Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Press iwwer déi Russesch Revolutioun

Geschicht nei beliicht

D'Lëtzebuerger Press iwwer déi Russesch Revolutioun

"Russland steht 200 Jahre vor Luxemburg", konnt een am Mäerz 1917 an der sozialistischer Zeitung "Die Schmiede" liesen. Dëst nodeems am grousse Land am Osten den Zar ofgesat a seng Regierung gestierzt gi war. Wat waren d'Reaktiounen op déi Russesch Februar-Revolutioun an der Lëtzebuerger Press?

auto_stories

8 min

Um Ufank war den Honger. Wéi an de Februarwoche vun 1917 déi éischt Revolte sech zu Petrograd ausgebreet an d'Leit ugefaangen hunn, d'Bäckereien ze stiermen an auszeraumen - do ass et ëm déi katastrophal Zoustänn an der russescher Liewensmëttelverdeelung gaangen. D'Bäckereien zu Petrograd haten decidéiert, hir Butteker net méi opzemaachen, well si wéinst Manktem u Miel kee Brout méi konnte baken.

D'Oprou zu Petrograd war der Lëtzebuerger Press Ufank Mäerz nach keng Zeil wäert. Mee zënter dem Ausbroch vum Éischte Weltkrich ass et och am neutrale Lëtzebuerg ëmmer méi mat der Liewensmëttelversuergung biergof gaangen. Déi verschidde Regierungen, déi sech an der Krichszäit ofgeléist hunn, hate Méi, fir um internationale Plang Gehéier ze fannen, wa si fir Liewensmëttel fechte gaange sinn. Et hat een d'Besetzung vum Land duerch däitsch Truppen trotz dem Neutralitéitsstatus ze vill liicht a Kaf geholl. Dowéinst gouf Lëtzebuerg als de facto Alliéierte vun Däitschland ugesinn.

Uganks, den Honger

Dem lénksliberale "Tageblatt" no gouf et elo amplaz vu wäissem Brout just nach Roggebrout ze kafen. Awer net dat gehäerztent Roggebrout vu virum Krich, mee eng zéi, pecheg Mass, fir déi een nach deier huet misse bezuelen. Och beim Fleesch huet et dem Tageblatt no schlecht ausgesinn. Dëst, obwuel de Fleesch-Handel am Géigesaz zu anere Wueren, fräi war an et net u Véi gefeelt huet.

"Während wir im Kampfe ums liebe Brot Tag und Nacht alle möglichen Chancen einer besseren Ernährung erwägen müssen, mutet man uns auch noch Interesse am politischen Leben zu. Glücklicherweise leben wir im Zeichen des Burgfriedens [...]." [1]

Och d'Solidaritéit tëscht de Bauereleit an der Aarbechterschaft, déi a Russland héichgehale gouf, huet zu Lëtzebuerg net funktionéiert. Am Géigendeel: D'Bauere waren d'rout Duch fir d'Lëtzebuerger Proletariat. Si goufe fir d'Liewensmëttelkris an déi héich Präisser verantwortlech gemaach.

Mat Verspéidung

Eréischt Mëtt Mäerz konnt een am "Tageblatt" liesen, datt zu Petrograd, Moskau an an anere russesche Stied d'Revolutioun ausgebrach wier. Zu Minsk géifen d'Volleksmassen d'Liewensmëttelgeschäfter stiermen, stoung an der Zeitung. Am kathoulesche "Lëtzebuerger Wort" war ze liesen, d'Aarbechter zu Petrograd hätten zu Dausenden hir Aarbecht niddergeluecht an et wieren op ville Plaze Streiker ausgebrach. [2]

D'Regierung vum Zar wollt am Ufank nach d'Duma, dat russescht Parlament, opléisen. Mee dozou koum et net. D'Duma hat decidéiert, eng nei Exekutiv zesummenzesetzen. Dës nei provisoresch Regierung, esou huet et am "Tageblatt" geheescht, géif vun der Bevëlkerung a vun engem Deel vun der Arméi aus der Haaptstad gestäipt ginn. [3]

