Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Parallelle vu Sproochgeschicht a Kulturgeschicht

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

D'Parallelle vu Sproochgeschicht a Kulturgeschicht

De Sam Mersch, Sproochhistoriker beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert, wou Wierder wéi Büfdeck oder Geméis hierkommen a wat eis dat iwwer d'Kulturgeschicht erzielt.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Gudde Moie Sam, wat erziels de eis dann haut?

Sam Mersch: Gudde Moie Simon. Ech wollt haut eppes iwwert d'Parallelle vu Sproochgeschicht a Kulturgeschicht erklären. Do muss ech awer soen, datt ech de Begrëff Kultur am anthropologesche Sënn benotzen, wou domadder all Aspekt vum mënschlechen Handele beduecht gëtt.

Mee so mol, hues du net virun dräi Woche gesot, du wéilts mer eppes iwwer de Büfdeck erzielen?

Dat kann ech gäre maachen, dat passt nämlech ganz gutt heibäi. D'Theema Iessen ass eppes, bei deem ee ganz schéin d'Sproochgeschicht an d'Kulturgeschicht verbanne kann.

Da so mol, wat huet et mam Büfdeck op sech? Dat kënnt jo aus dem Engleschen?

Jo, mee net direkt. Eist Wuert Büfdeck kënnt vum franséische bifteck an dat Wuert kënnt vum englesche beef steak. Et gesäit een et bei eis jo net méi direkt, mee den éischten Deel vum Wuert Büfdeck seet, datt et e Steak vum Rand ass. Dat englescht beef iwweregens ass am Mëttelalter aus dem Franséische geléint ginn. Dat gëtt et vill am Engleschen. Do gëtt et dann nieft enger englescher Bezeechnung fir d'Déier och nach eng Bezeechnung fir säi Fleesch als Iessen, ox an beef, lamb a mutton, pig a porc.

Dat ass jo ee schéinen Hin an Hier.

Dat ass jo dat Flott dobäi. Déi Wierder si vum Franséischen an d'Englescht gaang, well deemools déi iewescht Schicht Franséisch geschwat huet an dat eeben och um Dësch.

Wat huet dat da mam Büfdeck ze dinn?

Ma, du muss ëmmer bedenken, datt Sprooch a Kultur matenee verbonne sinn. E Stéck Fleesch genausou ze broden an ze zerwéieren, war anescht wéi aner Saachen aus der franséischer Kichen, dofir ass d'Iesse mam Numm opgeholl ginn.

Oder sou wéi Fransousen dat eeben ausschwätze konnten.

Genau dat. A grad wéinst där Aussprooch vum Franséischen, déi sou no un eiser ass, wësse mer, datt mir d'Wuert iwwer d'Franséischt kritt hunn. An net nëmmen d'Wuert, mee och de Plat.

D'Wuert Steak ass iwweregens net original Englesch. Et kënnt nämlech aus dem Skandinaveschen a bezeechent quasi ëmmer ee Brot. Ursprénglech huet et awer ee Stéck Fleesch un engem Spiiss gebrode bezeechent. Dëst war nach bis an d'Mëttelalter ran insgesamt eng gängeg Aart a Weis, Fleesch ze broden. Léischt dono goufen et och separat Stécker Fleesch, wéi d'Leit och hiert Iesse separat op d'Tellere kruten an net méi jiddereen alles vun engem grousse Plat giess huet.

Du gesäis also, wann ee sech mat Etymologie beschäftegt, da kann een och Ablécker an d'kulturell Entwécklung kréien.

Du mengs also, datt een iwwer d'Etymologie d'Geschicht vum Iesse ka weisen?

Zu engem klengen Deel jo. Awer leider och nëmme begrenzt. Et gi Wierder, bei deenen ass et méi einfach, wéi beim Büfdeck. Et ginn der awer, déi wierklech schwéier sinn a wou een den Ursprong nëmme schwéier fënnt. Bei ville Kraider ass dat zum Beispill de Fall.

De Péiterséileg zum Beispill: Mir wëssen, datt mir d'Wuert aus dem Laténgeschen hunn. Mee och do ass et net original, mee et kënnt aus dem ale Griicheschen. An do hält et dann e bëssen op. Et weess een, et ass net original Griichesch, mee et weess een net genau, wouhier et kënnt.

D'selwescht ass et mat den Zitrounen a Limounen. D'Wuert Limoun zum Beispill fënnt ee vun hei bis a China, do als Níng Méng. Et fënnt een et schonn an deenen eelsten dokumentéierte Sprooche vun der Welt. Mee et weess een net, wou et genau hierkënnt.

Heescht dat, datt vill vun eise Wierder mam Iessen al sinn an datt mer alles geléint hunn?

Nee, nëmmen e puer si wierklech ural an nëmmen e puer méi si geléint. Vill Wierder si geierft aus dem Germaneschen, zu deem d'Lëtzebuergescht jo och gehéiert .

D'Wuert Fleesch zum Beispill ass relativ al, huet awer eng honnertprozenteg germanesch Etymologie. Et bezeechent, datt d'Fleesch nom Kachen auserneegerappt a gedeelt ginn ass.

D'Wuert Geméis ass méi jonk a bezeechent genau, wéi et gekacht ginn ass. Nach bis an d'Mëttelalter ran ass vill vun deem Geméis nämlech zu Mouss zerkacht ginn, dohier kënnt och den Numm.

Ech hu mäi Geméis awer léiwer bëssfest, wëlls de eis nach eppes do zielen?

Gären, mee dann awer déi nächst Kéier, wann et u mir ass. Da kann ech eppes iwwert al an nei geléinte Wierder am Lëtzebuergeschen erzielen.