Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kryosphär an hire Réckgang

Wieder a Meteo

D'Kryosphär an hire Réckgang

De Klima ass am stännege Wandel - an de leschten 20 Joer awer besonnesch staark. Et gëtt méi waarm op der Äerd, wat en Afloss op d'Kryosphär huet. Wat dat genee ass, erkläert de Philippe Ernzer.

auto_stories

5 min

Foto: Archiv

D'Kryosphär beschreift de gefruerenen Deel vun der Äerd. Dozou zielen de Schnéi, Mieräis, Séisswaasser-Äis, Permafrascht, Gletscher an Äisdecken. D'Kryosphär spillt eng wichteg Roll am globale Klima, well dës d'Wiedergeschéie beaflosst.

Opgrond vun de verschiddene Joreszäiten a Géigenden op der Welt variéiert d'Präsenz vun der Kryosphär. Schnéi a Séisswaasser-Äis existéiere beispillsweis op ville Plazen op der Welt just während dem Wanter, iwwerdeems vill Gletscher zanter méi wéi 10.000 Joer agefuer sinn oder waren.

De gréissten Undeel un Äis fënnt een an der Antarktis, allerdéngs befënnt sech op der Nordhallefkugel dat gréisst Kryosphäre-Gebitt. D'Fuerscher hoffen, duerch d'Miessung vum Verhale vun der Kryosphär Informatiounen iwwer de globale Klimawandel erauszefannen.

E groussen Afloss op eist Klima

Duerch dräi Eegenschafte beaflosst d'Kryosphär eist Klima méi, wéi ee mengt. Dozou zielt d'Uewerflächereflexioun vun de Sonnestralen, d'Temperaturleetfäegkeet an déi latent Wäermt.

Duerch d'Sonnenastralung gëtt e Groussdeel vun der Kryosphär reflektéiert, wat och nach Uewerflächereflexioun genannt gëtt. Dëst kann een duerch d'Differenz tëschent der reflektéierter an der afalender Sonnenastralung moossen. Dëse Virgank gëtt och nach "Albedo" genannt. Den Albedo ass also déi reflektéierend Kraaft vun enger bestëmmter Surface. Dat gréisst Mooss un Albedo gëtt am Joer u Plaze registréiert, wou dat ganzt Joer laang Schnéi läit.

Wat een nach soe kann ass, datt wäiss Uewerflächen am Allgemenge richteg gutt reflektéieren a sou déi meescht Energie un de Weltall verléieren resp. zeréckreflektéieren. D'Mierer an d'Biedem vu Felder absorbéieren 80 bis 90 Prozent vun de Sonnestralen a wandelen dës a Wäermt ëm. Dës hunn also just en Albedo vun 10 bis 20 Prozent. Bei Schnéi an Äis läit den Albedo mat 50 bis 90 Prozent am Verglach zimlech héich.

D'Wäermt, déi sech duerch d'Loft beweegt

Den zweete Punkt wier d'Wärmeleitzahl, wou d'thermesch Diffusivitéit an d'Spill kënnt. Beim Begrëff thermesch Diffusivitéit bezitt ee sech op d'Vitess, mat där d'Wäermt duerch e bestëmmten Objet iwwerdroe gëtt. D'Wäermt beweegt sech duerch d'Loft vill méi séier wéi duerch Schnéi an Äis. An anere Wierder heescht dat, datt Schnéi an Äis dofir suergen, de Buedem an d'Waasser géint d'Iwwerdroe vun der Wäermt ze isoléieren. Nach méi lues ass d'Wäermt, wann d'Schnéi- oder d'Äiscouche tëschent 30 a 40 Zentimeter grouss ass.

D'latent Wäermt bezitt sech op d'Energie, déi ënner konstanten Temperaturbedéngunge fräigesat oder gespäichert gëtt. Fir Schnéi oder Äis ze schmëlzen, muss d'latent Wäermt also zimlech héich sinn. An der Kryosphär ass déi latent Wäermt also d'Energie, déi néideg ass fir den Zoustand vum Waasser ze änneren, also vu gasfërmeg zu flësseg zu fest. D'Erwiermen an Ofkille vun de Schnéi- an Äiscouchen dréit zu de Wiederchangementer op der ganzer Welt bäi.

