Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Beweegung géint Schlofproblemer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Illuminati: Lady Gaga a konservativ Iddien

Konspiratiounstheorien

D'Illuminati: Lady Gaga a konservativ Iddien

D'Konspiratiounstheorien hunn um Internet eng nei Spillwiss fonnt. Och d'Illuminati sinn do nach ëmmer aktuell. Mëttlerweil ginn Jay-Z a Lady Gaga och zu hire Membere gezielt. E Bléck op d'Hannergrënn.

auto_stories

10 min

Dat sougenanntent "Aen wat alles gesäit" um amerikaneschen Dollar

Kuerz gefaasst geet – op Säite vun de "Believers" – déi ganz Geschicht vun der Illuminati-Verschörungsthoerie ongeféier esou:

D’Illuminati sinn eng geheim Gesellschaft, där d’Elitten an d'Célébritéiten an allen Häre Länner ugehéieren. Déi op Youtube am dackste genannte Membere vun den Illuminati sinn de Barack Obama, d'Kinnigin Elisabeth II, den George W. Bush, d'Rappere Kanye West a Jay-Z, d'Rihanna, de Bob Dylan, d'Beyoncé, d'Lady Gaga an d’Rockefeller-Famill.

D'Illuminati kontrolléieren – ëmmer nach de Verschwörungstheoretiker no – mat Hëllef vun dëse Leit d’Währungen an d’Weltwirtschaft, an zwar iwwert di amerikanesch Federal Reserve an den Dollar. Si kontrolléieren d'Weltpolitik iwwert de Rot fir Auslandsbezéiungen an d'Vereenten Natiounen. A si kontrolléieren déi kleng Beamten a Manager iwwert d'Fräimaurer, an de Rescht vun den aarme Geeschter iwwer Pop-, Rock, Rapmusék a Filmer.

Charismatesche Leader, a Wierklechkeet den Antichrëscht

Alles dat wier ee risegen Organismus, an deem d'Rolle vun den eenzelnen Akteure geheim bleiwen. Just déi puer iewescht Leit wëssen, wou dat Ganzt histeiert, nämlech op eng Weltregierung, mat un der Spëtzt engem charismatesche Leader, deen a Wierklechkeet den Antichrëscht wäert sinn. Wahlweis kënnt een inszenéierten drëtte Weltkrich do virdrun, an duerno natierlech d'Apokalyps, wou Gott di Recht an di Schlecht vuneneen trennt.

Optionnellerweis sinn och d'Aliens, déi schonn op der Äerd verstoppt wunnen, am Komplott mat dran, a versuergen d’Illuminati mat neien Technologie wéi Glasfaserleitungen an dem "Large Hadron Collider", deen eventuell eng "Mind Control Machine" ass. Alleguer sinn se Satanisten, dorënner besonnesch de Popst François. D'kathoulesch Kierch ass nämlech am Fong eng Weiderféierung vu babyloneschem Heedentum.

​Beweiser, dass d'Illuminati dat Ganzt Weltgeschéie beherrschen, sinn dobäi niewent dem John F. Kennedy senger Ermordung an Honnerten anere Komplotten och dem Whitney Houston säin Doud, der Lady Di hiert Accident, den Numm vum Jay-Z an dem Beyoncé hirem Kand, 9/11 a satanistesch Symboler. Dem Lady Gaga säi Video vu "Born This Way", den ëmmerhin e rosa Dräieck an een Einhorn weist, ass och eng Referenz op okkulten Illuminati-Satanismus. Souwäit, sou verschwöreresch.

Gesellschaft géint Obskurantismus an Aberglauben

Vun de Skeptiker hirer Säit gesäit déi ganz Geschicht e bëssen anescht aus. Déi historesch Illuminati waren eng geheim Gesellschaft am Zäitalter vun der Opklärung, déi sech 1776 a Bayern gegrënnt hunn mam Ziel, géint Obskurantismus, Aberglauben, d’Ongerechtegkeeten tëschent Mann a Fra an den Despotismus vun den deemolegen Herrscher virzegoen. Hir Methode war de Subterfuge an hir Disseminatiounsmethoden d'Fräimaurer, vun deenen d'Grënner, haaptsächlech den Adam Weishaupt, iwwerzeegte Membere waren.

Dass esou eng Organisatioun deemools Oppositioun verursaacht huet, iwwerrascht net, an si goufen och 15 Joer méi spéit vum Bayereschen Herrscher Karl Theodor a vun der Katoulescher Kierch infiltréiert, opgebrach a verbueden. Hire Mythos war duerch dësen intellektuelle Martyrium esou staark, dass Monarchisten a kathoulesch Traditionalisten se hannert der franséischer Revolutioun an deene villen anere Revolutiounen, déi d'europäesch Monarchië schlussendlech an d’Knéie gezwongen hunn, gesinn hunn.

Rietskonservative Glaawen

De Glawen un e Weiderbestoe vun den Illuminati war also vun Ufank un een typesch rietskonservativen. Dat ass och haut an Amerika nach esou. Well nëmme wann een e protestantescht a relativ literaalt Bibelverständnis matbréngt, an de Prophezeiunge vum Komme vum Antichrëscht am Buch vun de Revelatiounen – wou d’Apokalyps erklärt gëtt – Glawe schenkt, mécht di ganz "New World Order-Theorie" och Sënn. Dass déi originell Illuminati eng Participatioun un esou reliéise Fabelen ausgelaacht hätten, schéngt fir d’Komplottisten net weider an d’Gewiicht ze falen.

Fir vill liberaldenkend Leit ass d’Illuminati-Konspiratiounstheorie, mat hirer reliéiser Eschatologie, hire revisionnisteschen Tendenzen an hirer Instrumentalisation vun anere Komplott-Theorien, soss näischt wéi ee Refuge fir chrëschtlech Fundamentalisten, déi sech mussen tréischten, dass déi modern Welt esou guer net hire Virstellungen entsprécht.

Wäit gaang an der Recherche vu Manipulatiounsmechanismen

Wéi schwaarzamerikanesch Rapper drop kommen, d’Illuminati-Theorie héichzehalen, doriwwer fënnt een Indikatiounen am Michael Barkun sengem Wierk "Culture of Conspiracy: Apocalyptic Visions in Contemporary America". An dësem Buch geet de Wëssenschaftler engem paranoide Stil am amerikanesche politeschen Denken op d'Spur. Éischt Uersaach ass natierlech, dass an der Politik, an de Medien, an der Finanzwelt, grouss ugeluechte Korruptioun a Kartellismus herrscht, besonnesch am Land vun de Fräien.

Dass räich a mächteg Leit kennen hannert verschlossen Dieren iwwer all demokratesch Strukturen ewech Decisiounen huelen, déi dem klenge Mann schueden a Big Business favoriséieren, déi Méiglechkeet kann an dierf een net ausschléissen. Besonnesch Amerika ass doniewent och e Land, wou d’Regierung an hire Geheimdéngscht, d'Central Intelligence Agency, relativ onofhängeg vunenee funktionéieren, a wäit gaange sinn an der Recherche vu Massemanipulatiounsmechanismen, dëst wéinst enger Geschicht vu kalem Krich a beängschtegender Bannestadkriminalitéit.

"Behold a Pale Horse" als Ausgangspunkt

Vill Schwaarzer hunn als Reaktioun op di Limitten, déi d’Gesellschaft hirer sozialer Mobilitéit gesat huet, an hirer Jugend e Buch mam Titel "Behold a Pale Horse" vun engem gewëssene Milton William Cooper gelies, wat ee vun den Ausgangspunkter vum Konspiratiounsamalgam vun der Illuminati-Theorie duerstellt. Doriwwer eraus ass et, dem Barkun senger Meenung no, ee besonnesch marginaliséiert a vum offiziellen Discours ënnerdrécktent Wëssen, wat Konspiratiounstheorie befeiert, onfhängeg dovunner, op d'Basismaterial wouer ass oder net.

D'Illuminati-Theorie bleift ee Phänom vun erschreckener Portée, dee sämtlech Froen, déi sech an der Weltpolitik haut stellen, mat engem altertümlechen, star-wars-méissegem Kampf tëschent gutt a béis wëll beäntweren. Et ass ee ganz bequeme Glawen, well mer dëse Kampf alleguer vu virera verluer hunn. Mir liewe geschwënn an enger reeller Versioun vun 1984 mam eenzegen Ënnerscheed, dass de Big Brother den Anti-Christ ass.

D'Welt ouni mythologesch Vereinfachungen

Wéi hei echt Gefore vun engem Iwerwaachungsstaat einfach a wëll Spekulatiounen erasubsuméiert ginn, erreegt bei ville Leit Besuergnis, an erwäscht d’Hoffnung, dass e puer Leit et nach net opginn hunn, d’Welt och ouni mythologesch Vereinfachungen interessant genuch ze fannen, fir sech kritesch mat hir auserneen ze setzen,

Dëse Standpunkt vertrëtt den amerikanesche Schrëftsteller Robert Anton Wilson, deen a senger Illuminatus-Trilogie net nëmmen Honnerte vu Konspiratiounstheorieen mat Gusto beschreift, mee och eng eege Relioun entwéckelt. Déi schléit de sougenannten "Apple of Discord" an déi domat verbonne Witzideologie vum "Discordianism" vir, fir de Jordausenden ale Konflikt tëschent Chrëschtentum a Fräidenkertum dach friddlech bäizeleeën.