Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Geschicht vun der EU- erzielt vun engem Pro-Europäer

Buchbespriechung

D'Geschicht vun der EU- erzielt vun engem Pro-Europäer

Bicher iwwer d'Geschicht vun der europäescher Integratioun gëtt et mëttlerweil am Iwwerfloss. De René Leboutte, Historiker op der Universitéit Lëtzebuerg, weist mat sengem neie Buch, datt d'Theema trotz der breeder Offer um Maart nach ëmmer spannend an opschlossräich ka sinn. Fir hien huet d'Beschäftegung mat der Vergaangenheet awer méi wéi just een akademesche Wäert.

auto_stories

5 min

Den Titel gëtt onmëssverständlech d'Richtung un: "Pro Europa 1919-2019". Ee Buch also, dat den europäesche Projet verteidege wëllt - an dat zu engem vun de kriteschste Momenter a senger Geschicht.

Grad elo, wou d'EU an enger déiwer Kris sëtzt, an den Euroskeptizismus sech breet mécht, wëllt de René Leboutte op gemeinsam Wäerter hiweisen a virun allem och op déi gemeinsam Vergaangenheet aus deenen dës Wäerter entstane sinn.

"L'Union européenne telle que nous la connaissons aujourd'hui, n'est pas une superstructure déconnectée de chacun de ses pays membres ; elle est la " résultante " de plus d'un demi-siècle de négociations, de compromis, d'accords, de traités élaborés par des États souverains. Elle est le reflet de notre société."

Dat Positiivt un der EU weisen

De René Leboutte adresséiert sech a sengem Buch un den Duerchschnëttsbierger fir him virun d'Aen ze féieren, wéi eng positiv Errongenschaften d'EU mat sech bruecht huet. Hie wëllt weisen, wisou et och haut nach wichteg ass, sech fir Europa anzesetzen a liwwert mat dësem Buch säin eegene Bäitrag.

"L'Histoire de l'intégration européenne, certes, très complexe, comme tout phénomène sociétal, a un urgent besoin d'être énoncée en termes clairs, sans jargon ni circonvolutions intellectuelles, afin que tout un chacun puisse se forger son opinion loin des slogans."

Ee grousse Verdéngscht vum Buch ass säi multimedialen Aspekt. Verlinkungen am Text erlaben et dem Lieser - wann en dann déi elektronesch Versioun benotzt - um Site vum Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe Originaldokumenter ze consultéieren an Discoursen ze lauschteren. D'Liese ass esou méi interaktiv an och d'Geschicht vun Europa gëtt doduerch méi lieweg a méi gräifbar.

Dem René Leboutte säin Haaptargument, mat deem hien zu Recht d'Kontributioun vun der Europäescher Unioun ënnersträicht, ass d'Etabléiere vun engem friddleche Mateneen tëschent Länner, déi nach e puer Jore virun der Schafung vun der CECA géintenee Krich geféiert hunn. Hie verstoppt net, datt déi Kooperatioun sech awer och - a vläicht virun allem - op Drock vu bausse gemaach huet - nämlech engersäits duerch d'Vereenegte Staate vun Amerika, déi mam Marshall-Plang déi europäesch Rekonstruktioun ënnerstëtzt hunn. Anerersäits awer och duerch d'Sowjetunioun, déi fir Westeuropa de gemeinsamen externe Feind duergestallt huet, géint deen ee sech huet misse verteidegen.

Haaptfokus: de Kale Krich

De Schwéierpunkt vum Buch läit op der Wirtschafts- a Sécherheetspolitik vun Europa wärend dem Kale Krich. Mee de René Leboutte geet dofir och op d'Virgeschicht vun der EU an - op deen Éischten a besonnesch deen Zweete Weltkrich souwéi op Visionären, déi ganz fréi erkannt hunn, datt just eng supranational Kooperatioun de Fridden um ale Kontinent garantéiere kann. D'Buch ass awer och ee perséinleche Warnrutf un de Lieser: Direkt an der Aféierung warnt den Auteur, datt den europäesche Projet riskéiert zu Gronn ze goen.

"Ces pages sont nées d'une écoute de ce que j'appelle la " crise de conscience européenne actuelle ", qui porte en son sein un amalgame dangereux de nationalisme, voire de racisme, de protectionnisme et de militarisme: les trois composantes du cocktail qui a donné la Première Guerre mondiale, puis la Seconde."

D'Buch verfollegt also ee kloert Zil: sengem Lieser d'Geschicht vun Europa méi no ze bréngen an duerch d'Opschafe vun der Vergaangenheet een europäescht Bewosstsinn, jo souguer eng kollektiv Identitéit ze schafen. Et ass awer kee simplistescht Buch, dat mat emotiven Argumenter iwwerzeege wëllt. Den Auteur bleift och hei senger akademescher Séil trei a liwwert een informatiounsräichen Iwwerbléck op de Werdegang vun Europa an deene leschten 100 Joer.

Den Traité vu Maastricht als Ursprong

Et ass ee robust Aféierungswierk, dat säi Lieser duerch ee Labyrinth vun europäeschen Traitéen an Institutioune féiert, ouni sech an Detailer ze verléieren. Déi aktuell europäesch Krise ginn och kuerz erwäänt - vläicht bëssen ze kuerz. Just ee Kapitel behandelt d'Flüchtlingsproblematik souwéi d'Finanz- an d'Bankekris. Fir de René Leboutte läit d'Wuerzel vun dëse Krisen am Traité vu Maastricht.

"Le problème fondamental réside dans le fait que ce traité a instauré un vrai marché unique, une vraie union monétaire, une ébauche d'Europe sociale, un transfert considérable de souveraineté avec l'euro, MAIS il n'a pas instauré en même temps un pouvoir européen politique tant pour les Affaires intérieures que pour les Affaires étrangères."

Eng Wirtschaftsunioun ouni eng politesch Unioun kéint, sou de René Leboutte, net effikass funktionéieren. Seng Visioun vun deem, wat Europa soll sinn, implizéiert also eng méi déifgräifend Integratioun, déi der EU méi Pouvoiren um politesche Niveau soll ginn - ee Léisungsusaz deen an direktem Kontrast zu der euroskeptescher a souverainistescher Approche steet, déi de Pouvoir vun der EU reduzéiere wëllt.

Grad zanter de Finanz- a Flüchtlingskrisen ass dës Approche méi populär ginn. Ëmsou méi Schued ass et, datt d'Buch sou wéineg op dës Krisen ageet. Zwar weist den Auteur op d'Problemer hin, déi haut an der EU existéieren, mee déi eigentlech Argumenter vun den Euroskeptiker - déi sécherlech net all onbegrënnt sinn - ginn net wierklech adresséiert. Sou informatiounsräich a passionant et och ass, d'Buch wäert wuel kaum een europakritesche Lieser dovunner iwwerzeegt kréien, den europäesche Projet méi bereetwëlleg ze ënnerstëtzen.