Prisma D'Philosophie vum Nondidjëft

Beleidegunge kënnen ale Frëndschaften en Enn setzen. Wéinst Beleidegunge kann ee säi Beruff verléieren. Als Politiker muss ee sech ëffentlech entschëllegen. Wann een zu Lëtzebuerg e Polizist vernennt, kann ee bestrooft ginn. Fluchen ass eng grouss Saach. Firwat si Beleidegungen beleidegend? Wat ënnerscheet Fluche vun aneren Onmanéierlechkeeten? Mir brauchen eng Sproochphilosophie vu schlëmme Wieder, mengt de Joshi Gottlieb.

Joshi Gottlieb / cz

Roserei
Foto: Bigstock / master1305

Beleidegunge kënnen ale Frëndschaften en Enn setzen. Wéinst Beleidegunge kann ee säi Beruff verléieren. Als Politiker muss ee sech ëffentlech entschëllegen. Wann een zu Lëtzebuerg e Polizist vernennt, kann ee bestrooft ginn. Fluchen ass eng grouss Saach.

Mee wat ass Fluchen iwwerhaapt? Wat mécht Beleidegungen esou beleidegend?

Am Dictionnaire steet, datt Fluchen eng onmanéierlech a beleidegend Sprooch ass. Mee Ausdréck wéi "Du domm Kou" oder "houere Wichsert" sinn net just onmanéierlech. A si sinn net just beleidegend. Wann ech ee Kaddo ouni Merci unhuelen, maachen ech eppes Onmanéierleches a Beleidegendes - mee ganz ouni ze fluchen.

Ënnerscheed tëscht kollektiven Injuren a Fluchen

Ech wëll Fluche fir d'éischt vu kollektiven Injuren ënnerscheeden. Wann ech engem soen, datt e sech "an de Knéi fécke soll", dann drécken ech meng Geréngschätzung fir déi spezifesch Persoun aus. Wann ech awer een als "Schwuchtel" vernennen, veruechten ech net just eng Persoun, mee ee ganze Grupp vu Leit - an dësem Fall homosexuell Männer.

Et ass net ëmmer einfach tëscht Fluchen an dëse kollektiven Injuren ze ënnerscheeden. Ausdréck wéi "du domm Fotz" sinn zwar dacks als Beleidegung gemengt, mee si implizéiere esou ee Mepris fir Fraen allgemeng, datt ee se och als kollektiv Injure consideréiere kéint.

Firwat ka Fluche beleidegen?

Ech wëll mech hei op kloer Fäll vu Fluche konzentréieren. Et ass vun engem sproochphilosophesche Standpunkt immens interessant sech ze froen, wat Fluche vun anere Sproochdomainer ënnerscheet, a firwat dës Wieder esou beleidege kënnen.

De Linguist Geoffrey Nunberg gëtt eis den Ufank vun enger Äntwert. Hie schreift, datt Fluchen eng Manifestatioun vu Gefiller ass. Den Ënnerscheed tëscht "de Polizist huet mir ee Protokoll ginn" an "deen houere Flic huet mir ee verféckte Protokoll ginn" ass, datt just den zweete Saz Gefiller vu Roserei, Verzweiwlung an Nervositéit kommunizéiert.

Wierder wei "Nondidjëft" ënnerscheede sech also fundamental vu Wierder wei "Stull", oder "Sonnenënnergang", well se näischt designéieren. Si si vill méi eng Manifestatioun vu Gefiller.

