Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Scheedungsreform bréngt eng aner Vue op d'Kand

Fräie Mikro

D'Scheedungsreform bréngt eng aner Vue op d'Kand

D'Scheedungsreform, déi de leschte Mount an der Chamber gestëmmt gouf, laut e Paradigmewiessel an. D'Fro steet am Raum, ob d'Gesellschaft prett ass, hir Vue op d'Famill an d'Roll vum Kand ze veränneren.

auto_stories

4 min

D'Kand gëtt aus enger Statisteroll erausgeholl an däerf e Wuert matschwätzen, wann de Familljeriichter fënnt, datt et déi néideg Capacitéiten dofir huet. Dat ass interessant, well bis ewell ass dat éischter eng Optioun gewiescht, iwwer déi net besonnesch vill Ophiewes gemaach gouf. Et mécht awer Sënn, elo, wou déi nei Funktioun vum Familljeriichter geschafe gëtt, deen eng global Vue op d'Familljekonstellatioun kritt an de Fonctionnement vun deem Grupp besser verfollege ka wéi all déi eenzel Riichter, déi sech bis ewell mat Deelaspekter vun engem Divorce auserneegesat hunn.

Suerg ëm d'Wuel vum Kand ass reell

D'Kand kann also aktiv participéieren a ka sech dofir och en eegenen Affekot huelen. Et gehéiert dann net méi just zum allgemengen Inventaire, deen eng Koppel accumuléiert huet, an deene Jore wou se zesumme war, an dee wéinst der Scheedung nei opgedeelt a geréiert muss ginn. Well et ass dat jo, och wann d'Suerg ëm d'Wuel vum Kand an der grousser Majoritéit vun de Fäll ganz reell ass, dat steet hei guer net zur Debatt. Vill Koppelen hu sech scho laang virun der Reform op de Wee gemaach a si sech zum Beispill dohinner scheede gaangen, wou se woussten, datt de Riichter eng Garde partagée géif festleeën. Wou d'Kand also net traditionell engem Elterendeel zougesprach gouf an deen anere just e Besuchsrecht hat.

De groussen Ënnerscheed ass hei d'Vue op d'Kand. Fundamental. An do knuppen déi eenzel Ideologien a Gesellschaftsusiichten openeen. Et ass dofir kee Wonner, datt et beim Vott an der Chamber nawell héich hiergaangen ass. Op där enger Säit heescht et, mir iwwerfuerderen d'Kand, well d'Kand kann net fir sech eleng decidéieren. Net fir seng Educatioun, net fir seng Gesondheet, net fir seng Alimentatioun, a scho guer net bei enger Scheedung, déi exklusiv am Domaine vun den Erwuessene läit.

Ass e Kand capabel fir um Prozess deelzehuelen?

Dat ass déi konservativ, protektionistesch - paternalistesch Vue op d'Kand. Déi grouss Leit, déi mam Esprit éclairé, wëssen, wat gutt fir et ass, mussen et dofir bei der Hand huelen a fir et decidéieren. Et geet jo ëm säi Wuel. Och wann déi mam Esprit éclairé sech emol schéin de Batti kënne n,wann et ëm Streide viru Geriicht geet. Egal wéi d'Faite sinn - d'Intentioun vun de Leit, fir sech entweder am Gudden ze scheeden oder fir sech e verbatterte Rousekrich ze liwweren, déi Intentioun gesäit een um Affekot, dee se sech huelen. Dës Ausso kënnt iwwregens net vu mir, mee aus de Couloirë vum Geriicht selwer.

Deem géinteniwwer steet d'Meenung, datt d'Kand duerchaus capabel ass fir un Decisiounsprozesser deelzehuelen, haaptsächlech do, wou et direkt concernéiert ass. Et ka seng Meenung soen an déi gëtt och seriö geholl. Och wann d'Decisioun bei engem anere läit, wéi dem Familljeriichter an dësem Fall. Et ass dann eng vun de Parteien a steet net nëmme passiv niewendrun drop ze waarden, datt een him erkläert, firwat wéi eng Decisioune getraff goufen.

Erzéiung vum Kand ass ausschlaggebend

Dat setzt awer viraus, datt et schonn an deem Sënn erzu gouf, datt et gewinnt gouf fir sech selwer anzestoen an och seng Responsabilitéiten ze droe weess. An dat bedeit och, datt sech d'Gesellschaft am Ganzen dorop astelle muss an oppen domat ëmgeet. Dat wäert also nach eng Zäit daueren, mee duerch esou Gesetzer kënnt de Steen awer un d'Rullen.

Et erënnert ee sech zum Beispill un d'Gesetz géint d'Gewalt am Stot. Wéi et 2003 gestëmmt gouf, ass et haaptsächlech ëm déi Erwuesse gaangen, fir den Affer ze hëllefen aus der Gewaltspiral erauszekommen. Joren drop gouf deen Dispositif ugepasst an déi spezifesch Betreiung vun de Kanner gouf mat bäigeholl. Déi goufen nämlech am éischten Ulaf vergiess.

Kloer ass d'Angscht berechtegt, datt d'Kand manipuléiert ka ginn, besonnesch an esou engem emotiounsgeluedenen Thema wéi d'Scheedung vu sengen Elteren. Mee et gëtt net eréischt um Geriicht mat deem Problem confrontéiert. Wie mengt, d'Kanner kréichen näischt vun de Spannungen tëscht hiren Eltere mat, huet sech net wierklech mam Thema befaasst. Fir ze verhënneren, datt d'Kanner an e Loyalitéitskonflikt geroden, sinn d'Kompetenze vun Drëttpersounen esou wichteg, Drëttpersoune wéi de Kanneraffekot an de Familljeriichter, déi professionell a mënschlech un d'Saach eruginn a verstinn, wéi d'Kand drun ass a wat een ëm kann zoumudden.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.