Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rekonstruktioun vu Mossul

Irak

D'Rekonstruktioun vu Mossul

Viru knapps zwee Joer louch d'Stad Qaraqosh, am Südoste vu Mossul, an Trëmmer. Haut si knapps iwwer d'Hallschent vun den Awunner aus dëser chrëschtlecher Héichbuerg zeréckkomm. D'Angscht, datt déi chrëschtlech Minoritéit am post IS-Irak hir Plaz net méi fënnt, an de Mangel un Ënnerstëtzung aus Bagdad, huet d'Kierch dozou motivéiert ambitiéis Rekonstruktiounsprogrammer an d'Weeër ze leeden.

auto_stories

4 min

"Mir baue grad eis Kierch erëm op, et ass e grousse Chantier. All Samschdeg maache mir déi ganz Kierch propper, fir datt d'Mass e Sonndeg de Moien hei banne ka gehale ginn. Mir ginn net bezuelt, mir si Volontairen. Mir maachen dat net fir d'Suen."

D'Mariam ass eng vun den Dose Fraen, déi mat hire Waassereemeren a Kierbiischte versichen, déi syriac kathoulesch Kierch esou gutt wéi méiglech zum glänzen ze bréngen. Et gouf scho vill gemaach, mee d'Renovatiounsaarbechte sinn nach laang net fäerdeg. De Kierchtuerm gouf vum IS gesprengt, un de Mauere kann een nach düster Graffitie liesen: "Den Islamesche Staat bleift hei".

Den IS huet seng Spueren hannerlooss

Haut sinn dës verhängnisvoll Previsioune mat engem grousse Kräiz duerchgestrach ginn: Den IS ass am Fréijoer 2017 aus dëser traditionell chrëschtlecher Géigend verdriwwe ginn. Dräi Joer laang huet d'Terrororganisatioun d'Stad besat. D'Lina Admen erënnert sech nach un déi Nuecht, wou si hiert Haus huet misse verloossen:

"Mir hate keng gutt Transportmëttel fir ze flüchten a stoungen eng ganz Nuecht zu 50 hannen an engem Pick-up. Mäi Cousin ass zu Qaraqosh bleiwen. Mir hunn zanterdeem näischt méi vun him héieren. Daesh huet hie geholl. Mir wëssen net, ob hie lieweg oder dout ass"

Minoritéite si vum islamesche Staat besonnesch verfollegt ginn. Dëst huet den Trend vun der Emigratioun vun de Chrëschten aus dem Irak nach emol acceleréiert, en Trend, dee schonn 2003 mam Krich géint Al Qaida an d'Luucht gaange war.

D'Stad erëm bewunnbar maachen

Fir de syriac kathoulesche Bistum, deen zu Qaraqosh d'Soen huet, ass et dofir ëm sou wichteg, d'Stad séier erëm bewunnbar ze maachen. D'Lina Admen ass Bauingenieur vu Beruff a war ënner deenen éischten, déi zeréckkomm sinn:

"No der Liberatioun vun der Stad huet de Pater Georges eis mat op Qaraqosh geholl, fir datt mir eis d'Schued ukucken an d'Botzaarbechten un d'Goe bréngen. Am Ufank war et e richtege Schock fir mech. Sou vill Haiser goufen zerbommt, verbrannt, an d'Luucht gesprongen oder geplündert."

An der ganzer Regioun vun Nineveh leien nach ganz Staddeeler an Trëmmer. Aus Bagdad kënnt kaum finanziell Ënnerstëtzung: esou huet d'Kierch d'Restauratiounsaarbechten zu Qaraqosh an d'Hand geholl. De Pater Georges huet direkt am Fréijoer 2017 mat enger klenger Equipe de Comité fir d'Rekonstruktioun vu Qaraqosh op d'Bee gestallt.

"Mir hunn ëm 4.000 Haiser vum Typ C, déi nëmmen deelweis zerstéiert goufen, rezenséiert. 2.000 Haiser sinn ofgebrannt. An da ginn et nach ëm déi 100 Haiser, déi komplett vernicht sinn. Mir hu virun zwee Joer mat de Chantieren ugefaangen a konnte bis haut schonn d'Hallschent vun den Haiser renovéieren."

Fir d'Kierch ass et virun allem wichteg, d'Kontroll iwwer d'Rekonstruktioun ze behalen. All Hausbesëtzer ass responsabel fir säi Chantier a muss dem Comité reegelméisseg Rapporten areechen.

D'Finanzéierung ass ee Problem

De Bistum ass och ganz wieleresch mat den Donateuren, déi d'Rekonstruktioun finanzéieren:

"Mir ginn iwwerhaapt net vun der Regierung ënnerstëtzt. Am Irak sinn et éischter Organisatioune wéi d'UNDP, déi d'Operatioune fir d'Rekonstruktioun finanzéieren. Mee mir wëllen net mat dëser UNO Agence schaffen, well si nëmmen 30 Prozent vun all Haus subventionéieren. An eisen Aen ass dat net akzeptabel."

De Bistum kritt, als Vertrieder vun enger bedrohter chrëschtlecher Minoritéit an engem zu 95 Prozent muslimesche Land, d'Ënnerstëtzung vun internationale kathouleschen Organisatiounen. Mee fir den Äerzbëschof Yohanna Petros Mouche, déi reliéis, politesch a moralesch Autoritéit zu Qaraqosh, geet et net duer, just d'Haiser ze renovéieren:

"Mir brauchen och Sécherheet an Aarbechtsplazen. Dat wichtegst fir den Ament ass awer, datt eis Géigend a chrëschtlechen Hänn bleift. Et kommen ëmmer méi net-Chrëschten heihinner wunnen, a mir musse verhënneren, datt si déi d'Muecht hei iwwerhuelen. Jiddweree soll bei sech bleiwen a mir brauche besser Gesetzer am Irak, déi Minoritéite verdeedegen an déi sécherstellen, datt déi chrëschtlech Identitéit hei erhale bleift."

Chrëschte sollen ënner sech bleiwen

Den Äerzbëschof notzt och seng onbestridden Autoritéit, fir den demographesche Wiessel zu Qaraqosh ofzebremsen:

"Ech erlabe kengem Chrëscht, säin Haus oder Terrain engem ze verlounen oder ze verkafen, deen net scho virun 2014 hei war. Et gi Leit, déi dat heemlech maachen, mee mir sinn definitiv dogéint. E Chrëscht am Irak dierf ouni eis Erlaabnis säin Haus einfach net verkafen".

Fir den Äerzbëschof ass eent kloer: Chrëschte sollen ënner sech liewen, fir datt hire Glawen an d'Kierch als politesch Institutioun erhale bleiwen. Fir d'Awunner vu Qaraqosh gëtt et kaum Raum, dëst a Fro ze stellen. Am Endeffekt wëlle si virun allem, datt hir Stad erëm opgebaut gëtt, an ouni den Äerzbëschof geschitt näischt.