Eréischt den Dag drop, de 17. Mäerz, gouf an dëser Zeitung e schwedescht Presseorgan mat de Wieder zitéiert, d'Revolutioun a Russland wier "ein welthistorisches Geschehnis von unabsehbarer Tragweite". [4] Dee selwechten Dag huet och "Wort" vun enger Revolutioun a Russland geschriwwen. [5] Eréischt zwee Deeg méi spéit huet d'"Tageblatt" d'Noriicht confirméiert, datt de russesche Keeser ofgedankt hätt. An d'Zeitung huet de Programm vun där neier russescher Regierung ofgedréckt, an deem et notamment ëm Meenungsfräiheet, Streikrecht, Ofschafung vun Diskriminéierungen an Aféierung vum allgemenge Stëmmrecht gaangen ass. [6]

Net nëmmen d'Aarbechter

Déi Lëtzebuerger Press stoung mat hirem schlechten Informatiounsstand net eleng do. Och an deenen anere westeuropäeschen Zeitungen huet eng Zäit gebraucht, bis kloer ginn ass, datt dat, wat sech a Russland ofgespillt huet, kee Stuerm am Waasserglas war. Den Delai louch un de chaotesche Verhältnesser a Russland, de schwierege Weeër vun den Informatiounen an der Krichszäit, an der Angscht virun Zensur. Net nëmmen d'Arbeiterschaft huet sech a Westeuropa an och zu Lëtzebuerg iwwert d'Revolutioun gefreet. Esou konnt een an der Lëtzebuerger Press liesen, datt déi britesch Regierung vum Lloyd George der Duma felicitéiert hätt.

Och d'USA ënnert dem Woodrow Wilson, déi de 6. Abrëll an de Krich agetruede sinn, hu séier decidéiert, datt si déi nei russesch Regierung géifen unerkennen. Russland war jo hire Partner an der Entente géint Däitschland an déi aner Mëttelmuechten. Déi Russesch Februar-Revolutioun ass vun USA-Säit als eng weider Ausweidung vun der Demokratie verstane ginn. A ville Riede goufen d'Evenementer a Russland dofir mat den amerikanesche Revolutiounskämpf verglach.

Demokratesch Grondsätz?

Dat, wat hei schonn als Revolutioun bezeechent gouf, war nach keen Afrostelle vum ekonomeschen a politesche System u sech. Och de Manifest vun der provisorescher russescher Regierung vum 19. Mäerz huet den Accent dorop gesat, datt et a Russland endlech zu der Aféierung vun deenen individuelle Fräiheete géif kommen, déi schonn an de Revolutiounsdeeg vun 1905 versprach, awer nees zréckgezu gi waren.

An deenen éischte Woche vun der Revolutioun huet et also éischter dono ausgesinn, wéi wann a Russland déi demokratesch Grondsätz agefouert géife ginn, déi et a Westeuropa scho gouf. Zum Beispill d'Aféierung vun engem Parlament, dat deen Numm verdéngt hätt. Et muss ee bedenken, datt d'Duma eréischt 1906 an d'Liewe geruff gi war - an dat géint de Wëlle vum Zar, dee weiderhin d'Land op eng absolutistesch Manéier wollt regéieren.

Eréischt wéi kloer gi war, datt déi provisoresch Regierung a Russland - déi éischter vu biergerleche Kräften ënnerstëtzt gi war - sech net kéint halen, an datt déi kommunistesch Bewegung sech géif duerchsetzen, hu sech dës Vuë geännert.

Fir de Klassekampf

Déi sozialistesch Bewegung zu Lëtzebuerg hat grad eréischt de Block vu liberalen a sozialistesche Politiker gesprengt, deen iwwer zéng Joer laang gemeinsam Front géint déi Klerikal gemaach hat. Si huet vun do u méi kéng Téin ugeschloen. An der "Schmiede", deem lénken Aarbechterblat par excellence, huet ee Mëtt Mäerz - nach ouni iergend e Bezuch op d'Evenementer a Russland ze huelen - fonnt, datt de Moment gënschteg wier, d'Massen z'organiséieren. An zwar "um für den siegreichen Klassenkampf nach dem Kriege zu rüsten". An et huet ee gemengt, et géif e gëllent Zäitalter vum Sozialismus virun der Dier stoen. [7]

