Aus den Archiven D'Laache vun de Mäerder

Jiddweree vun eis laacht, an normalerweis verbanne mir dëst Laache mat positive Saachen. Wien awer och laacht, dat sinn Terroristen, Massemäerder an Attentäter, an dëst während si déi schrecklechste Crimme maachen. Wéi ass dëst Laache vun de Mäerder ze verstoen? An der Philosophie kurséieren zwou héich ëmstridden Theorien, déi mengen eng Äntwert op dës Fro ze hunn. Ob si allerdéngs Bestand hunn, dat muss nach iwwerpréift ginn. E puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.

Joel Holtzem / cz

Manson1

Mam Laache verbënnt ee jo normalerweis eppes Positives. Et ass en Ausdrock vu gudder Laun oder d'Resultat vun eppes Erfreelechem, wat een erlieft huet. Et gëtt awer och eng aner Zort vu Laachen. Nämlech dat béist Laachen, oder d'Auslaache vun Aneren. Interessant ass, datt dës Zort vu Laache quasi d'Gebuertsstonn vun der Philosophie markéiert: Wéi nämlech den Thalos vu Milet - deen üblecherweis als den éischte Philosoph bezeechent gëtt - an de Pëtz fält, well hien a Gedanken versonken an den Himmel gekuckt huet, soll hie vun enger Thrakescher Magd zerguttst ausgelaacht gi sinn. Vläicht erkläert dëst och - quasi als eng Form vun Deformation professionnelle - firwat d'Philosophe gréisstendeels dësen negativen Aspekt vum Laachen am Bléck haten. De Platon konnt sengerzäit dem Laache vu Spectateuren, déi sech am Theater Komedien ugekuckt hunn, näischt Guddes ofgewannen an hien huet dëst Laachen op Käschte vun aneren als onmoralesch an engem gudde Liewen net würdeg veruerteelt. Ähnlech Iwwerleeunge fanne mir och beim Aristoteles an den Thomas Hobbes, grousse Staatsphilosoph aus dem 17. Joerhonnert, ass souguer souwäit gaangen an huet d'Laachen als déi verwerflechst Eegenschaft vum Mënsch bezeechent, well den Zweck doranner läit, dat eegent Selbstwäertgefill op Käschte vum Ausgelaachten opzewäerten.

Et soll haut awer net ëm dës zwou Forme vum Laache goen, mee ëm eng drëtt Zort, mat där mir alleguer am Mäerz zu Christchurch konfrontéiert goufen. Nämlech dat Laache vun Terroristen a Mäerder, déi während an och nach no hire schrecklechen Doten ëmmer erëm domat opfalen, datt si laachen.

Wien den ominéise Video vu Christchurch gesinn huet, erënnert sech doudsécher nach un dat Grinse vum Terrorist kuerz éier hien ufänkt 50 Leit an den Doud ze schécken. Genee esou erënnert ee sech vläicht nach un den norwegesche Massemäerder Breivik, dee sech am Geriichtssall ee breet Dauergrinsen net verknäife konnt, a wou mir vun Iwwerliewende wëssen, datt hie während senger Exekutioun vun 69 Jugendlechen häerzhaft gelaacht soll hunn.

Wéi ass dëst Laache vu Mäerder an Terroristen ze verstoen?

Firwat fänke Mënsche während oder onmëttelbar no hire schrecklechen Doten u mat laachen? Einfach ze behaapten, dës Mënsche wiere krank a verréckt; hiert Laachen deemno just een irrationalen Ausdrock vun hirer Krankheet ass onbefriddegend. Wat also stécht, respektiv kann hanner dësem Laache stoen? A wat seet et vläicht iwwer eis Mënschen aus?

An der Philosophie ginn et zwou ënnerschiddlech Interpretatiounsméiglechkeeten, déi sech awer op ee gemeinsamen Nenner beruffen. Dëse gemeinsamen Nenner ass d'Iwwerzeegung, datt dëst Laache vun de Mäerder eppes Kierperleches ass. Dat kléngt e bësse komesch, mee jidderee weess wat gemengt ass wann ee sech un den Ausdrock: "Vun Laachen an d'Box pissen" erënnert. Hei gesäit een datt d'Laachen effektiv eng kierperlech Reaktioun entweder ass oder engendréiert.

Gläichgewiicht vun der Distanz tëschent sech a sengem Kierper

Mat dëser Prämiss vum Laachen als Kierperlechkeet, entwéckelt den Helmuth Plessner, dätsche Philosoph aus dem 20. Joerhonnert, ee Mënschebild, wat hien als "exzentrische Position" definéiert. Heimat ass gemengt, datt de Mënsch ee Wiesen ass, dat souwuel ee Kierper ass, awer och ee Kierper huet. An datt hien, dat heescht de Mënsch a sengem Wëssen doriwwer, eng Distanz tëschent sech selwer a sengem Kierper wouerhëlt. Dës Distanz muss an engem prekäre Gläichgewiicht gehale ginn.

De Plessner argumentéiert weider a seet Folgendes: De Moment, an deem mir ufänke mat Laachen, do zerfält dëst Gläichgewiicht a mir verléieren d'Beherrschung iwwer eis selwer an och eise Kierper. An deem Moment vum Laachen, jo do emanzipéiert sech quasi de Kierper. De Kierper transzendéiert sech zu enger vun eiser Individualitéit ofgeléisten Entitéit. An déi eenzeg Méiglechkeet, dëse kuerzfristege Rass an eis selwer auszehalen, wier nom Plessner, dat wat hien een "iwwerwältegend Laachen" nennt. Iwwerwältegend an deem Sënn, datt de Kierper eis selwer iwwerwältegt an der striktster Bedeitung vum Wuert.

