Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Posthum Existenz vum Kinnek Jang

Zäithistoriker

D'Posthum Existenz vum Kinnek Jang

Am 19. an am 20. Joerhonnert ass d'Figur vum Jang de Blannen zu enger Projektiounsfläch fir konkurréierend, nationalistesch Dreemereie ginn. De Vincent Artuso erzielt haut, wéi dem Kinnek Jang seng Äschen de 26. August 1946 op Lëtzebuerg zeréckgeféiert goufen.

auto_stories

6 min

D'Klaus vu Kastel läit héich op engem Fiels, wéi een dat op Wikipedia

liesen a gesi kann. Se dominéiert en duusse Meander vun der Saar an déi kleng Uertschaft Serrig. D'Plaz ass moleresch, romantesch am eigentleche Sënn. Stellt Iech se während engem Stuerm oder an der Dämmerung vir, dann hutt dir wahrscheinlech e Bild vum Caspar David Friedrich virun Aen. Et ass kee Wonner, datt de Friedrich Wilhelm IV., Kinnek vu Preisen, an den 1830er Joren hei déi würdegst Ruhestätt erkannt hat fir säin Urahn, dem Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg.

De Ritter-Kinnek aus dem 14. Joerhonnert hat am Laf vu senger Existenz iwwerall an Europa säi Schwäert a säi Rot ugebueden. Esou grouss war seng Reesloscht gewiescht, datt hien anscheinend och no sengem Doud net zur Rou koum. Fir d'éischt war hien an der Krypta vun der Abtei Mënster an der Stad bäigesat ginn. Am 16. Joerhonnert, no der Zerstéierung vun der Abtei, ware seng stierflech Iwwerreschter an Neimënster transferéiert ginn.

Am Joer 1795, wéi d'Eruewerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch d'Fransousen imminent war, huet e klenge Krees vu Veréierer decidéiert d'helleg Schanke vum Grof virun de gottlosen, revolutionären Truppen ze retten. De Jean-François Boch-Buschmann, spéidere Matbegrënner vun der Firma Villeroy & Boch, huet d'Translatioun organiséiert. D'Iwwerreschter si bal véier Joerzéngte laang zu Mettlach bliwwen, wou de preisesche Kinnek se entdeckt huet.

Eng Projektiounsfläch fir konkurréierend, nationalistesch Dreemereien

Déi post-mortem Peregrinatioune weisen d'Faszinatioun, déi den historesche Personnage zanter méi wéi sechs Joerhonnerten ausgeüübt huet. Seng Äsche si reegelméisseg verluecht a gerett ginn, well seng Erënnerung weidergelieft huet, well se esou staark war, datt se reegelméisseg nei erfonnt gouf. De Pit Péporté huet dat an engem schéinen a wichtege Buch, Constructing the Middle Ages, erkläert.

De Lëtzebuerger Historiker beschreift zum Beispill, wéi d'Figur vum Jang vu Lëtzebuerg, am 19. an am 20. Joerhonnert zu enger Projektiounsfläch fir konkurréierend, nationalistesch Dreemereie gouf. Fir den däitschen Nationalismus war dee Spross vum Haus Luxemburg, dat dem Räich dräi Keesere ginn hat, selbstverständlech en däitschen Held. Fir de franséischen Nationalismus war deen Alliéierten, dee während der Schluecht vu Crécy op der Säit vun der franséischer Ritterschaft gefall war, e Symbol vun der Unzéiungskraaft vu Frankräich.

Fir de Lëtzebuerger Nationalismus war hien den Nationalheld schlechthin. E Representant vun der glorräichster Dynastie an der Nationalgeschicht, dee seng Grofschaft net vernoléissegt, an de Wonsch explizit ausgedréckt hat, do begruewen ze ginn. Datt hien zu Frankräich gehalen hat war e weidere positive Punkt, zu engem Zäitpunkt, wéi déi däitsch Muecht wéi déi gréisst Gefor fir d'national Onofhängegkeet ugesi gouf.

Deen Aspekt ass besonnesch nom Éischte Weltkrich ënnerstrach ginn. Paräis hat de Lëtzebuerger eng ze grouss Proximitéit vis-à-vis vum däitsche Besatzer reprochéiert. No der Ofdankung vu senger Schwëster huet d'Grande-Duchesse Charlotte der Figur vum Jang de Blannen eng zentral Roll an hirer Kommunikatioun zougeschriwwen. Dat bescht Beispill dofir ass, datt den Ierfprënz a spéidere Grand-Duc de Virnumm Jean krut.

O wèr et dach scho mûr !

Datt d'Graf vum frankophillen Nationalheld op engem Gebitt louch, dat virun 1815 der Grofschaft Lëtzebuerg gehéiert huet, mee elo an Däitschland war, gouf vun de Lëtzebuerger Nationaliste wéi eng Humiliatioun empfonnt. Hire Virdenker, de Lucien Koenig, Matbegrënner vun der Nationalunion, huet scho vun 1913 u fir de Retour vun den Äsche plaidéiert.