Eréischt Uganks Abrëll gouf an der "Schmiede" déi Russesch Februar-Revolutioun thematiséiert. Dëst andeems mat ironeschen Ënnertéin e Verglach tëscht Lëtzebuerg a Russland opgestallt gouf:

"Noch vor wenigen Wochen standen die beiden Länder Luxemburg und Russland sich gleich an Gesetzen; Tron und Altar waren Trumpf. Auf einmal, ohne dem Schwesterland etwas davon zu sagen, ging das russische Volk hin, setzte seinen Kaiser ab, sperrte seine Regierung ins Gefängnis, die Gerichtshöfe wurden erstürmt, die Anhänger des brutalen Regimes wurden eingekerkert, eine neue Regierung wurde eingesetzt, ganz neue Gesetze wurden gemacht, ja sogar das allgemeine, gleiche, direkte Wahlrecht wurde eingeführt, alles zu Gunsten der werktätigen Volksmassen und Arbeiter."

Lëtzebuerg hannendran

Russland géif deemno mat engem Coup 200 Joer viru Lëtzebuerg stoen. Zu Lëtzebuerg dogéint géif Fräiheet just um Pabeier bestoen, si géif just fir d'Kapitalisten an déi déck Bauere gëllen. An och mat der Gläichheet wier et net wäit hir, esou d'Usiicht an der "Schmiede": "Wann wird nun dem Luxemburger Land das freie, gleiche, direkte Wahlrecht gegeben? Wann die Verfassung abgeändert?" [8]

An engem weideren Artikel an där selwechter Ausgab huet et geheescht, déi Lëtzebuerger Sozialdemokratesch Partei, déi sech elo nei organiséiert hätt, géif mat Freed begréissen, "daß das selbstherrliche Rußland auf dem Punkte ist, eine demokratische Republik zu werden". [9] Russland wier och guer net dat eenzegt Land, an deem d'Sozialdemokratie um Wuesse wier - et géif sech ëm e breede Phenomen handelen, stoung an der "Schmiede" geschriwwen.

An der Aarbechterzeitung ass awer och däitlech gemaach ginn, datt een d'Krichszäit - an där de Spillraum fir eng politesch a sozial Ëmwälzung kleng wier - wéilt notzen, fir d'Aarbechterschaft an dat opgekläertent Biergertum ze mobiliséieren an déi sozialdemokratesch Bewegung ze stäerken. Well:

"beim Friedensschluß werden wir unsere Stimme erheben müssen, um die uns aufgezwungene Haltung zu erklären und zu rechtfertigen. Wir müssen organisiert und bereit sein, um allen Unterdrückern, Autokraten und Kapitalisten die Stirne bieten zu können." [10]

Et wollt een also - esoubal de Krich eriwwer wier - an Aktioun trieden. Déi sozial Onrouen, déi och zu Lëtzebuerg direkt nom Waffestëllstand am November 1918 sollten ausbriechen, waren also net esou spontan, wéi muenchmol ugeholl gëtt.

Op där anerer Säit sollt sech awer och séier weisen, datt vill Aarbechter net méi bereet waren, hir Situatioun nach laang z'erdroen. Schonn Enn Mee 1917 sollt et zu engem grousse Streik zu Lëtzebuerg kommen.


[1] Wochen-Revue, in: Tageblatt, 3.3.1917, 1.

[2] Stockholm, 14. Mäerz, in: Luxemburger Wort, 15.3.1917, 1.

[3] Russland, in: Tageblatt, 16.3.1917, 2.

[4] Zu den Vorgängen in Russland, in: Tageblatt, 17.3.1917, 1-2.

[5] Zur Revolution in Rußland, in: Luxemburger Wort, 17.3.1917, 2.

[6] Der Regierungswechsel in Rußland, in: Tageblatt, 19.3.1917, 1-2.

[7] Unser gutes Recht, in: Die Schmiede, 17.3.1917, 1-2.

[8] Luxemburg hinter Rußland, in: Die Schmiede, 7.4.1917, 2-3.

[9] Von der sozialdemokratischen Partei Luxemburgs, in: Die Schmiede, 7.4.1917, 3.

[10] Aufruf an alle Sozialdemokraten Luxemburgs, in: Die Schmiede, 21.4.1917, 2-3.