awunner vum Kontinent virun zukünfteg Geforen ofschiermen. Elo stelle mir awer fest, datt d'EU keng Roll spillt, soubal et ëm Liewen an Doud geet.

D'Eenegung vum europäesche Kontinent war d'Hoffnung vun traumatiséierte Gesellschaften. Vu Leit, déi déi Feeler, déi zu de Weltkricher geféiert haten, net wollte widderhuelen. Et war awer och d'Léisung vu geschloenen Natiounen. Eng Noutléisung also, déi zu enger Dugend verschéinert gouf. En Alibi fir sech mat guddem Gewëssen aus der Geschicht erauszezéien.

Eng éiweg Widderhuelung als Utopie

D'europäesch Nationalstaaten haten nom Zweete Weltkrich hir geopolitesch Zentralitéit verluer, waren awer an de Joerzéngten dono esou räich gi wéi nach ni. Gesiedegt a muechtlos hunn d'Europäer d'Vergaangenheet wéi eng däischter Dimensioun betruecht, fir déi ee sech huet misse schummen.

D'Zukunft war eng distant an iergendwéi irreell Projektiounsfläch. Eng idealiséiert Plaz, wou iergendwann déi definitiv politesch Eenegung vum Kontinent géif realiséiert ginn - an dono vun der Welt. D'Finalitéit vun der Geschicht war eng gëeenegt Mënschheet, ënner dem Imperium vun de Mënscherechter a vum Marché. Eng westlech Mënschheet also. Eng universell Fantasie, déi op e chrëschtlechen Ënnerbewosstsinn opgebaut war.

D'Europäer hunn op déi "Aufhebung" gewaart. Bis déi sech dann, warscheinlech vum selwen, géif realiséieren, hu si awer weidergelieft, wéi wann et muer net géif ginn. Hir idealistesch Projektiounen an d'Zukunft waren eigentlech just do fir hir eigentlech Utopie ze verstoppen: déi éiweg Widderhuelung vum selwechten, mee am besseren.

D'Geschicht war ënner Kontroll, wéi eng Epidemie

Fir dat ze verstoe muss een u Filmer wéi "Groundhog Day" mam Bill Murray, oder "Edge of Tomorrow" mam Tom Cruise a mat der Emily Blunt denken. An deenen zwee Filmer erliewen d'Haaptpersonnagen ëmmer erëm dee selwechten Dag. En Dag, deen ëmmer erëm deen nämmlechten Oflaf huet. Si verstinn awer wat lass ass a léiere lues a lues, wéi si deen Oflaf kënne beaflosse fir hir Ziler ze erreechen.

Eng änlech Vue vun der Zäit hat sech an Europa duerchgesat. Domadder war d'Iddi verbonnen, dat et weder méiglech nach wënschenswäert war, den Oflaf vun der Geschicht bestëmmen ze wëllen. Datt all Versuch an déi Richtung zu Totalitarismus, KZ, Gulag, Weltkrich a Massemord géif féieren. Alles an allem war alles perfekt, am schlëmmste Fall perfektibel. D'Geschicht war ënner Kontroll, wéi eng Epidemie. Et gouf kee Grond fir ze panikéieren. Kee Grond nei, potenziell geféierlech Weeër anzeschloen. Spezialisten hu sech ëm alles gekëmmert.

Vun 2007 un ass zum Beispill déi schlëmmst Finanzkris zanter den 1930er Joren ausgebrach. Verschidden Extremisten hate scho verlaangt, datt de ganze Finanzsystem géif reforméiert ginn. Zum Schluss war awer alles erëm beim Alen, Gewinnten zeréckkomm. Um System war jo näischt auszesetzen. Et hate sech just e puer Leit ganz schlecht verhalen. D'Haaptacteuren hunn dowéinst versprach an d'Zukunft méi moralesch ze handelen.

D'onsiichtbar Hand

Den Oflaf vun der Geschicht war a sech guer net esou schlecht, soulaang sech d'Politik net agemëscht huet. De Staat hat just nach eng begrenzt Roll ze spillen. Säin Optrag war et, eis perfekt Géigewaart nach méi perfekt ze maachen: d'sozial Gesetzer der Realitéit unzepassen, de Gesondheetssystem méi pragmatesch ze organiséieren, sech fir e vergaangene Feeler ze entschëllegen oder e Biergerkrich an engem manner verwinnten Eck vum Globus ze stoppen.

Déi eenzeg Aart a Weis fir en authenteschen Equiliber ze fannen, war d'Individue gewäerden ze loossen. Vertrauen ze hunn an d'Koherenz vun hire Milliounen, dagdeeglechen, vertraglechen Interaktiounen. Eng onsiichtbar Hand géif an deem scheinbare Chaos Uerdnung schafen. Och am Fall vun der Corona-Epidemie war dee Laisser-faire déi bescht Optioun, ass laang Zäit geduecht ginn.

Et ass kee Wonner, datt déi Länner, déi sech am längste géint d'Iddi vun engem Shutdown gewiert hunn, grad déi sinn, wou de Liberalismus entstanen ass: Holland, d'Vereenegt Kinnekräich an d'Vereenegt Staaten. Hir Strategie war am Ufank de fräien immunitäre Maart gewäerden ze loossen. Den Individuen d'Opportunitéit ze loossen, Antikierperen ze produzéieren an ouni staatlech Amëschung ëmzetauschen. D'Vereenegt Kinnekräich huet déi Strategie awer mëttlerweil opginn, well säi Gesondheetssystem d'Mëttelen net huet fir se ze assuméieren.

Verneinung vun de liberalen Dogmen

De Problem vum Coronavirus läit nämlech net um individuellen Niveau. D'Proportioun vun Doudeger ass eigentlech niddreg, läit warscheinlech ëm 1 Prozent, behaapte verschidde Spezialisten. Fir deen eenzelen ass et just eng aggressiv Gripp. De Virus ass awer eng Katastroph um kollektiven Niveau, well e sech ganz séier, ouni Hindernis verbreede kann.

De Problem ass, datt eng Majoritéit vun der Bevëlkerung an enger extrem kuerzer Zäitspan kann infizéiert ginn. Wann eng allze grouss Zuel vu Patienten eng schro Form vun der Krankheet entwéckelt, sinn op eemol net méi genuch Better op den Intensivstatioune verfügbar. An da kann de Gesondheetssystem, an eigentlech och de gesamte soziale Kierper, kollabéieren.

De Coronavirus huet domadder fest etabléiert liberal Dogmen verneint. Nee, dat allgemengt Wuel ass net ëmmer just d'Zomm vun den individuellen Interessen, a jo, de Staat ass heiansdo d'Léisung, net de Problem. D'Nationalstaate sinn obsolet, dout, hat et laang Zäit geheescht. Si erliewen elo e Comeback, well si déi eenzeg Instanze sinn déi handelen kënnen, a well si eng Erënnerung droen; d'Erënnerung u vergaange Katastrophen an un deenen, déi iwwerlieft hunn. Elo wou eis Zukunft esou onsécher ass, elo wou eis Gewëssheeten zerstéiert sinn, kënne mir erëm an eiser Geschicht eng Inspiratioun sichen, net méi e Beweis vun eiser Iwwerleeënheet.