Ënner sengem Nom de plume, Siggy vu Lëtzebuerg, huet hien e Gedicht geschriwwen, dat d'Form hat vun engem Dialog tëschent "Jongletzeburg", d'Personifikatioun vun der regeneréierter Natioun, an dem Geescht vum Jang dem Blannen:

"Jongletzeburg! Du nobel Ras

Fu Gêscht an och vun Hîrz!

Bau mir e Grâf bei mengem Schlas

Mat letzeburger Îrz.

Et braûch jo guer net grôs ze sin

E klèngen Èck gêt dûr,

Wann éch nur an der Hêmécht sin -

O wèr et dach scho mûr ! "

Muer war ze fréi. Nom Zweete Weltkrich hat sech d'Situatioun awer komplett geännert. No véier Besatzungsjoren hunn d'Iddie vun der Nationalunion an d'Opinioun, a virun allem an der Resistenz, dominéiert. Lëtzebuerg huet och d'Responsabilitéit vun zwee Secteuren an der franséischer Besatzungszon an Däitschland kritt, zu deenen och de Perimeter ëm d'Klaus vu Kastel gehéiert huet.

Den 13. November 1945 huet de Prënz Felix folgend Ried virun de spéidere Besatzungstruppe gehalen:

"[L'armée] s'apprête en ce moment à passer la frontière pour aller planter notre drapeau dans un ancien territoire luxembourgeois, où quelqu'un monte la garde sur les bords de la Sarre depuis plus d'un siècle. Jean l'Aveugle vous attend dans sa chapelle funèbre et par votre présence les mânes de l'antique preux seront apaisés. "

Annexioun oder Réckféierung

Déi dramatesch Luxemburgertümelei war ganz am Geescht vun der Zäit. Mee an de Kulisse ware méi konkret Interesse virrangeg. Vun deem Moment u wou et drëms gaangen ass de Jang heemzebréngen, waren zwee Zeenarien denkbar: entweder déi zwee Besatzungssecteuren ze annektéieren, da wier hien erëm automatesch op Lëtzebuerger Buedem gewiescht, oder d'Äschen ze rapatriéieren. Dës zweet Optioun huet sech dann duerchgesat, well d'Perspektiv vun Annexiounen irealistesch gouf.

Haut kann een nach op verschidde Plaze liesen, datt de Sarg an enger Nacht-und-Nebel-Aktioun entféiert gouf. Dat ass Quatsch. D'Lëtzebuerger Regierung huet der franséischer Besatzungsmuecht am Januar 1946 d'Erlaabnis gefrot. Vu datt déi dat léiwer héieren huet wéi Gebittsuspréch, huet se och séier agewëllegt.

De Joseph Bech, deemools Ausseminister, huet sech awer Zäit gelooss. Huet hien nach u méiglech Annexioune gehofft? War him de Jhang-de-Blannen-Romantismus gläichgülteg? Vläicht hunn déi zwou Erklärungen eng Roll gespillt. De Premierminister Pierre Dupong konnt hien den 9. Abrëll 1946 da mat engem handfesten Argument iwwerzeegen:

"Ce retour permettrait de retirer le peloton de 30 hommes stationnés à Castel et d'économiser une somme annuelle d'environ 375.000 frs. sur le budget de la Force Armée. Comme le 600eanniversaire de la bataille de Crécy aura lieu le 26 août prochain cette occasion sera unique pour ramener le corps à Luxembourg et de l'inhumer provisoirement à la crypte de la cathédrale."

D'Ironie vun der Geschicht

Sechs Deeg virun der Réckféierung gouf eng Lëtzebuerger Delegatioun zu Kastel empfaangen, zu där de Pierre Dupong, den Historiker Joseph Meyers an de Lucien Koenig gehéiert hunn. Wéi de Sarg opgemaach gouf, huet dee Leschte sech ausgeruff: "T'ass en!"

Natierlech hätt et grad esou gutt dem Napoléon seng Giedel kéinte sinn. Et louche just e Puer al Schanken am Graf, mee de Moment war sécherlech ideal fir héichgegraffe Phrasen. Déi Ironie ass an dësem Kontext net komplett anachronistesch. Eenzel Elementer erlaben d'Hypothees, datt d'Regierung wéineg Goût fir deen nationalistesche Pathos hat.

Schliisslech fält och op, datt den Epilog vun der Geschicht ironesch ass. Mat der Bestattung vum Nationalheld an der Krypta vun der Stater Kathedral war d'Debatt nach net eriwwer. De 6. Mäerz 1947 huet de Mediävist Camille Wampach en Artikel am Luxemburger Wort publizéiert. Hien huet confirméiert, datt et dem Jang säi Wonsch war an der Grofschaft Lëtzebuerg bäigesat ze ginn, an zwar do wou seng Virfare louchen, dat heescht zu Clairefontaine ... an der haiteger belscher Province de Luxembourg.

War dat Gronn genuch fir och d'Annexioun vun dësem Gebitt ze fuerderen? De Wampach huet sech net genéiert. Aus dem Projet ass awer esou wéineg gi wéi aus deem, Bitburg oder Perl ze erueweren. D'Nationalisten hate vun engem Grouss-Lëtzebuerg gedreemt; si haten de Retour vu fréierem, nationale Buedem gefuerdert a goufen zum Schluss mat Äschen zefriddegestallt.