Et gëtt ëmmer manner Schnéi

Am weidere Verlaf vun dësem Artikel gi mir méi genee op déi eenzel Aarte vu Kryosphär an. Ugefaange beim Schnéi, deen dat zweetgréisst Gebitt vun der Kryosphär vun der Äerd ëmfaasst an iwwer 46 Millioune km² grouss ass. De Groussdeel vun dësem Gebitt läit an der nërdlecher Hemisphär a bedréit am Wanter tëscht 46 Milliounen an am Summer 3,7 Millioune km². An dësem Joerhonnert huet sech de Groussdeel vun der Schnéibedeckung an Nordamerika net vill verännert, dat obwuel d'Temperaturen am Fréijoer liicht erhéicht sinn. An Eurasien ass dat awer net sou, do huet d'Schnéicouche däitlech ofgeholl.

De Schnéi, deen an de Bierger schmëlzt, dréit de Groussdeel vum Waasser bäi, deen an de Baachen an am Grondwaasser op der ganzer Welt ze fannen ass. Duerch de globale Klimawandel, sou erwaarden et d'Fuerscher, gëtt de Nidderschlagsniveau, d'Quantitéit an och den Timing vum Schmëlze vum Schnéi beaflosst. Dëst hätt am weidere Verlaf och eng Auswierkung op de weltwäite Waassermanagement.

D'Äis um Mier

Zweete Punkt: D'Mieräis. Grouss Deeler vun de Mierer an der direkter Ëmgéigend vum Nord- a Südpol si vun enger Couche aus Äis beluecht. Op der Südhallefkugel gëtt am September eng Surface vun tëschent 17 an 20 Millioune km² mat Äis bedeckt, am Februar falen dës Zuelen deelweis bis op dräi Millioune km². Op der Nordhallefkugel sinn d'Schwankungen, déi duerch d'Joreszäiten ausgeléist ginn, net sou markant.

E manner groussen Afloss op de Klima huet d'Séisswaasser-Äis. An domat wiere mir beim drëtte Punkt. Séisswaasser-Äis ass a Flëss a Séien ze fannen, mee dat meeschtens just während verschiddene Saisonen. D'Mieräis ass jo beispillsweis am Géigesaz dat ganzt Joer existent. Den Afloss op de Klima ass net sou grouss, well d'Bedeckung vum Äis vu Séisswaasser nëmmen op enger klenger Surface virkënnt.

De gefruere Buedem

De véierte Punkt ass de gefrueren Buedem, also de Permafrascht. Op der Nordhallefkugel ass op enger Surface vun 54 Millioune km² Permafrascht ze fannen. Bis zu 20 Prozent vun der Landfläch si vu Permafrascht besat.

De leschte Punkt sinn d'Gletscher an Äisdecken. Dës maachen de gréissten Deel vun der Kryosphär aus. Se bestinn aus décken Äismassen. Wann dës Äismasse schmëlzen, wat se och maachen, da ginn dës ëmmer méi dënn a breede sech weider aus, wa se sech iwwer Land beweegen. An den Äisdecke ginn iwwregens ongeféier 77 Prozent vum ganze Séisswaasser vun der Welt fonnt. D'Waasser an de Gletscher an Äisscholle kann tëschent 100.000 an enger Millioun Joren agefruer bleiwen.

De Mieresspigel klëmmt

De Fuerscher no hunn d'Gletscher kee gréisseren Afloss op déi global Äerderwiermung. An de leschte Joerzéngte sinn d'Gletscher awer mat enger méi grousser Vitess geschmolt. Den Estimatioune no huet dëst tëschent 33 a 50 Prozent vum Klamme vum Mieresspigel bäigedroen.

D'Äisschëld vu Grönland ass am Moment séier am Gaang ofzehuelen, iwwerdeems dat vun der Antarktis wiisst. D'Wëssenschaftler sinn awer besuergt, datt d'Äisschëld vum Weste vun der Antarktis an d'Waasser kollabéiere kéint. Wann dat geschitt, da kéint de Mieresspigel tëschent sechs a siwe Meter an d'Luucht goen. D'Konsequenz dovu wier, datt vill Küstegéigenden op der ganzer Welt géifen iwwerschwemmt ginn.

De Mieresspigel klëmmt awer net nëmmen duerch Äis, wat schmëlzt, mee och duerch déi thermesch Expansioun. Domat ass d'Wäermtausdeenung vum Waasser gemengt, déi duerch méi héich Temperaturen zustane kënnt. Dëse Prozess soll de Miessunge no genee sou vill zum Klamme vum Mieresspigel bäidroen.