Huelt erëm d'Beispill vum "vu Laachen an d'Box pissen." Wann s du laachs, dann zerbrécht däi Gläichgewiicht tëschent dir an dengem Kierper, de Kierper emanzipéiert sech, andeems hien an dësem Fall ufänkt mat urinéieren. Duerch dës onkontrolléiert Reaktioun, laachs du wahrscheinlech weider, bis du dech iergendwann erëm calméiert hues. Elo ass d'Beispill vum Urinéieren, wann ee laacht, zwar e bësse peinlech, mee dach nach ganz harmlos. Mee an der gläicher Logik ass esou och d'Laache vu besoten Terroristen ze erklären.

Wann den Attentäter vu Christchurch an d'Kamera seet "Let's get this party started", an dann ufänkt ze grinsen, dann ass heimat den Ustouss fir eng kierperlech Desorganisatioun ginn, an där sech de Kierper vum besoten Attentäter transzendéiert an zu de schrecklechsten Dote fäeg ass.

Laachen: E Resultat vun engem Spannungsausgläich?

En ähnlechen Usaz fanne mir an enger weiderer Theorie, déi virun e puer Joer vum Karlsruher Philosoph Klaus Theweleit publizéiert gouf. Wéi de Plessner, geet och hien dovunner aus, datt d'Laachen ee Phenomen ass, dat nëmmen duerch eng kierperlech Opfaassung vum Mënsch ze erklären ass. D'Ausféiere vu Mord a Massemord ass fir hie keen abstrakte Virgank a scho guer näischt, wat ee léiert. Et ass ee renge kierperleche Phenomen, dee vu Kierperen, genee sou wéi beim Plessner och, also vu Mënschen, déi souwuel Kierper sinn, wéi och hunn, ausgeet. Allerdéngs mat enger fundamentaler Nuance par Rapport zum Plessner: Beim Theweleit ass d'Laachen net den Ausléiser vun enger Emanzipéierung vum Kierper, mee d'Laache gëtt zu engem materialiséierte Spannungsausgläich vun engem fragmentéierte Kierper, deen erëm eng Verschmëlzung mat engem vollstännege Kierper sicht. Den Theweleit gräift hei op ee psychoanalytesche Jargon zeréck a behaapt, datt Mäerder an Attentäter op Grondlag vun negativen Erfarungen an hirem Kierper Rëss, Wonnen, Narben a Verletzunge feststellen. Dëst géif dozou féieren, datt dëse futtisse Kierper ënner Erfarunge vun enger kierperlecher Veronsécherung a sozialer Vereinsamung leit a säi futtisse Kierper erëm flécke wëllt. D'Reparatur vun dësem Kierper gëtt erreecht, andeems ee sech probéiert engem sougenannten "Ganzheets-Iwwerkierper" unzeschléissen. Dësen Iwwerkierper kann all Form vun Ideologie duerstellen, sief et eng nationalsozialistesch, wéi beim Christchurch-Attentäter oder eng radikal-islamistesch, wéi bei den IS-Terroristen asw. D'Laache vun dëse Mäerder wier deemno net den Ausléiser vu Gewaltakten, mee villméi de Versuch, ee Spannungsausgläich tëschent dem Attentäter a sengem als futti empfonnte Kierper erëm hierzestellen. D'Laachen an dësem Fall wier deemno eppes wéi déi orgiastesch Zelebratioun vun engem vollzunne Geschlechtsakt; also eng reusséiert Verschmëlzung mat engem erëm vollstännege Kierper.

E battere Bäigeschmaach bleift

Béid philosophesch Positiounen, esou abstrus se och kléngen, versichen dëst fir vill Leit an och fir mech selwer erschreckend an onheemlecht Laache vu Massemäerder ze erklären. Si behalen allerdéngs ee ganz battere Bäigeschmaach. Nämlech deen, datt an dëser Logik dës Morden net méi just als Extremfäll ze deite wieren, mee hir potenziell Realiséierung als eng anthropologesch Veranlagung an eis alleguerte schlummert.

Musse mir dann elo alleguer Angscht hunn, beim nächste Laachufall zu engem Massemäerder ze ginn? Selbstverständlech net! Wuel kann een dovun ausgoen, datt an all Mënsch Dispositiounen erhale sinn, déi hien zu den abstruusten a schrecklechsten Dote verleede kann. Mee et dierf een net vergiessen, datt an eis nach eng ganz Rei vun aneren Dispositiounen erhale sinn, nämlech déi vum Respekt, der Solidaritéit a vum nëmmen all ze mënschleche Wëllen, d'Liewe fir eis a ronderëm eis esou gutt a flott wéi méiglech ze maachen. An hei spillt d'Laachen och seng konstitutiv Roll. Nämlech a senger gudder Form, wéi mir se ganz am Ufank benannt hunn: Als Ausdrock vu Gléck, Liewensfreed an Zefriddenheet. Loosse mir eis eis Freed um Laachen also net vun dësen Extremiste futti maachen.

An der Mediathéik:

Prisma / / Joel Holtzem
Lauschteren

Méi zum Thema

Thomas Koenig
Aus den Archiven

Wann een zu Roum ass, da soll een et esou maache wéi d'Réimer, esou op alle Fall d'Spréchwuert. Den Thomas Koenig huet sech gefrot, op et clever ass, aus der Roll ze falen.

Wat ass richteg a wat falsch?
Aus den Archiven

Kann ech erausfannen, wéini eng Handlung déi moralesch richteg ass? Ginn et universell gülteg moralesch Wäerter, un deenen ech mech a mengem Alldag orientéiere kann, oder ass alles ëmmer nëmme relativ?

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen