Radioen

On air

De Moien  |  Aliocha Schneider - Avant Elle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Press an der Kris

Prisma

D'Press an der Kris

Sech informéieren doriwwer, wat all Dag ronderëm een an an der Welt geschitt ass eppes, dat fir déi meescht Leit zum Alldag dozou gehéiert a woumat den Dag fir munchereen ufänkt. Mee wéi zouverlässeg sinn dës Quellen an Noriichten? Wie bestëmmt, wat matgedeelt gëtt a virun allem, wéi et vermëttelt gëtt? An handelt et sech wierklech ëmmer ëm reng objektiv Duerstellunge vu Fakten?

auto_stories

6 min

"Ach, die sittenlose Presse!

Tut sie nicht in früher Stund

all die sündlichen Exzesse

schon den Bürgersleuten kund?!"

Sou heescht et zumindest am Wilhelm Busch senger frommen Helene. Elo kann ee sech froen, ob dat e Virworf oder awer eng Aart Kompliment ass. Sou einfach, wéi et op den éischten Ament erschéngt, ass et awer net, well sou hänken heimat eng ganz Partie Froen zesummen.

Virun allem déi, wat dann eigentlech d' Aufgab vun der Press ass oder soll sinn. Wann ech hei vu Press schwätzen, da mengen ech domat virun allem déi sougenannten ëffentlech Medie wéi Radio, Tëlee an Internet.

Moral an der Press

Informéieren, Usiichten a Meenunge matdeelen, zum Nodenken ureegen, ënnerhalen, Zäit verdreiwe - dëst sinn alles Äntwerten, déi mir lo sou direkt dozou afalen. A wann ech nach e klenge Schratt weider ginn, da stellt sech mir awer nach eng Fro, nämlech déi ob d' Press och d'Roll vun enger moralescher Leedung huet a soll hunn.

An hei fänkt et dann un, problematesch ze ginn: éischtens, wie bestëmmt, wat moralesch gutt ass a wat verwerflech ass, an, fir et mam Busch auszedrécken, wat "sittenlos" a "sündlich" ass?

Zweetens, op engem méi generellen Niveau, ass et iwwerhaapt méiglech ze informéieren, sech matzedeelen, zum Nodenken unzereegen, ze ënnerhalen, ouni eng moralesch Wäertung a Steierung mat afléissen ze loossen?

An drëttens, ass et net awer souguer eng Flicht, dozou bäizedroen, datt all Mënsch en Zougang zu moralescher, kultureller, demokratescher a politescher Bildung huet? Dat sinn elo vill komplex Froe beieneen.

Informatioun a Fakten

Bleiwe mer elo awer beim Aspekt vun der Informatioun. Wann ech vun informéiere schwätzen, da mengen ech heimat virun allem d'Matdeelung vun sougenannte Fakten, also vun onbestridden Tatsaachen, déi u sech reng objektiv duergestallt sinn. Zumindest an der Theorie.

An hei wëll ech dann emol eng Fro an de Raum stellen: sinn sougenannte Fakte wierklech ganz wäertneutral an hunn eleng den Zweck, de Lieser oder Nolauschterer iwwer Tatsaachen ze informéieren? Ech bezéie mech elo net op déi sou genannten Fake News, déi scho rëm en Theema fir sech wären.

Et ass schwiereg, déi Fro pauschal ze beäntwerten, well een net déi gesamt ëffentlech Medie kann an en Dëppe geheien. Och ass et elo net mäin Zil mam Fanger op een ze weisen.

Meng Fro ass éischter déi: Wéi staark kann d' Press duerch dat, wat se matdeelt, d'Handlungen, d'Denke wéi och d'Wäertvirstellunge vun enger Gesellschaft beaflossen a steieren?

Medien an der Corona-Kris

Ech stellen dës Fro aus engem ganz bestëmmte Grond. An zwar hunn ech mech déi lescht Méint ëmmer erëm gefrot, wat fir eng Roll d'Medien an der Corona-Kris bis elo gespillt hunn an ëmmer nach spillen, a wat fir en Impakt se zanter dem Ufank vun der Kris hunn.

Natierlech kann een dës Fro och ëmdréinen a froen, wat fir en Impakt d'Kris op d'Medien hat an huet a wéi dës sech doduerch geännert hunn respektiv sech hu missen upassen.

