Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bullion - We Had A Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ozonschicht - Schutz géint d'UV-Stralen

Reen a Bou

D'Ozonschicht - Schutz géint d'UV-Stralen

D'Atmosphär erméiglecht eis net nëmmen d'Liewen op der Äerd, mee schützt eis och viru geféierleche Stralen. Dës Kéier geet et a Reen a Bou ëm d'Ozonschicht. De Philippe Ernzer huet sech dat Ganzt méi genee ugekuckt.

auto_stories

5 min

An enger Héicht vun tëschent 15 a 50 Kilometer ass eis Stratosphär ze fannen. An dëser gëtt et eng wichteg Schicht, déi fir d'Liewen op der Äerd wichteg ass: D'Ozonschicht. Dës läit a 15 bis 35 Kilometer Héicht. Un hir gëtt de Sauerstoff duerch d'Energie vum Sonneliicht a seng zwee Sauerstoffatomer gespléckt. Dës Sauerstoffatomer reagéiere mateneen a kënne sech och am Dräierpak zesummendinn. Ass dëst de Fall, dann entstinn Ozonmoleküller.

Duerch d'Ozonschicht gëtt e groussen Deel vun de Sonnestrale gefiltert a verhënnert doduerch, datt ze vill ultraviolett Stralung de Buedem erreecht. Dëst ass liewenswichteg, well déi staark ultraviolett Stralung eng Gefor fir de Mënsch, d'Planzen an och d'Déieren ass. D'Zelle vun de Planzen a vun den Déiere ginn zerstéiert, och de Mënsch ka geféierleche gesondheetleche Schued erleiden. Kritt Dir e Sonnebrand, da kënnt dëst duerch en ze laangt Ophalen am Fräien, iwwerdeems d'UV-Konzentratioun héich ass. Wann d'Ozonschicht stabil an intakt ass, déngt se als grousst Schutzschëld virun der wierklech staarker an aggressiver UV- Stralung. Mee opgepasst: Et sollt een u sonnegen Deeg, virun allem am Summer, trotzdem net op den néidege Sonneschutz verzichten. Och d'UV-Stralen, déi duerch d'Ozonschicht duerchdréngen, kënne bei ze laanger Dosis geféierlech ginn.

Eng Schutzschicht géint Stralung

D'Sonn straalt e breede Spektrum un elektromagnéitescher Stralung aus. Dës hunn ënnerschiddlech Frequenzen a soumat ënnerscheet sech och all kéiers d'Mooss un Energie. Am Liicht, dat mir gesinn, läit den Intensitéitsmaximum tëschent 400 a 700 Nanometer, wat ëmgerechent engem Milliardstel Meter entsprécht. D'Mënschen an Déieren op der Äerd notzen dëst Liicht fir hir Ëmgéigend ze gesinn, d'Planze fir d'Photosynthees.

D'Sonn straalt awer och méi kuerzwelleg Wellelängteberäicher of, wéi Gammastralung, Röntgenstralung, eng e bësse méi laangwelleg Infraroutstralung, Mikrowellen, Radiowellen an eben och ultraviolett Stralung. Kuerzwelleg elektromagnéitesch Stralung huet ee méi grousst Mooss un Energie opzeweisen. D'Gasen an der Äerdatmosphär si wéi e Filter, se absorbéieren nämlech 20 bis 40 Prozent vun dëser Stralung. Ongeféier 30 Prozent dovu ginn als Infraroutstralung an de Weltraum zeréckreflektéiert.

UV-Stralung ass awer net gläich UV-Stralung. No hirer biologescher Wierkung gëtt se an dräi Wellelängeberäicher agedeelt. Der Definitioun vun der Internationaler Stralekommissioun (Commission Internatioanle de l'Éclairage) no, beleet déi éischter onschiedlech UV-A Stralung de Beräich vun 315 bis 400 Nanometer. UV-B Stralung huet scho méi Energie an ass fir d'Liewen op der Äerd geféierlech. Se ëmfaasst e Beräich vun 280 bis 315 Nanometer. Déi nach méi staark UV-C Stralung läit am Beräich vun 190 bis 280 Nanometer, mee gëtt an der Stratosphär duerch d'Ozon- a Sauerstoffmoleküller ganz absorbéiert. Se kënnt also net op der Äerd un.

Schwankungen an de Ozonschicht

D'UV-B Stralung packt de Wee och net ganz bis op de Buedem. Knapp iwwer 90 Prozent dovu ginn duerch d'Ozonschicht zeréckgehalen. D'UV-A Stralung an och d'Liicht, wat mir gesinn, kënnt sou gutt wéi ganz ongehënnert an ongefiltert duerch. Schwankt d'Zesummesetzung vun der Ozonschicht an der Stratosphär, huet dëst also och eng Auswierkung op d'Sonnenastralung hei ënnen um Buedem.

D'Schwankung vun der Ozonschicht kann engersäits duerch d'Zäregaser ausgeléist ginn, duerch déi den Ozon ofgebaut gëtt an doduerch méi schiedlech Stralung op d'Aërd erofkënnt. Mee och ouni mënschlechen Afloss schwankt déi afalend UV-B Stralung staark. Et hänkt dovun of, a wéi enger geographescher Lag ee lieft, mee och vun der Dages- a Joreszäit. D'Sonnenastralung ass am Wanter an den Trope beispillsweis net sou staark, wéi op Plazen, déi net an den Trope leien. Wat de Wee vun der Sonnestralung duerch d'Atmosphär méi kuerz ass, wat och d'Filterung vun der UV-B Stralung méi geréng ass. Et gouf erausfonnt, datt dowéinst d'Intensitéit vun der ultravioletter Stralung ëm 10 bis 20 Prozent pro Héichtekilometer zouhëlt.

D'Gefore vun der UV-Stralung

D'UV-Stralung ass an den Tropen am héchsten an hëlt a Richtung Nord- a Südpol hin of. Vergläicht een déi ultraviolett Stralung, déi den Äquator erreecht mat där, déi um Nord- a Südpol gemooss gëtt, kënnt een op en ongeféier dausendmol méi héije Wäert.

An de mëttlere Breeten, also de gemäßegten Zonen, ass d'UV-Stralung op de Bierger a Koppen oder och iwwer d'Mëttesstonn méi héich wéi am Flaachland oder bei niddregem Sonnestand. Wolleken, Aerosoler a Schuedstoffer an der Loft verréngeren d'UV-B Stralung. Op lokaler Basis kann duerch Sonnestralen, déi duerch de Schnéi, Äis, Sand a Waasser reflektéiert ginn, d'UV- Stralung staark intensivéiert ginn. Méi wéi 90 Prozent vun der ultravioletter Stralung gëtt vum Schnéi reflektéiert.

D'Sonneliicht ass fir d'mënschlech Gesondheet immens wichteg, virun allem well et eise Kierper mat Vitamin D versuergt. Wann ee säi Kierper awer ze staarker Sonnenastralung an och ze laang aussetzt, da kann et zu gesondheetlechem Schued kommen. Dëst läit virun allem un de méi kuerze Wellelängteberäicher, déi jo, wéi virdru beschriwwen, eng gréisser Energie opweisen. Et kann ënner anerem Hautkriibs ausgeléist ginn, mee awer och eng méi séier Alterung vun der Haut, Aen-Erkrankungen an d'Schwächung vum Immunsystem. Och Waasser schützt net géint UV-Stralung - se ka souguer bis zu zéng Meter déif an d'Waasser andréngen.