Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ozonlach - Besserung a Siicht oder nëmmen eng "Phas"?

Reen a Bou

D'Ozonlach - Besserung a Siicht oder nëmmen eng "Phas"?

Ënner engem Ozonlach versteet een en Deel vun der Ozonschicht, dee staark verdënnt ass. Sou e Gebitt ass haaptsächlech iwwer der Antarktis ze fannen. Als Ursaach dofir gi sougenannt Chloratomer gesinn, déi och nach als Fluorchlorkuelewaasserstoffer beschriwwe ginn. Och aner Stoffer wéi Halon, Bromchlormethan, Tetrachlorkuelestoff, Methylbromid an Trichlorethan schueden der Ozonschicht markant.

auto_stories

4 min

Als Konsequenz huet dat, datt méi vun der schiedlecher UV-B-Stralung op d'Äerd erof kënnt. Dës Stralung packt hire Wee bei enger intakter Ozonschicht net ganz bis op de Buedem. 90 Prozent dovu ginn zréckgehalen - mee eben net, wann et zu Ozonlächer kënnt.

Duerch dat lokal begrenzt Ofhuele vum Ozon an der Stratosphär gëtt d'Stralungsstäerkt vum schiedlechen UV-B bei 297 Nanometer, wat der mëttlerer Stäerkt entsprécht, ëm ganz 50 Prozent erhéicht. Tëscht 1979 a 1990 huet d'UV-B-Stralung iwwer dem Südpol ëm 140 Prozent zougeholl, a Mëtteleuropa ëm 7 Prozent. De Wëssenschaftler no heescht et, datt wann de Verloscht vum Ozon an den nächste Jore bei den duerchschnëttlechen 10 Prozent d'Joer bleift, weltwäit d'Zuel vun den Hautkriibspatienten ëm 250.000 Fäll zouhuele kéint.

De Grond vum Ozonlach

Déi uewe beschriwwe Substanzen, déi dem Ozon schiedegen, gi virun allem als Killmëttel fir Frigoen oder Klimaanlage benotzt, oder och nach a Spraydousen. Jorelaang ass een dovun ausgaangen, datt dës Substanzen ongeféierlech sinn a kee gréisseren Effekt op d'Ëmwelt hätten. Fir d'Troposphär si se och eigentlech keng Gefor, mee well se sou laanglieweg sinn, kënne se weider an der Atmosphär eropwanderen, bis se an der Stratosphär ukommen. Do ass d'Konzentratioun vun den UV-Strale schonn däitlech méi staark. Doduerch splécke sech d'Fluorchlorkuelewaasserstoffer. De Chlor, deen dobäi fräigesat gëtt, verännert sech kaum, mee léist aner Reaktiounen aus, wéi eben den Ofbau vum Ozon. E fungéiert also sou wéi e Katalysator.

Am Joer 1987 ass dat sougenannt Montreal-Protokoll beschwat ginn. Dat ass en internationaalt Ofkommes, wat zwee Joer dono am Joer 1989 a Kraaft getrueden ass. Zil dovun ass, datt all Staaten, déi sech dozou bereet erkläert hunn, d'Ozonschicht ze schützen, stufeweis d'Emissioune vu chlor- a bromhaltege Chemikalie verréngeren an a weiderer Zukunft ganz ofschafen. Kléngt alles gutt, mee et ginn ëmmer nach vill Länner, déi dëst Ofkommes net ënnerschriwwen hunn. An Tëschenzäit goufen déi schiedlech Stoffer ëm ongeféier en Drëttel duerch aner Stoffer ersat. Den aktuelle Stand ass deen, datt d'Kuelewaasserstoffer nach bis 2040 dierfen an den Asaz kommen.

Dës chemesch Verbindunge verbreede sech net ganz séier a gi nëmme lues weider transportéiert. De Chlor, dee mir de Moment an der Stratosphär hunn, ass schonn tëscht véier a siwe Joer al. Am Joer 2009 sinn d'Wëssenschaftler dovun ausgaangen, datt d'Kuelewaasserstoffer opgrond vun hirer Stabilitéit nach bis 2020 fir d'Ausdënnung vun der Ozonschicht suerge wäerten. Aner Experte sinn awer der Meenung, datt d'Zukunft vun der Gesondheet vun der Ozonschicht elo scho bei wäitem besser ausgesäit, wéi eigentlech ugeholl.

D'Ozonlach geet lues a lues zou

An der Arktis huet sech d'Ozonschicht an Tëschenzäit nämlech schonn erholl. Et ass awer net gewosst, ob dat ganz op d'Montreal-Ofkommes zeréckzeféieren ass, oder net. Et ginn nämlech och nach ganz natierlech Prozesser an der Atmosphär, déi en Afloss op den Ozongehalt hunn. Eng Roll spillen och nach Vulkanausbréch an och d'Variabilitéit vun der Sonnenastralung am 11te Joreszyklus.

Am Joer 2012 gouf déi éischte Kéier dovu geschwat, datt sech d'Ozonschicht méi séier erhuele kéint, wéi geduecht. Dat mellt d'Fuerschungsstatioun Neumayer III. Dëst ass eng däitsch Fuerschungsstatioun an der Antarktis. Am September 2014 huet et der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) no geheescht, d'Ozonlach wier bis 2050 keen Thema méi. Virausgesat den Trend, dee sech duerch d'Fuerschungen erauskristalliséiert huet, gëtt bäigehalen.

Den Trend ass awer net stabil. Schonn am Hierscht 2015 gouf erëm vun enger Ausdeenung vum Ozonlach iwwer dem Südpol geschwat. Et hätt sech ëm 2,5 Millioune Quadratkilometer vergréissert an eng Surface vu 26 Millioune Quadratkilometer ageholl, wat iwwregens méi grouss ass, déi d'Surface vu Nordamerika. Un d'Rekordjoer koumen dës Wäerter awer net drun. Déi gréisst Ausdeenung gouf nämlech 2006 mat 27 Millioune Quadratkilometer registréiert. E Grond fir déi rasant Vergréisserung soll ënner anerem den Ausbroch vum Vulkan Calbuco gewiescht sinn.

Réckfäll sinn awer méiglech

Anescht dann awer erëm am Joer 2016, wou scho mat enger gréisserer Sécherheet vun enger Erhuelung vun der Ozonschicht geschwat ginn ass. Am September wier d'Ozonlach nämlech ëm véier Millioune Quadratkilometer méi kleng ginn. 2017 huet d'Ozonlach der NASA no hir geréngst Ausdeenung zanter dem Joer 1988 ugeholl. Eng Ursaach dofir waren aussergewéinlech héich Temperaturen an der Stratosphär iwwer der Antarktis, déi dofir gesuergt hunn, datt sech net sou vill Wolleke forméiere konnten. Duerch d'Wolleke ginn d'chemesch Reaktiounen, déi der Ozonschicht schueden, nämlech ugedriwwen.

Dat kléngt alles no engem zimlechen Hin an Hier, an dat ass och sou. Ass d'Ozonschicht wierklech um Wee zur Besserung oder hu mir et just mat enger kuerzer Phase ze dinn, wou et nëmme sou ausgesäit, wéi wa sech d'Ozonschicht séier erhuele géif?

Den neien Etüden no soll eng vill méi wäitgoend Besserung bis d'Joer 2070 méiglech sinn. De Moment wieren einfach nach ze vill Schuedstoffer an der Atmosphär. Et kann also erëm zu Réckfäll kommen, wou d'Ozonlach erëm méi grouss kéint ginn.