Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ November 1919: E ganz spezielle Vott an der Chamber

D'Naturaliséierung vum Prënz Felix

November 1919: E ganz spezielle Vott an der Chamber

Zu Lëtzebuerg gëtt dëst Joer um historesch-kulturelle Plang op vilfälteg Aart a Weis un dat eemolegt Joer 1919 erënnert. Den Zäithistoriker Denis Scuto beliicht e Vott vun deemools, deen an d'Annale vun der Chamber agaangen ass.

auto_stories

7 min

Foto: CC BY 2.0, Dierk Schaefer

Dank de Commemoratioune vun 100 Joer Éischte Weltkrich a senge Folgen, entdeckt d'Ëffentlechkeet zur Zäit een Epochejoer, dat laang an der Lëtzebuerger Historiographie vernoléissegt gouf, well et Usus war hei am Land Herrscher an international Verträg ze feieren an hinnen ze gedenken, awer net Revolutioune wéi déi vun 1830 an 1848 oder eben déi vun 1919.

D'Revolutioun vun 1918-19 huet Lëtzebuerg zwar net d'Republik bruecht, mee dofir d'Souveränitéit vun der Natioun, den Aachtstonnendag an d'allgemengt Walrecht fir Männer a Fraen. Si steet soumat un der Wéi vum modernen demokratesche Lëtzebuerger Staat. Colloquen, Ausstellungen, Zeitungen, Zäitschrëften a Bicher hu sech domat beschäftegt a beschäftege sech weider mat där Epochewend.

1918-1919 sinn, fir e franséischen Ausdrock ze benotzen, les "années sans pareilles" an der Lëtzebuerger Geschicht. Mat engem Evenement aus deem Joer, dat och als "sans pareil" betruecht ka ginn, wéilt ech mech hei beschäftegen. An et betrëfft souguer d'Herrscherhaus.

Keng Naturalisatiounen

Vun 1914 bis 1930 gouf zu Lëtzebuerg nämlech, trotzdeem datt eng Honnert Demandë virlouchen, keen naturaliséiert. Mat enger eenzeger Ausnam. De 5. November 1919, virun 100 Joer, krut de Prënz Felix de Bourbon-Parme, Verloobte vun der Grande-Duchesse Charlotte, iwwer e Spezialgesetz déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Zwee Deeg virun hirer Hochzäit. (Enfin, eigentlech hirer zweeter Hochzäit an deem Joer, och dat ass vläicht "sans pareil", mee dozou eng aner Kéier méi).

Dee Vott, bei der Ouverture vun der neier Chambersessioun 1919-1920, ass duerchgaangen, well d'Rietspartei an de Wale vum 26. Oktober d'absolut Majoritéit krut. 25 vun hire 27 Deputéiert waren dofir, d'Deputéiert vun der sozialistescher, vun der radikal-liberaler, vun der Vollekspartei, vun der onofhängeger nationaler Partei a vun der Lëscht vum Kartell am Oste waren dogéint.

De Projet, deen d'Regierung Reuter der Chamber virleet, ass an allen Hisiichte speziell a vläicht souguer unique an der Geschicht vum Parlament a vun der Lëtzebuerger Gesetzgebung.

E Projet unique

Éischtens feelen am Dossier vun der Demande fir de Prënz Felix all d'Piècen, déi d'Naturaliséierungsgesetzgebung virgesäit, wéi den Acte de naissance, de Bulletin d'impôts, de Certificat de résidence an de Certificat de moralité vum Buergermeeschter vun der leschter Residenz.

De Gesetzesprojet huet och zweetens keen Exposé des motifs, just eng Depesch vun e puer Zeile vun der Regierung un de Staatsrot vum 30. Oktober 1919 déi präziséiert, datt d'Gesetz misst onbedéngt virum Mariage votéiert ginn. De majoritär konservative Staatsrot äntwert, datt hien "där Mesure nëmme kann zoustëmmen".

Drëttens ginn d'Sektioune vun der Chamber net vum Projet saiséiert, mee eng Commission spéciale gëtt den Dag selwer zesummegesat, nëmmen aus Deputéierte vun der Rietspartei, well déi aner Parteie refuséieren dëst Hauruckverfahren ze cautionéieren. Dowéinst gëtt d'Chamberseance suspendéiert.

Iwwer Mëtteg kënnt d'Kommissioun zesummen an nomëttes presentéiert de Rapporteur de Gesetzesprojet. Et gëtt deen Nomëtteg selwer ugeholl. Véiertens, am Géigesaz zur legaler Praxis, trëtt dëst Gesetz net eréischt dräi Deeg no der Publikatioun am Mémorial a Kraaft, mee schonn den Dag dono, de 5. November, vu datt de Felix d'Charlotte de 6. November bestit.

En heftegen Debat

Den heftegen Debat tëschent Gauche an Droite de 4. November an der Chamber erënnert och un de verbatterte Kampf ëm Monarchie a Republik, deen e puer Méint virdru geféiert gouf, och wann et, am November 1919, nom klore Vott fir d'Grande-Duchesse Charlotte am Referendum an opgrond vun der absolutter Majoritéit vun der Rietspartei, just nach e Combat d'arrière-garde ronderëm d'Naturaliséierung vum Felix ass. Den deemolege Minister Auguste Collart schreift a senge Memoiren iwwer dësen Debat: "Mit einem Schlag sah die Kammer aus wie ein bei schwülem Wetter in Aufregung geratenes Wespennest."

