Radioen

On air

Notturno  |  Ahmed Fakroun - Snini

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Konsumente solle sech duerchsetzen"

Rechter fir Fluchpassagéier

"D'Konsumente solle sech duerchsetzen"

Iwwerbuchten, verspéiten oder annuléierte Vol? Wat geschitt mat mengem Gepäck, dat ze spéit oder guer net ukënnt? Den Europäesche Verbraucherzentrum informéiert iwwer d'Rechter an der EU vu Fluchpassagéier.

auto_stories

4 min

Beim iwwerbuchte Fliger muss d'Fluchgesellschaft d'Passagéier froen, wien eventuell wëll op en nächste Fluch waarden. Falls kee fonnt gëtt mussen déi Fluchpassagéier, déi keng Plaz méi am Fliger kritt hunn, entschiedegt ginn, seet d'Karin Basenach, Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum hei zu Lëtzebuerg.

Bei enger Iwwerbuchung läit de Feeler ganz kloer bei der Fluchgesellschaft - an esou engem Fall mussen d'Passagéier ëmmer entschiedegt ginn, seet d'Karin Basenach.

"Et gëtt guer kee Grond, deen d'Fluchgesellschaft kéint uginn, fir ze soe 'Mir hunn dat misse maachen, dowéinst bezuele mir och keng Entschiedegung'. Dat geet beim 'Overbooking' net."

Dës Entschiedegunge leie bei ëm déi 250 bis 600 Euro, jee nodeem, wéi wäit d'Fluchdistanz ass. D'Fluchgesellschaft muss de Passagéier och en Alternativfluch ubidden. Wann d'Passagéier awer net méi wëlle matfléien, muss hiren Ticket rembourséiert ginn.

Passagéier muss versuergt ginn

Bei engem Retard muss de Passagéier versuergt ginn, esou laang dësen op säi Fluch waart. Dat heescht de Passagéier muss ze iessen an ze drénke kréien a jee nodeem och eng Iwwernuechtung an engem Hotel bezuelt kréien.

Wien dräi Stonne méi spéit wéi virgesinn op sengem Zilfluchhafen ukënnt, huet och d'Recht op eng Entschiedegung, esou d'Karin Basenach. Déi läit och tëscht 250 bis 600 Euro. D'Fluchgesellschaft muss de Passagéier awer näischt bezuelen, wann de Vol wéinst ongënschtege Wiederkonditiounen net kann duerchgefouert ginn, präziséiert d'Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg.

Am Summer dëst Joer hätten och ganz vill Fligere wéinst Streiken net kënne starten a goufen annuléiert. An deem Fall muss d'Fluchgesellschaft eng Alternativbefërderung ubidden.

"Eng Haaptflicht vun de Fluchgesellschaften"

D'Fluchgesellschaften si verflicht d'Leit iwwer eng eventuell Verspéidung, Annulatioun oder Iwwerbuchung vun hirem Vol ze informéieren an och iwwer d'Rechter vun de Passagéier opzeklären. Am Fluchhafe sinn am beschte Fall Affichen opgehaangen oder Depliante verdeelt ginn, déi d'Passagéier iwwert hir Rechter opklären.

"D'Informatioun ass ganz wichteg an eng Haaptflicht vun de Fluchgesellschaften."

Ganz dacks kéim et fir, esou d'Karin Basenach, datt d'Fluchgesellschaft d'Leit ze spéit informéiert - zum Beispill bei Annulatiounen.

Och beim Bagage hunn d'Passagéier Rechter op Entschiedegung, falls d'Gepäck verluer geet oder net mat Zäiten ukënnt. D'Airlinne mussen de Passagéier direkt en 'Noutfallpackage' ubidden an deem alles Néideges fir déi nächst Deeg dran ass, zum Beispill eng Zännbiischt oder en T-Shirt.

Wann een dann een oder zwee Deeg misst op säi Gepäck waarden, kéint ee sech als Passagéier och e puer Saache kafen. Wichteg ass, datt d'Rechnunge gehale ginn, fir d'Saache rembourséiert ze kréien.

Fir seng Rechter astoen

Geet d'Gepäck komplett verluer, kann de Passagéier mat bis zu 1.300 Euro entschiedegt ginn. Ganz wichteg, esou d'Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg ass et, direkt um Schalter um Fluchhafe Bescheed ze soen.

Fluchpassagéier, esou nach de Message vun der Karin Basenach, solle fir hir Rechter astoen.

"D'Konsumente solle sech duerchsetzen. Si sollen insistéieren. Nëmmen esou kann een Drock op d'Fluchgesellschaften ausüben."

Doduerch géif et och fir aner Passagéier méi einfach ginn, déi an engem ähnleche Fall sinn.

Air Passenger Rights Day

Den Air Passenger Rights Day gëtt all Joer vum Europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg, zesumme mat der lëtzebuergescher Duerchsetzungsautoritéit fir Fluchpassagéier-Rechter an enger Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, organiséiert.

E Mëttwoch, de 17. Oktober si bis hallwer 5 Informatiounsstänn um Fluchhafen, fir d'Leit iwwer hir Rechter ze informéieren, wa si bannent der EU fléien.

Weider Informatioune fënnt een op cecluxembourg.lu.