Radioen

On air

Notturno  |  Wayne Shorter - Blues A La Carte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Natur am Zeeche vum Biergbau

Lëtzebuerg entdecken

D'Natur am Zeeche vum Biergbau

De Süde vum Land ass fir seng Biergbau-Geschicht bekannt. An diverse Muséeë kritt een déi méi nobruecht. Mee och d'Natur am Minett steet ganz am Zeeche vun dësem Thema.

auto_stories

4 min

Eppes wat am Süden ugebuede gëtt, sinn déi sougenannten Didactic Trails, bei deenen een op verschiddene Weeër mat verschiddene Längte méi iwwer d'Natur am Minett gewuer gëtt. Didactic Trails fënnt een am ganze Süden an et ginn der och fir Kanner.

Esou een Didactic Trail fënnt ee beispillsweis am Ellergronn, erkläert d'Nora Peters vum Office regional de Tourisme Sud. "Déi Weeër sinn alleguerte markéiert an et kann een de Markéierungen nolafen. Dir fannt ganz vill Erklärungen zum Bësch an zum Ofbau."

D'Geschicht vum Minett entdecken

Am Mëttelpunkt steet do natierlech ëmmer den Ofbau vum Minettgestengs. A wie bei dëse Weeër nach méi Informatioune wëllt, dee ka sech och Ënnerstëtzung sécheren: et kann een den Didactic Trail och mat engem Guide maachen. "Bei der Tour geet de Guide mat Iech de Wee of an erkläert méi zur Natur, dem Eisenofbau, a wéi d'Leit hei gelieft hunn.", erkläert d'Nora Peters.

E Guide kann ee sech dann och fir d'Naturreservater buchen. Déi sinn iwwerall am Süde verdeelt, an do gesäit een da gutt, datt och nodeems de Mënsch jorelaang am Buede geschafft huet, d'Natur sech um Enn awer nees dat zeréckhëlt, wat hir gehéiert:

"Eis fréier Tagebau-Gebidder si quasi alleguerten elo Naturreservater, dat heescht d'Natur gëtt sech selwer iwwerlooss a se hëlt sech vill vun de fréiere Biergbau-Gebidder zeréck. A vill Planzen, déi et soss néirens ginn, ginn et hei am Süden."

Minett-Tour: De Biergbau am Mëttelpunkt

Eng aner grouss Offer ass de Minett-Tour. Och hei ass de Biergbau Thema, an et si fënnef Sitten, déi do matenee verbonne sinn: de Fonds-de-Grad, de Belval mat den Héichiewen, d'Minn Cockerill am Ellergronn, de Musée des Mines zu Rëmeleng an och de Centre de Documentation zu Diddeleng, zielt d'Nora Peters.

Op de véier Industriesitte kritt Dir gewisen, ënner wéi enge Konditiounen d'Aarbechter do geschafft hunn, a wéi dat Material, wat si aus dem Bierg geholl hunn, verschafft gouf. Am Centre de Documentation sur les Migrations Humaines läit de Fokus dorobber, wéi déi auslännesch Aarbechter heihi koume fir ze schaffen, a wéi si sech integréiert hunn.

Fir Grouss a Kleng

Zu Fouss ass den Tour leider net ze realiséieren, well déi verschidde Plazen ze wäit auserneeleien. Et muss ee sech also mam Auto oder mam Bus op de Wee maachen. A fir Kanner gëtt et dann nach eppes Spezielles, zielt d'Nora Peters:

"Mir hunn eng flott Broschür ausgeschafft, eng Kanner-Broschür, déi déi fënnef Sitten zesummefaasst. An do si Rätselen an Erklärunge fir d'Kanner dran a si kënnen da vu Site zu Site goen an d'Aufgabe léisen."

Mee och fir generell méi Informatiounen zum Tour ze kréien, fënnt een op redrock.lu eng zweet Broschür.

Fir Mountainbike interessant

En Tour mam Mountainbike duerch d'Minettsgéigend bitt sech un. Foto: Marc Lazzarini

Wie sech d'Biergbau-Sitten am Süden da gäre mam Vëlo ukuckt, dee kann dat natierlech och maachen: Et gi sechs verschidde Mountainbike Trails, zielt d'Nora Peters:

"Vun engem niddregen Niveau, also Leit, déi eréischt e puer Tier gefuer sinn a sech do grad eraschaffen, bis zu engem héijen Niveau, wou een d'Technik vum Mountainbike muss kennen."

D'Weeër, déi een do fuere kann, variéiere vun 21 bis 32 Kilometer. Wiem dat awer net genuch ass: e puer vun dëse Strecke kënnen och kombinéiert ginn. Wann de Vëlo da mol ënnerwee knaschteg gëtt, ass dat och kee Problem, iwwerall verdeelt un den Ufank- an Ennpunkten, si Wäschstatiounen installéiert.