Zanter Mäerz dominéiert "Corona" eis gesamt Medielandschaft. Ech ka mech net erënneren, datt jee en Thema wärend Méint Dag fir Dag sou omnipresent war an eis quasi am Sekonnentakt duerch eisen Dag begleet huet. Iwwer déi sougenannten Liveticker gi mir lo scho gutt siwe Méint mat den aktuellsten Zuele vun Neiinfektiounen, Rekordzuelen, de neiste Verbueter, Mesuren a Lockdowns an der ganzer Welt gefiddert, gekoppelt mat Biller vu Spideeler, Masken, Sprëtzen a Särg.

Mat Chifferen, "sou héich ewéi nach ni" a mat Zuele vun Doudegen, déi "rasant" an de leschte 24 Stonnen an d'Luucht gaange si fänkt den Dag schonn un, wann ee sech moies informéiere wëll.

Och déi neiste wëssenschaftlech Erkenntnisser vun ausgewielte Virologen an Epidemiologen, déi sech zwar och net ëmmer eens sinn, ginn eis matgedeelt. A schliisslech gi mer gewuer, wéi vill Leit sech net un d'Mesurë gehalen hunn, well se zum Beispill keng Mask unhaten, an dofir bestrooft gi sinn.

Niewebäi gesot, hätte mer sou e Liveticker fir eis zum Beispill iwwert den Honger an der Welt ze informéieren, da géife mer ongeféier all zéng Sekonnen eng Noriicht kréien, well e Kand un Honger gestuerwen ass. Mee zeréck zum Theema.

Fakten an Theorien

Et kann een elo soen, dass et sech bei dësen Neiegkeete jo einfach ëm Fakten handelt an dass d'Gesellschaft e Recht drop huet iwwer de Verlaf vun der Kris informéiert ze ginn. Et ass jo och sécherlech eng Demande do, well et betrëfft eis all an dat Ganzt huet en enormen Impakt op eist alldeeglecht Liewen, sief et gesondheetlech, wirtschaftlech, sozial oder psychesch fir der just e puer ze nennen.

An awer bleiwen trotz dem permanenten Zougang zu den aktuellsten Noriichte ganz vill Froen opstoen, wat nach méi Angscht an Onsécherheet ausléist. Et gëtt een zwar op der enger Säit mat Informatioune reegelrecht iwwerschwemmt, zum Beispill mat Zuelen a medezinesche Begrëffer an Erkenntnisser, mee se bleiwen dacks ouni Bezuch, ginn net an e richtege Kontext gesat an hannerloossen domat méi oppe Froe wéi se Äntwerte liwweren. A genee dat kann zu Spekulatiounen an dubiéisen Theorië féieren.

Schwaarz-Wäiss-Denken

Eng weider Fro ass, ob dës Aart a Weis vu Matdeelung net och zu engem "Schwaarz-Wäiss-Denken" an der Gesellschaft sou wéi zu engem moraliséiere féiert. Et traut een sech jo kaum nach, déi matgedeelte "Fakten" a Fro ze stellen, well och déi Leit hu well hier fest Bezeechnungen an de Medien: sou d'"Corona-Leugner", "Maske-Kritiker" a "Covidioten".

Oder et ass een e Verschwierungstheoretiker, e Rietsextremen, en onsolidareschen Egoist a Partygänger. Bekannt Soziologe ginn dann hei och zu Rot gezunn an erklären, natierlech reng wëssenschaftlech, wéi déi sou genannte "Leugner" ticken.

Et geet lo hei net ëm déi Diskussioun, ob a wéi geféierlech de Virus dann elo wierklech ass, ob d'Mesuren iwwerdriwwen oder net streng genuch sinn, oder ob a wéi staark eis Grondrechter ageschränkt sinn. Ech froe mech just, ob a sou engem Kader eng kritesch, konstruktiv Ausernanersetzung mat dem, wat grad ronderëm eis passéiert, esou nach méiglech ass, ouni direkt moralesch beurteelt an ofgestempelt ze ginn?

Oder ass dat net erwënscht, well nach ëmmer net de Moment dofir ass? Oder geet et och vläicht schlussendlech dorëm, wat méi lukrativ ass? Wéi och ëmmer déi jeeweileg Äntwert ausfält, d'Press huet sécherlech en Impakt op d' Gesellschaft, an domat huet se och eng grouss Verantwortung. Mee net eleng d' Press, och d' Politik souwéi d'Nolauschterer an d'Lieser droen hiren Deel dozou bäi a bestëmmen duerch hire Konsum mat, wat fir eng Aart vu Press se ënnerstëtzen. Eng gutt Mëschung aus zäitno informéieren, entertainen, debattéieren an austauschen ass eng Erausfuerderung, déi awer vill ka bewierken, zemools an Zäite wéi dëser.