Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gewässer zu Lëtzebuerg sinn an engem schlechten Zoustand

Biophilia

D'Gewässer zu Lëtzebuerg sinn an engem schlechten Zoustand

Ëm déi Lëtzebuerger Flëss a Baachen ass et net gutt bestallt: Populatiounsdrock, Landwirtschaft an Industrie maachen de Fléissgewässer ze schafen. Mat engem sougenannte Bewirtschaftungsplang ginn elo Mesuren decidéiert, fir dogéint ze steieren.



auto_stories

3 min

Eng EU-Direktiv aus dem Joer 2000 schreift vir, dat all Memberstaat all sechs Joer e sougenannte Bewirtschaftungsplang an e Katalog vu Mesure muss ausschaffen.

Do gëtt ee komplette Bilan vum Zoustand vun de Gewässer gemaach an erkläert, wéi ee bestoend Problemer wëll ugoe fir d'Qualitéit vun de Gewässer ze verbesseren.

Kee Gewässer zu Lëtzebuerg a guddem Zoustand

De leschte Plang gouf am September virgestallt a gëllt fir d'Joren 2021 bis 2027. Fir d'Qualitéit vun de Baachen a Flëss ze bewäerten, ginn dräi Krittäre gekuckt: den ökologeschen Zoustand, de chemeschen Zoustand, esouwéi de Volume vum Waasser wat duerchleeft.

Der Analyse no, ass keen eenzegt Gewässer zu Lëtzebuerg an engem gudde biologeschen oder chemeschen Zoustand.

Hei muss een awer wëssen, datt d'Gewässer an eng schlecht Kategorie falen esoubal ee Parameter iwwer dem Grenzwäert läit. Et kënne sech also zéng Belaaschtungskrittäre verbessert hunn a just ee verschlechtert, fir datt d'Gewässer ofgewäert gëtt.

Ursaache fir de schlechten Zoustand si séier fonnt

Eng Haaptursaach ass de Populatiounsdrock mat all senge Konsequenzen. Am Detail gehéieren dozou kënschtlech verännert oder kanaliséiert Baachen, d'Feele vun natierlechen Habitaten, ze vill eng héich Waassertemperatur esouwéi Verknaschtunge mat Dünger a Pestiziden aus der Landwirtschaft, kommunale Kläranlagen oder nach der Industrie.

Och d'Grondwaasser ass zu Lëtzebuerg net verschount bliwwen: vun den am Ganze sechs Grondwaasserkierper, déi ënner eisem Land leien, sinn der dräi an engem gudde chemeschen Zoustand. Bei deenen aneren dräi goufen niewent Nitrat aus der Landwirtschaft, virun allem Ofbausstoffer vu Pestiziden ewéi Metolachlor a Metazachlor nogewisen.

Dat ass ëmsou méi kriddeleg, well 55 Prozent vun de 44 Millioune Kubikmeter Drénkwaasser, déi all Joer hei am Land verbraucht ginn, aus dësem Reservoir kommen. Well vill Quelle wéinst ze héijer Belaaschtung mussen zougemaach ginn, geet all Dag Drénkwaasser fir 65.000 Leit verluer.

Verschlechterung trotz Initiativen an de leschte Joren

Dobäi ass et net, wéi wann déi lescht Joren näischt geschitt wier: zanter 2015 goufe 15 nei Kläranlage gebaut, aacht Anlage goufe vergréissert oder moderniséiert, 16 Kilometer Baachen a Flëss goufe renaturéiert, an 48 Drénkwaasserschutzzone goufen ausgewisen.

D'Effekter dovu loosse sech och moossen; esou ass zum Beispill d'Ammoniumkonzentratioun an der Uelzecht däitlech erofgaangen.

Am neie Mesureprogramm sinn elo 197 eenzel Aktiounen opgezielt, fir d'Ziel vu proppere Gewässer ze erreechen. Geplangt si virun allem weider Renaturéierungen, d'Schalte vun enger véierter Klärstuf an de Kläranlagen an de Schutz virum Zoufloss vu Piff an Närstoffer.

Wichteg bei all deenen Aktiounen ass dem Waasserwirtschaftsamt no, awer d'Akzeptanz bei deene Betraffene fir dës Aktiounen. Ouni déi sinn zum Beispill Renaturéierunge laanscht Terrainen a Privatbesëtz net méiglech.