Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Politiséierung vum Schwätzen

Lëtzebuerger Sprooch

D'Politiséierung vum Schwätzen

D'Gesetz ass e Mëttwoch duerch d'Chamber gaangen, d'Diskussioun ass dofir awer nach laang net eriwwer: D'Fërderung vum Lëtzebuergeschen ass spéitstens zanter der Petitioun 698 zu engem permanente gesellschaftspolitsche Sujet ginn. D'Politiséierung vum Schwätze kommentéiert de Samuel Hamen.

auto_stories

3 min

Samuel Hamen (Foto:Archiv)

EmoXie. Do denkt een am éischte Reflex un een Anti-Depressivum, vläicht nach un een Intimgel fir sensibel Haut. Un eppes denkt ee sécher net: un dat nächst Manöver vum Staatsministère, fir den Nation branding weiderzedreiwen. EmoXië si Stickere fir den Chat um Smartphone, mol ass een Humpen ze gesinn, mol een Auto oder ee Wuert wéi Dëlpes. Hanner all Symbol steet dee kräizdomme rout-wäiss-bloen Hannergrond, dee mir vum Lets-make-it-happen-Logo kennen. Bis an déi lescht Fou, bis an de leschten Ech-kommen-ze-spéit-Mausi-Message sickert also d'Marken-Ideologie eran. Et kann een net méi net politesch kommunizéieren.

Dës Pandemie vum politiséierte richtege Schwätzen - bei den EmoXie codéiert als klenge Sticker-Gag - gëtt et och op anere Plazen. Populär beispillsweis beim Lex Roth, engem vun de groe Seigneure vun Actioun Lëtzebuerg. A senger Rubrik "Eis Sprooch" fonctionnéiert d'Method Roth esou: Fann fir d'éischt ee Wuert, dat bal jiddweree benotzt, beispillsweis lecker, ustoussen oder ubauen. So dann an engem zweete Schrëtt, datt déi Wierder an där Form am Lëtzebuergesche falsch sinn. An erklär dann, wéi et richteg heescht: genësseg amplaz vu lecker, prosten amplaz vun ustoussen, zillen amplaz vun ubauen.

Den Ufank vun Isolationismus

D'Krux vun der Method Roth ass déi heiten: Se etabléiert eng Rëtsch vu Prämissen, ouni se explizit ze formuléieren. Éischtens: D'dogmatesch Theorie ass méi wichteg wéi d'flexibel Praxis. Wien - wéi déi meescht - de Kuddelfleck lecker fënnt, ass zwar sat, mee een dysfunktionale Sproochblani: Kuddelfleck huet genësseg ze sinn. Zweetens: Den dynamesche Sproochekontakt ass virun allem eng Gefor an duerno - wann iwwerhaapt - ee Gewënn. Genee esou fänkt Isolationismus un: andeems friem Dynamiken als suspekt Aflëss gelabelt ginn. Drëttens: D'Schwätzen an d'Nolauschteren am Alldag verléieren hir Onschold. Entweder Du hues de richtege Wuertschatz parat, da gehéiers Du zu eis, an dat gutt Lager. Oder Du schwätz net esou, da puche mir Dech an dat anert Lager. D'Sprooch gëtt zum gesellschaftlechen Indiz, zu enger Method, d'Leit ze jugéieren an ze disziplinéieren.

Dës Prämisse ginn net onbedéngt oppe kommunizéiert, vläicht gi se an hiren Implikatiounen net mol heemlech geduecht. Mee no dëser Logik funktionéiert numol d'lex roth. Oder hunn ech mech elo äppeldänzeg am Klatzentrach vergraff? A leien teimerweis laanscht der Mill? Ech weess et net, ech weess virun allem net wierklech, wat all déi Vokabele bedeiten. Mee genee dat sinn déi stacklëtzebuergesch Wierder, déi d'Method Roth besonnesch ervirhieft: Wierder, déi nach de Geroch vu fréier hunn, déi eng linguistesch Nostalgie erausschweessen.

Den éischten Impuls ass richteg, d'Ausféierung riskéiert auszegrenzen

Genee dat mécht dëse Projet op eng emouvant Manéier tragesch: Hei gëtt dat Lëtzebuergescht valoriséiert, andeems d'Sprooch historesch an exotesch gemaach gëtt. D'Lëtzebuergescht soll fit fir d'Zukunft gemaach ginn, andeems hir d'Geschir vu viru Joerhonnerten ugeluecht gëtt. Tragesch ass dat, well den éischten Impuls dohannert net falsch ass. Sproochepolitesch soll a muss op déi spezifesch gesellschaftlech Situatioun am Grand-Duché reagéiert ginn - Stéchwuert: bal 50 Prozent Auslänner-Undeel. Mee et hëlleft net vill, dorops mat engem hallef pädagogeschen an hallef disziplinatoresche Fanger ze reagéieren.

Ënnerscheed tëscht Dogmatik a flexibeler Léisungsorientéierung

Am Portugisesche gëtt et ee Wuert, dat et a kenger anerer Sprooch gëtt: desenrascanҫo. Dorënner ass eng Approche ze verstoen, ee Problem flexibel, spontan an ondogmatesch ze léisen. Vläicht wier et net schlecht, wann dëst Wuert zesumme mat der Praxis, vun där et schwätzt, an d'Lëtzebuergescht importéiert géif ginn. Ee schéine Léiersaz fir d'Schoulbicher wier zum Beispill: Mir desenrascanҫéieren elo mol déi ideologesch Manéier, wéi hei am Land vill ze dacks iwwer d'Sprooch geschwat gëtt. Grad am Hibléck op d'Parlamentswahlen am Oktober géif eis dat alleguerte méi wéi guttdoen.