Radioen

On air

De Moien  |  Calexico - Under The Wheels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kippelementer am Äerd- a Klimasystem

Reen a Bou

D'Kippelementer am Äerd- a Klimasystem

Bal keen Thema ass de Moment sou present, wéi de Klimawandel an och de Klima u sech. An tatsächlech ginn et e ganze Koup Grënn fir driwwer ze schwätzen, wéi z. B d'Kippelementer an eisem Äerd- a Klimasystem. Wat dat ass a wéi eng dat sinn, huet sech de Philippe Ernzer ugekuckt.

auto_stories

5 min

Wann iwwer de Klimawandel geschwat gëtt, dann haaptsächlech doriwwer, datt et ëmmer méi waarm op der Äerd gëtt. D'Äisfläche verschwannen, de Mieresspigel klëmmt a ganz Géigende verdréchnen. Och dës Auswierkungen hunn eppes mat de Kippelementer ze dinn, mee där ginn et der nach eng ganz Rei méi.

E groussen Afloss

Mee wat ass sou e Kippelement iwwerhaapt? E Kippelement ass souzesoen e grousse Bestanddeel vun der Äerd, deen en Afloss op vill Géigende ronderëm huet. Dës Kippelementer hunn alleguerten ee Punkt oder souzesoen eng Limitt, déi erreecht muss gi fir ze kippen.

E puer vun dësen Elementer si méi no un dëser Limitt, wéi anerer. Soubal dës awer iwwerschratt gëtt, kann dat jeeweilegt Kippelement an en neien Zoustand versat ginn an deemno wéi och groussraimeg Kettereaktiounen ausléisen, déi eist Klima veränneren. Fir et besser ze erklären, kann ee sech d'Organer am mënschleche Kierper och als Kippelementer virstellen. Se funktionéieren anescht oder och guer net méi, soubal spezifesch Viraussetzungen net méi kënnen erfëllt ginn, wéi z. B. d'Zoufuer vu Sauerstoff.

D'Verhale vun dëse Limitten oder "Schwellen", déi mussen erreecht ginn, ënnerläit dacks Prozesser, déi sech selwer ënner d'Äerm gräifen a weider verstäerken. Dat heescht also, datt, soubal se vun externe Konditiounen dozou gezwonge ginn unzelafen, se och weiderlafen - obwuel déi extern Konditioune scho laang kënnen ënner d'Ausléisschwell gefall sinn.

Soubal e Kipppunkt erreecht gëtt, kann d'Auswierkung doduerch sech no a no uschläichen oder se mécht sech zimmlech séier bemierkbar. Egal mat wat fir enger Vitess dës sech presentéieren, kënne se en enormen Afloss op d'Liewen op der Äerd hunn.

Dräi Zorte vu Kippelementer

Et gi wéi gesot, eng ganz Partie vun dëse Kippelementer- a Punkten. Fir e bëssen d'Iwwersiicht ze behalen, kann een dës an dräi ënnerschiddlech Kategorien andeelen.

  • Déi éischt behandelt d'Elementer wat d'Äiskierper an d'Kryosphär op der Äerd ugeet,
  • déi zweet d'Stréimungssystemer wéi beispillsweis d'ENSO oder d'NAO, déi och schonn am Reen a Bou behandelt goufen.
  • Déi drëtt Kategorie dréit sech d'Kippelementer an den Ekosystemer vum Äerd- a Klimasystem.

Mir fänke mat der Kategorie vun den Äiskierper an der Kryosphär un a schaffen eis no a no duerch, wat warscheinlech e puer Deeler an Usproch huele wäert.

D'Äisflächen op der Äerd, ob dat lo puert Äis ass oder och Schnéi, si meeschtens hell a wäiss. Dës wäiss Fläche kënne sech net wierklech staark erwiermen a reflektéieren e groussen Deel vun de Sonnestralen zeréck an den Himmel.

Schmëlzt d'Äis an de Schnéi, da komme méi donkel Flächen un d'Dagesliicht. Den Effekt: et ka méi Wiermt opgeholl a gespäichert ginn. Wann d'Äis also op enger Plaz scho sou gutt wéi verschwonnen ass, kann et duerch déi gespäichert Wiermt och an de Géigende ronderëm de Prozess vum Schmëlze méi séier maachen.

Dëse ganze Mechanismus ass als Äis-Albedo-Réckkopplung bekannt an ass e gutt Beispill vun engem Prozess, dee sech selwer verstäerkt. En Albedo u sech beschreift einfach gesot d'Liicht, déi ee Kierper iwwerhaapt fäeg ass, ze reflektéieren. Dëst gëtt dacks an der Astronomie benotzt.

Den Afloss vun Äisflächen

De grad beschriwwene Mechanismus ass ee vu villen, déi déi grouss Äisfläche vun eisem Äerdsystem zu Kippelementer maachen. D'Mieräis an der Arktis z.B verschwënnt schonn e puer Joerzéngte laang mat enger grousser Vitess. Net nëmmen d'Fläch u sech gëtt doduerch beanträchtegt, mee och, wéi déck d'Äis ass, dat op de Mierer schwëmmt.

Dënnt Äis um Mier ka sech erëm séier erhuelen, wann et erëm eng Zäit laang zu duerchschnëttlechen Temperature komm ass. An de Summeren awer, wann hautzedaags déi dacks ze héich Temperaturen optrieden, kann et séier an déi aner Richtung goen. Et ass dowéinst ze erwaarden, datt bis am Joer 2100 kaum nach Äis am arktesche Raum an de Summeren ze fanne wäert sinn.

Zesumme mat der Äis-Albedo-Réckkopplung verleeft d'Äerderwiermung an den nërdleche Breeten zweemol sou séier wéi duerchschnëttlech op der ganzer Äerd. Dëst bréngt grouss Problemer mat sech: d'Arktis erstreckt sech iwwer Deeler vu Russland, den USA, Kanada, Grönland, Lapland souwéi och Spitzbergen.

Zesumme wunnen an de betraffene Géigenden iwwer eng Millioun Leit, déi massiv Problemer kréie kënnen, sech un d'Ännerungen unzepassen. D'Biedem, op deenen hir Infrastruktur opgebaut ass, ginn duerch d'Schmëlzen destabiliséiert a beschiedegt. Mat dobäi kënnt, datt vill traditionell gejoten Déierenaarte verschwanne kënnen.

D'Vitess vum Schmëlzen hëlt zou

An de leschte Joren huet och d'Vitess vum Äisverloscht vum Grönland-Äispanzer rasant zougeholl. De Panzer ass 2.530 Kilometer laang an ongeféier 1.094 Kilometer breet an huet eng duerchschnëttlech Déckt vun 1,6 Kilometer, plazeweis awer och bis 3,36 Kilometer.

Laangfristeg gesinn ass duerch d'Schmëlzen domat ze rechnen, datt net nëmme wat d'Fläch ugeet mat Verloschter ze rechnen ass, mee och wat d'Héicht ugeet. Op där Héicht, wou sech d'Spëtzte vum Panzer de Moment befannen, ginn et Loftschichten, déi nach kal genuch sinn. Hëlt d'Héicht awer of, geréit dat Ganzt ëmmer méi an déi méi mëll Loftmassen, wat dem Ofschmëlzen am grousse Ganze weider hëllefe wäert.

D'Vitess géif signifikant zouhuelen. De Wëssenschaftler no ginn et Hiweiser dorop, datt de Kipppunkt scho bei enger globaler Erwiermung vu knapp zweee Grad géif erreecht ginn, wat e bal vollstännegen Äisverloscht bedeite géif. D'Auswierkung wier ënner anerem en Eropklamme vum Mieresspigel ëm bal siwe Meter - weise géif sech dat awer eréischt am Laf vu Joerhonnerten oder Joerdausenden. Trotz der lueser Vitess hätt dëst global Auswierkungen. Sou wéi d'Leit also haut laanscht d'Küste liewen, wäert et iergendwann net méi méiglech sinn.