Mee dat erkläert ëmmer nach net, firwat Fluchen esou dacks beleidegend ka sinn. D'Philosophin Rebecca Roache kann eis do weiderhëllefen. Si betount, datt Fluchen, bal ouni Ausnam, Tabue brécht, an domat selwer zum Tabu gëtt. Wéi eng Tabue vum Fluche gebrach ginn, hänkt vum kulturelle Kontext of. Zu Lëtzebuerg schéngt et dacks ëm sexuell oder kierperlech Tabuen ze goen. Am Québec sinn et dogéint bal ëmmer reliéis Tabue - "criss de calisse de tabernak d'osti de sacrament" fonctionnéiert als Manifestatioun vu Roserei am Quebec, mee net zu Paräis. D'Kroaten an d'Rumäne brieche beim Fluchen dacks Tabuen, déi mat Hierarchie oder Famill ze dinn hunn.

Fluchen ass ouni onangenehm Wierder net méiglech

Mee mir hunn ëmmer nach net ganz erkläert, firwat Fluchen esou beleidegend ass. Well Tabue kënnen och ugeschwat ginn, ouni beleidegend ze sinn. Wann ech zum Beispill beim Dokter iwwer Fäkalie schwätzen, fluchen ech net, an ech beleidege keen, mee ech schwätzen iwwer een Tabuthema.

Wat beim Fluchen nach zum Tabuelement dobäi kënnt, a wat et vu mengem Gespréich mam Dokter ënnerscheet, ass, datt d'Expressioune selwer an enger linguistescher Communautéit onbeléift sinn. Fluchen ass net méiglech, ouni Wierder ze benotzen, déi vill Leit onangenehm fannen. D'Erklärung firwat Fluche beleidegend ka sinn, läit awer net just an de Wierder selwer.

Fluchen ka beleidegend sinn, wann...

Si besteet vill méi doran, datt den Orateur express eng Expressioun benotzt, obwuel hie weess, datt den Nolauschterer se net gären héiert, an obwuel hie weess, datt den Nolauschterer weess, dat hie weess, datt den Nolauschterer se net gären héiert.

Den Nolauschterer huet also ee gudde Grond ze denken, dat deen, deen hie vernennt, et net gutt mat him mengt. An et ass dofir, datt Fluchen esou beleidegend a verletzend ka sinn. Beleidegunge si beleidegend, well eis Nolauschterer wëssen, datt mir se beleidege wëllen.

Dës Theorie géif och erklären, firwat mir net beleidegt sinn, wann e klengt Kand dat falscht Wuert an de Mond hëlt. Oder wann ee flucht, deen nach net gutt lëtzebuergesch kann. Dës Persoune wëssen nach net, wéi eng lëtzebuergesch Expressioune beleidegend sinn. An da si se och manner beleidegend.

Ass Fluchen onethesch?

Wat seet dës Theorie iwwer den ethesche Status vum Fluchen? Ass et falsch, Leit express ze beleidegen, oder däerf een dat?

Et gi Leit déi soen, datt Fluchen onethesch ass, well et onmanéierlech ass. Mee dat Argument ass net waasserdicht. Éischtens ass Fluchen net an all Kontext onmanéierlech. An zweetens kann ee sech onmanéierlech behuelen, ouni onethesch ze sinn. Wann ech Ierbesse mam Läffel amplaz mat der Forschett iessen, maachen ech eppes Onmanéierleches, mee näischt ethesch Verwerfleches.

Aner Leit soen, datt Fluchen onethesch ass, well et aggressiv ass. Mee och dat stëmmt net. Et kann een aggressiv sinn, ouni ze fluchen an et kann ee fluchen ouni aggressiv ze sinn.

Hei ass eng méi plausibel Positioun. Et ass ethesch besser, kengem Schued zouzefügen. Mee a spezifesche Kontexter kënne verschidde Beleidegungen der vernannter Persoun psychologesche Schued zoufügen. An deene Kontexter wier et vun engem ethesche Standpunkt also besser net ze Fluchen.

Déi nächst Fro ass natierlech, a wéi enge Kontexter Fluchen esou schiedlech ka sinn. D'Äntwert dorop muss Dir, léif Tutebattien, selwer fannen.

An der Mediathéik:

Prisma / / Joshi Gottlieb
Lauschteren

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen