Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Realitéit vun der Sproochevillfalt a Kanada

Englesch, Franséisch, ... Mohawk?

D'Realitéit vun der Sproochevillfalt a Kanada

Wéi huet déi duebel Sproochkultur dat gesellschaftlecht a politescht Liewe vu Kanada markéiert? A wéi eng Roll spillen déi iwwer 60 indigène Sproochen am moderne Kanada? E Portrait vun der Sprooche-Landschaft a Kanada.

auto_stories

5 min

De Groussdeel vun de Kanadier ass engleschsproocheg. Mä an der Provënz Québec ass Franséisch déi offiziell Ëmgankssprooch. Déi Ierfschaft hunn déi zwou Natiounen, déi d'Land koloniséiert hunn, hannerlooss.

Et ginn net vill Stied déi d'Geschicht vun de Sproochen a Kanada besser illustréieren, wéi Montréal. Nach Haut gesäit een hei d'Iwwerreschter vun der Konfrontatioun tëscht den zwou Natiounen, déi Kanada gegrënnt hunn: De Weste vun der Stad ass engleschsproocheg, an den Oste frankophon.

D'Resultat vum Widderstand

Den Historiker Jean-François Nadeau erkläert, datt di Franséisch Sprooch dëse Kampf nëmme mat vill Méi iwwerlieft huet. D'Statistike wieren däitlech, d'Englescht hätt sech bal iwwerall duerchgesat. "Déi bi-kulturell Säit vun der Stad ass éischter d'Resultat vum Widderstand, wéi vun enger formeller Realitéit vun Eenegkeet."

D'Franséischt war awer net ëmmer an esou enger prekärer Situatioun. No der Grënnung vun den éischte franséische Kolonien am 17. Joerhonnert, war se nach déi dominant Sprooch um Territoire, deen haut Kanada genannt gëtt.

Eréischt wou d'Nouvelle France 1763 vun de Briten eruewert gouf, ass d'Franséischt an den Hannergrond geréckelt. D'Zil vun de britesche Kolonialiste war et, d'Francophonen z'assimiléieren, an esou een eesproochegt Land ze grënnen.

Déi ugespaante Relatiounen tëscht de Fransousen an den Englänner a Kanada huet géint der Mëtt vum 19. Joerhonnert dozou geféiert, datt déi zwou Gruppen entscheet hunn a getrennte Sphären ze liewen, esou den Historiker Paul-André Linteau. Et hätt ee sech gréisstendeels ignoréiert fir kënnen autonom ze bleiwen. "Et war am Interesse vun jidderengem, datt et net géif degeneréieren."

Ongläichheeten zu Montréal

Opgrond vun dëser Trennung hu sech allerdéngs enorm sozio-ekonomesch Ongläichheeten an der jonker kanadescher Gesellschaft entwéckelt. Déi franséisch Kanadier hate beispillsweis méi schlecht Schoulen a manner Accès un de Kapital vun den englesche Banken, seet de Paul-André Linteau.

Des Ongläichheeten huet een och gutt zu Montréal gesinn, seet de Jean-Francois Nadeau. "An den 20er Jore gouf et am Weste vun der Stad eng Kannerstierflechkeet, déi mat där vu Kalkutta an Indien ze vergläichen ass. Am Oste gouf et richteg Schlässer. Fotoen aus dëser Zäit temoignéieren ee ganz anere Liewesrythmus." Ganz laang wieren et zwou Stied an enger gewiescht. Just um Boulevard Saint Laurent wier et kulturell Echange ginn. Hei wire wichtege Gruppen entstanen, déi d'Geschicht markéiert hunn. Wéi zum Beispill den Entrourage vum Sänger Leonard Cohen.

Wéinst där konfliktueller Relatioun tëscht de franséischen an englesche Kanadier ass de Projet vun der Zweesproochegkeet ni Realitéit ginn.

De Kampf vun de Frankophonen

Mee eng ganz Rei Communautéite vu Frankophonen ausserhalb vum Québec kämpfen nach Haut dofir, datt hir Sprooch voll a ganz vun der Majoritéit unerkannt gëtt.

D'Sylviane Lanthier ass Presidentin vun der Fédération des communautés francophones et acadienne du Canada, déi di knapps 3 Millioune Frankophonen ausserhalb vum Québec vertrëtt. Si erkläert, datt de Kampf virun allem doranner besteet, fir dem Franséischen den nämmlechte Stellewäert wéi dem Engleschen ze ginn.

De Kampf fir d'Unerkennung vum Franséischen an de majoritär engleschsproochege Provënzen dréint ronderëm Dossiere wéi d'Santé, Zerwisser vun der Regierung, mee virun allem och d'Educatioun. Si ass nämlech d'Basis fir d'Schafe vun dynamesche franséischsproochege Communautéiten, erkläert d'Sylviane Lanthier. Et géif ganz einfach u Schoule feelen. "Et bleift nach vill ze maachen, wat d'Accessibilitéit zu franséische Schoulen ugeet. Déi Jonk hunn een Urecht op eng franséisch Schoul"

Engleschsproocheg Minoritéit am Quebec

Déi engleschsproocheg Minoritéit am Québec muss iwwerdeems mat ähnlechen Erausfuerderunge kämpfen. Di ronn eng Millioun Quebecer déi englesch schwätze wëllen och, datt hier Sprooch op nämmlechtem Fouss mam Franséische steet.

D'Sylvia Martin-Laforge ass d'Generaldirektesch vun der engleschsproocheger Lobby-Grupp Quebec Community Action Network.

"Mir kennen d'Franséischt als d'Sprooch vum Quebec un. Mä ouni Zwang." Si fuerdert, datt d'Gesetzer a d'Reglementer esou sollten adaptéiert ginn

D'Sproochcommunautéite kämpfen dagdeeglech dofir, datt d'Zweesproochegkeet a Kanada gefërdert gëtt. Mä trotz dem Engagement vun dëse Gruppen ass een a Kanada nach wäit ewech vun dëser Realitéit, esou den Historiker Jean-Francois Nadeau. "Et ass een alen Dram, dee schonn den Henri Bourassa hat. Och de Papp vum aktuelle Premierminister Justin Trudeau, de Pierre Trudeau, hat deen Dram och."

Mohawk revitaliséieren?

Während a Kanada déi eng sech fir méi Zweesproochegkeet asetzen, kämpfen anerer fir d'Iwwerliewe vun hirer Sprooch.

D'Hilda Nicholas ass d'Direktesch vum Sproocheprogramm an der Mohawk Communautéit vu Kanesatake, am Norde vu Montreal, wou zënter 16 Joer Mohawk ënnerriicht gëtt.

Si erkläert datt nëmmen e puer Dausend Leit sech Haut nach op Mohawk kënnen ausdrécken. Dofir wier et wichteg déi indigene Sprooch ze revitaliséieren, andeems een se de Jonken an der Schoul bäibréngt.

"D'Sprooch ass en Deel vun eiser Identitéit. Immens vill Leit, déi ech gesinn, leiden dorënner, datt si hir Sprooch net kënne schwätzen. Déi, déi Mohawk léieren, sinn ëmsou méi houfreg, datt si d'Sprooch kënne schwätzen."

Indigene Sproochen a Gefor

Mohawk ass eng vun de 60 indigene Sproochen déi a Kanada verzeechent sinn. D'Unesco an de kanadesche Ministère fir de Patrimoine warnen, datt esou gutt wéi alleguer des Sproochen a Gefor sinn.

De Sproochenhistoriker Philippe Charland erkläert, datt viraussiichtlech nëmmen 3 vun hinne wäerten iwwerliewen. Fir datt eng Sprooch kéint iwwerliewen, misst se op d'mannst vun 30.000 Leit geschwat ginn. Déi meescht géifen ënner dëser Grenz leien. Ausserdeem géife si net méi enseignéiert ginn.

Wat der Hilda Nicholas awer Mutt mécht, ass datt den Interessi fir di indigene Sprooche wiisst. D'Sproochecourse wiere bei de Leit vun der Communautéit ëmmer méi beléift.

Si hofft datt och an Zukunft genuch Sue vun der Regierung komme fir d'Sproocheprogrammer um Liewen z'erhalen. Well d'Sprooch ass net nëmmen d'Sprooch. Fir d'Hilda Nicholas ass et eng ganz Wäertvirstellung, déi sech doranner erëmspigelt. An dee Räichtum wëllt si onbedéngt erhalen.