Radioen

On air

Notturno  |  Van Morrison - Astral Weeks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gratuitéit versus Kapitalismus

Gesellschaft

Gratuitéit versus Kapitalismus

Wann d'Grondbedierfnesser wéi Iessen, Energie, Waasser, Transport a Wunnen a Kultur gratis wieren, da wier déi sozial an ekologesch Transitioun méiglech, seet de franséische Politolog Paul Ariès. Alles wat driwwer eraus consomméiert géif ginn, misst méi kaschten. Dee System misst iwwer eng gerecht Besteierung finanzéiert ginn, esou den deklaréierte lénke Gréngen.

auto_stories

2 min

Et géif un engem weltwäite sozialpolitesche Projet feelen, an d'Gratuitéit kéint en Deel dovunner sinn, "fir dat ze redefinéieren, wat de Philosoph Ernst Bloch den "Hoffnungsprinzip" genannt huet. A fir mech zeechent d'Gratuitéit en Horizont fir dat 21. Joerhonnert", sou de Paul Ariès.

De Paul Ariès ass der Meenung, datt d'Gratuitéit als d'Zil huet fir vun enger Virstellung vu Gesellschaft zu enger anerer iwwerzegoen.

"Well et kann een der Gesellschaft vun der Hyperconsommatioun reprochéiere wat ee wëllt, et muss een hir zougestoen, datt mir si genéissen. Et ass e Genoss fir ëmmer méi ze consomméieren, et ass e Genoss fir ëmmer méi séier a méi wäit ze goen."

"De Privatbesëtz ass net dat Wichtegst"

De franséiche Politolog schwätzt vun engem schlechte Genoss, deen nëmme vun engem nach méi genossvolle Genoss kéint ersat ginn. "An déi eenzeg aner Form vu Genoss, déi kann existéieren, ass de Genoss ze sinn. Sech drun ze erënneren, datt de Mënsch un éischter Stell e soziaalt Wiesen ass."

"Ech mengen de groussen Enjeu ass fir sech bewosst ze ginn, datt dat Wichtegst fir kënnen am 21. Joerhonnert ze liewen net de Privatbesëtz ass. Et ass net, wat jiddwereen op sengem Bankkonto huet. Wat et soll erméiglechen ze existéieren, ass dat wat een zesummeschaaft. Et ass d'Qualitéit vun der sozialer Bindung. Et ass de Service public."

Gilets jaunes: "Dem Engagement e Sënn ginn"

D'Beweegung vun de Gilets jaunes a Frankräich wier den Ausdrock vun Hoffnungslosegkeet an enger zerpléckter Gesellschaft.

Déi grouss Schwieregkeet fir d'Beweegung vun de Gilets jaunes wier et fir eng politesch Ëmsetzung ze fannen. "Et ass eng Beweegung, déi esouwuel dat Bescht wéi dat Schlëmmst a sech dréit", sou de Paul Ariès. Dat Bescht wier den Usproch fir méi Steiergerechtegkeet, an dat Schlëmmst wier d'Zouhuele vum Rassismus an Antisemitismus. Déi politesch Parteien an déi Responsabel vun de Gewerkschaften hätten dofir eng Verantwortung.

E groussen Deel vun der Populatioun hätt d'Gefill, keng Zukunft méi ze hunn. "A wann d'Leit keng Zukunft méi hunn, wäerte si sech noutwendegerweis revoltéieren. Verschidde Leit géifen zur Gewalt iwwergoen, well si selwer eng gewaltvoll Situatioun erliewen. Déi beschte Léisung fir Sozialkonflikter ze léisen, wier et fir den Engagementer e Sënn ze ginn.