Radioen

On air

De Moien  |  Baby Rose & BADBADNOTGOOD - One Last Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Laache vun de Mäerder

Prisma

D'Laache vun de Mäerder

Jidderee vun eis laacht an normalerweis verbanne mir dëst Laache mat positive Saachen. Wien awer och laacht, dat sinn Terroristen, Massemäerder an Attentäter, an dëst wärend si déi schrecklechste Crimme maachen. Wéi ass dëst Laache vun de Mäerder ze verstoen? An der Philosophie kurséieren zwou héich ëmstridden Theorien, déi mengen eng Äntwert op des Fro ze hunn. Ob si allerdéngs Bestand hunn, dat muss nach iwwerpréift ginn. E puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.

auto_stories

7 min

Am haitege Prisma wëlle mir eis mam Phenomen vum Laache beschäftegen. Lo verbënnt ee mam Laache jo normalerweis eppes Positives. Et ass een Ausdrock vu gudder Laun oder d'Resultat vun eppes Erfreelechem wat een erlieft huet. Et gëtt awer och eng aner Zort vu Laachen. Nämlech dat béist Laachen, oder d'Auslaache vun Aneren. Interessant ass, datt des Zort vu Laache quasi d'Gebuertsstonn vun der Philosophie markéiert: Wou nämlech den Thalos vu Milet - deen üblecherweis als den éischte Philosoph bezeechent gëtt - an de Pëtz fält, well hie gedankenversonken an den Himmel gekuckt huet, soll hie vun enger Thrakescher Magd zerguttst ausgelaacht gi sinn. Vläicht erkläert dëst och - quasi als eng Form vun déformation professionnelle - firwat d'Philosophe gréisstendeels dësen negativen Aspekt vum Laachen am Bléck haten. De Platon konnt sengerzäit dem Laache vu Spectateuren, déi sech am Theater Komedien ugekuckt hunn, näischt Guddes ofgewannen an hien huet dëst Laachen op Käschte vun aneren als onmoralesch an engem gudde Liewen net würdeg veruerteelt. Ähnlech Iwwerleeunge fanne mir och beim Aristoteles an den Thomas Hobbes, grousse Staatsphilosoph aus dem 17. Joerhonnert, ass souguer souwäit gaangen an huet d'Laachen als déi verwerflechst Eegeschaft vum Mënsch bezeechent, well den Zweck doranner läit, dat eegent Selbstwäertgefill op Käschte vum Verlaachten opzewäerten.

Et soll haut awer net ëm des zwou Forme vum Laache goen, mee em eng drëtt Zort mat där mir alleguer virun e puer Wochen zu Christchurch konfrontéiert goufen. Nämlech dat Laache vun Terroristen a Mäerder, déi während an och nach no hire schrecklechen Doten ëmmer erëm domat opfalen datt si laachen.

Wien den ominéise Video vu Christchurch gesinn huet, erënnert sech doudsécher nach un dat Grinse vum Terrorist kuerz iert hien ufänkt 50 Leit an den Doud ze schécken. Genau esou erënnert ee sech vläicht nach un den norwegesche Massemäerder Breivik, dee sech am Geriichtssall ee breet Dauergrinsen net verknäife konnt a wou mir vun Iwwerliewende wëssen, datt hie während senger Exekutioun vun 69 Jugendlechen häerzhaft gelaacht soll hunn.

Wéi ass dëst Laache vu Mäerder an Terroristen ze verstoen?

Firwat fänke Mënsche während oder onmëttelbar no hire schrecklechen Doten un ze laachen? Einfach ze behaapten, des Mënsche wiere krank a verréckt; hiert Laachen deemno just een irrationalen Ausdrock vun hirer Krankheet ass onbefriddegend. Wat also stécht, respektiv kann hannert dësem Laache stoen? A wat seet et vläicht iwwer eis Mënschen aus?

An der Philosophie ginn et zwou ënnerschiddlech Interpretatiounsméiglechkeeten, déi sech awer op ee gemeinsamen Nenner beruffen. Dëse gemeinsamen Nenner ass d'Iwwerzeegung, datt dëst Laache vun de Mäerder eppes Kierperleches ass. Dat kléngt e bësse komesch, mee jidderee weess wat gemengt ass wann ee sech un den Ausdrock: "Vun Laachen an d'Box pissen" erënnert. Hei gesäit een datt d'Laachen effektiv eng kierperlech Reaktioun entweder ass oder engendréiert.

Gläichgewiicht vun der Distanz tëscht sech a sengem Kierper

Mat dëser Prämiss vum Laachen als Kierperlechkeet, entwéckelt den Helmuth Plessner, dätsche Philosoph aus dem 20. Joerhonnert, ee Mënschebild, wat hien als "exzentrische Position" definéiert. Heimat ass gemengt, datt de Mënsch ee Wiesen ass, wat souwuel ee Kierper ass, awer och ee Kierper huet. An datt hien, dat heescht de Mënsch a sengem Wëssen doriwwer, eng Distanz tëscht sech selwer a sengem Kierper wouerhëlt. Des Distanz muss an engem prekäre Gläichgewiicht gehale ginn.