Den Emile Reuter muss indirekt zouginn, datt d'Regierung dës expeditiv a ganz apaart Prozedur express gewielt huet, fir esou mann wéi méiglech Wellen ze maachen. Well et goung hei net nëmmen drëm, wéi d'Regierung offiziell verlaude gelooss huet, sech dem internationale Gebrauch unzepassen, dee verlaangt, datt wann d'Herrscherin en auslännesche Prënz bestit, dëse virdrun naturaliséiert gëtt. Am Fall vum Prënz Felix a vun der Charlotte léist dës Naturaliséierung doriwwer eraus en duebele Problem fir d'Dynastie an hir Unhänger vun der Rietspartei. An dee stellt sech ronderëm en Theema, dat interessanterweis net vun der Gauche thematiséiert gëtt am Debat an der Chamber: d'Nationalitéit vun der Grande-Duchesse Charlotte.

Den "Zigeunerprinz"

Éischtens gesouch de Code civil zanter 1804 vir, datt d'Fra beim Mariage d'Nationalitéit vum Mann iwwerhëlt. Ouni dës Naturaliséierung vum Felix wier d'Charlotte also Franséisin ginn duerch d'Bestietnes. Zur Iwwerraschung vun der Gauche war de Prënz Felix - deen déi liberal a sozialistesch Press den "Zigeunerprinz" genannt huet, well hien am Krich fir déi éisträichesch-ungaresch Arméi gekämpft huet - net Éisträicher mee Fransous. D'Bourbonen, déi no der franséischer Revolutioun an den Exil gaange sinn, haten opgrond vum Prinzip vun der Exterritorialitéit weiderhin déi franséisch Nationalitéit. De Fait, datt de Prënz Felix Fransous war, erkläert iwwregens mat, firwat de Quai d'Orsay dëse Mariage no laangen Hesitatiounen an no Vermëttlung vum Vatikan acceptéiert huet. Ee Joer laang hat de franséischen Okkupant dem Felix, mat deem d'Charlotte de 6. Oktober 1918 op Schlass Bierg verloobt gi war, d'Arees op Lëtzebuerg verbueden.

Zweetens gouf 1919 d'Fro gestallt, ë. a. vum Lëtzebuerger pro-belschen Affekot Edouard Simonis am Journal de droit international vu Paräis, ob d'Charlotte a virun him d'Marie-Adelheid iwwerhaapt déi Lëtzebuerger Nationalitéit haten. Fir de Simonis missten déi éischt Herrscher aus dem Haus Nassau-Weilburg, den Adolphe an de Guillaume, als Däitsch ugesi ginn, vu datt kee vun hinnen naturaliséiert gouf. Mee och d'Grande-Duchessë Marie-Adelheid a Charlotte, allebéid zu Lëtzebuerg gebuer, hunn net fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit optéiert, wéi si et mat 18 Joer hätte kënne maachen. An der Chamberdebatt huet awer wéi gesot kee vun den Deputéierte vun der Gauche déi Fro opgeworf.

D'Rhetorik vun der Gauche

Ëmsou méi hu si dovu profitéiert fir mam Adel vu Gottes Gnaden rhetoresch ofzerechnen. De Fräimaurer a radikal-liberalen Eisebunner Aloyse Kayser stigmatiséiert Adel a Kierch als Schëlleg vum Krich: "D'ailleurs n'avons-nous pas vu les envoyés du Seigneur, ces bandits couronnés, déclencher de la façon la plus frivole la guerre la plus sanglante que l'histoire ait jamais eu à enregistrer."

De Sozialist Jos Thorn attackéiert de Prënz Felix direkt a freet sech, firwat dee selwechte Prënz, deen Offizéier vun der éisträichescher Arméi war an eréischt 14 Deeg zu Lëtzebuerg ass, esou presséiert wier seng Nationalitéit ze wiesselen. Ob d'Prënzen ieren d'Nationalitéit géife wiessele wéi hiert Hiem? Da fiert hie weider: "M. le prince Félix de Bourbon-Parme (..) a porté l'uniforme des ennemis de l'Entente, il est donc solidaire de la violation de la neutralité du pays."

Den Thorn wërft der Regierung vir, ënner dem Applaus vun den Deputéierte vun der Gauche, si géif sech solidaresch maache mat där Violatioun vun der Neutralitéit vum Land a freet sech firwat d'Regierung dës Naturaliséierung vum Felix net virun de Walen ugekënnegt huet. Et gesäit een hei natierlech, wéi d'politesch Klass anengems nom Krich versicht, Lëtzebuerg als Victime vun Däitschland an Éisträich an als Frënd vun den Alliéierten a besonnesch Frankräich ze positionéieren.

Iwwer d'Rhetorik eraus féiert déi republikanesch Gauche deen Dag dofir manner e Kampf géint d'Naturaliséierung vum Prënz Felix, wéi generell géint d'Naturaliséierung vu Bierger aus feindlechen Natiounen, un éischter Plaz Däitschland. Si ënnerstëtzt domat d'Beméiunge vum franséischen Okkupant an der franséischer Diplomatie, déi däitsch Elitt, déi sech am Kader vum Zollverein zu Lëtzebuerg implantéiert hat, duerch eng franséisch ze ersetzen, wat op d'mannst an der Stolindustrie sollt geléngen.

Et bleift, wéi de Verfassungsrechtler Luc Heuschling et ënnerstrach huet, datt eréischt nom Vott vun November 1919, d'Dynastie Nassau-Weilburg iwwer d'Bestietnes vun der Charlotte mam frësch naturaliséierte Felix um ziville Plang eng Dynastie vu Lëtzebuerger Nationalitéit gouf.

Mee dat war scho längst vergiess, wéi en anere bekannte Bierger aus Éisträich, de Schifuerer Marc Girardelli, an den 1980er Joren iwwer eng speziell Prozedur vun der Chamber zum Lëtzebuerger proklaméiert gouf, fir dem Land e groussen Déngscht ze leeschten ...