De Plessner argumentéiert weider a seet Folgendes: De Moment an deem mir ufänke mat Laachen, do zerfält dëst Gläichgewiicht a mir verléieren d'Beherrschung iwwer eis selwer an och eise Kierper. An deem Moment vum Laachen, jo do emanzipéiert sech quasi de Kierper. De Kierper transzendéiert sech zu enger vun eiser Individualitéit ofgeléisten Entitéit. An déi eenzeg Méiglechkeet, dëse kuerzfristege Rass an eis selwer auszehalen, wier nom Plessner dat wat hien een "iwwerwältegend Laachen" nennt. Iwwerwältegend an deem Sënn, datt de Kierper eis selwer iwwerwältegt an der striktster Bedeitung vum Wuert.

Huelt erëm d'Beispill vum "vu Laachen an d'Box pissen." Wann s du laachs, dann zerbrécht däi Gläichgewiicht tëscht dir an dengem Kierper, de Kierper emanzipéiert sech, andeems hien an dësem Fall ufänkt mat urinéieren. Duerch dës onkontrolléiert Reaktioun laachs du wahrscheinlech weider, bis de dech iergendwann erëm calméiert hues. Elo ass d'Beispill vum Urinéiere wann ee laacht zwar e bësse peinlech, mee dach nach ganz harmlos. Mee an der gläicher Logik ass esou och d'Laache vu besoten Terroristen ze erklären.

Wann den Attentäter vu Christchurch an d'Kamera seet "Let's get this party started", an dann ufänkt ze grinsen, dann ass heimat den Ustouss fir eng kierperlech Desorganisatioun ginn, an där sech de Kierper vum besoten Attentäter transzendéiert an zu de schrecklechsten Dote fäeg ass.

Laachen: E Resultat vun engem Spannungsausgläich?

En ähnlechen Usaz fanne mir an enger weiderer Theorie, déi virun e puer Joer vum Karlsruher Philosoph Klaus Theweleit publizéiert gouf. Wéi de Plessner, geet och hien dovunner aus, datt d'Laachen ee Phänomen ass, wat nëmmen duerch eng kierperlech Opfaassung vum Mënsch ze erklären ass. D'Ausféiere vu Mord a Massemord ass fir hie keen abstrakte Virgank a scho guer näischt wat ee léiert. Et ass ee rengt kierperlecht Phenomen wat vu Kierperen, genau sou wéi beim Plessner och, also vu Mënschen déi souwuel Kierper si wéi och hunn, ausgeet. Allerdéngs mat enger fundamentaler Nuance par Rapport zum Plessner: Beim Theweleit ass d'Laachen net den Ausléiser vun enger Emanzipéierung vum Kierper, mee d'Laache gëtt zu engem materialiséierte Spannungsausgläich vun engem fragmentéierte Kierper, deen erëm eng Verschmëlzung mat engem vollstännege Kierper sicht. Den Theweleit gräift hei op ee psychoanalytesche Jargon zeréck a behaapt, datt Mäerder an Attentäter op Grondlag vun negativen Erfarungen an hirem Kierper Rëss, Wonnen, Narben a Verletzunge feststellen. Dëst géif derzou féieren, datt dëse futtisse Kierper ënnert Erfarunge vun enger kierperlecher Veronsécherung a sozialer Vereinsamung leit a säi futtisse Kierper erëm flécke wëll. D'Reparatur vun dësem Kierper gëtt erreecht, andeems ee sech probéiert engem sougenannten "Ganzheets-Iwwerkierper" unzeschléissen. Dësen Iwwerkierper kann all Form vun Ideologie duerstellen, sief et eng nationalsozialistesch, wéi beim Christchurch-Attentäter oder eng radikal-islamistesch, wéi bei den IS-Terroristen asw. D'Laache vun dëse Mäerder wier deemno net den Ausléiser vu Gewaltakten, mee villméi de Versuch ee Spannungsausgläich tëscht dem Attentäter a sengem als futti empfonnte Kierper erëm hierzestellen. D'Laachen an dësem Fall wier deemno eppes ewéi déi orgiastesch Celebratioun vun engem vollzunne Geschlechtsakt; also eng reusséiert Verschmëlzung mat engem erëm vollstännege Kierper.

E battere Bäigeschmaach bleift

Béid philosophesch Positiounen, esou abstrus se och kléngen, versichen dëst fir vill Leit an och fir mech selwer erschreckend an onheemlecht Laache vu Massemäerder ze erklären. Si behalen allerdéngs ee ganz battere Bäigeschmaach. Nämlech deen, datt an dëser Logik des Morden net méi just als Extremfäll ze deite wieren, mee hir potenziell Realiséierung als eng anthropologesch Veranlagung an eis alleguerte schlummert.

Musse mir dann elo alleguer Angscht hunn, beim nächste Laachufall zu engem Massemäerder ze ginn? Selbstverständlech net! Wuel kann een dovun ausgoen, datt an all Mënsch Dispositiounen erhale sinn, déi hien zu den abstruusten a schrecklechsten Dote verleede kann. Mee et dierf een net vergiessen datt an eis nach eng ganz Rei vun aneren Dispositiounen erhale sinn, nämlech déi vum Respekt, der Solidaritéit a vum nëmmen all ze mënschleche Wëllen d'Liewe fir eis a ronderëm eis esou gutt a flott ewéi méiglech ze maachen. An hei spillt d'Laachen och seng konstitutiv Roll. Nämlech a senger gudder Form wéi mir se ganz am Ufank benannt hunn: Als Ausdrock vu Gléck, Liewensfreed an Zefriddenheet. Loosse mir eis eis Freed um Laachen also net vun dësen Extremiste futti maachen.