Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Flamingods - Tall Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'"Schwäiz vun Zentralamerika"

Costa Rica

D'"Schwäiz vun Zentralamerika"

An Zentralamerika, tëscht Nicaragua a Panama läit Costa Rica. E klengt demokratescht Land, dat virun allem fir seng ofwiesslungsräich an divers Flora a Fauna bekannt ass. Och wirtschaftlech gëllt Costa Rica als d'Land vun der gëllener Mëtt.

auto_stories

4 min

Den Omar Castillo schafft als Guide zu Puerto Jimenez op der Hallefinsel Osa. Iwwert seng Aarbecht ass hie frou: All Dag fiert hie mat Touristen am Kayak duerch d'Mangroven. D'Mangrove sinn e ganz wichtege Bestanddeel vum Ökosystem a missten dowéinst geschützt ginn, erkläert den Omar Castillo.

"DMangrovebëscher sinn immens wichteg fir d'Mënscheet. Dës Bëscher sinn d'Wéi vum Mieresliewen." D'Ëmfeld géif den Ozean mat de Bëscher um Festland verbannen, sou de Guide. Doduerch géif d'Ëmwelt immens villfälteg ginn, wat d'Biodiversitéit, Villercher a Reptilien, mä och aner Planzen an Déieren ugeet.

Balance tëschent Ëmwelt a Wirtschaft

D'Mangrove sinn dacks nëmme schwéier zougänglech. Grad dowéinst fille sech hei eng ganz Parti Liewewiese wuel. Mangrovebeem hu sech un d'Iwwerliewen am Salzwaasser an an der Supp ugepasst. De Buedem aus Bulli ass eng wichteg Nahrungsquell fir d'Liewewiesen am Mier.

Ënnert anerem duerch de Klimawandel an d'Loftverschmotzung sinn d'Mangroven a Gefor, seet den Omar Castillo. Ma och den Tourismus an d'illegaalt Fësche géifen dozou bäidroen, datt vill Bëscher ëmmer méi verschwannen. "Elo sinn d'Bëscher endlech gesetzlech geschützt. Dofir ginn et och elo vill Geriichtsprozesser, well d'Hoteller d'Mangovebëscher natierlech mussen ersetzen."

D'Mangrove sinn e wichtege BEstanddeel vum Ökosystem

D'Costa Rica ass am gaangen d'Land a Richtung Ökotourismus z'entwéckelen a gëtt domat als Pionéier an deem Beräich gezielt. Besonnesch op der Osa Hallefinsel géinge vill Efforte gemaach ginn, erzielt den Omar Castillo. Et géif ee versichen, gréisser Investisseure mat de lokale Communautéiten a Kontakt ze bréngen. Zum Beispill andeems si Touren ubidden, déi vun Ticos (wéi d'Costa Ricaner sech selwer nennen) geleet ginn.

"Mir mussen eng Balance, tëschent der Ëmwelt, der Wirtschaft an de Communautéite fannen. Am Moment ass d'Wirtschaft ze vill wichteg. An da kommen eréischt d'Ëmwelt an d'Mënschen", kritiséiert den Omar Castillo.

De Präis vum Liewen

An den 1940er Joren huet de konsequenten Ausbau vum Sozialstaat ugefaangen. Nom sechs Woche laange Biergerkrich 1948 gouf déi ganz Bevëlkerung mat Sozialversécherungen, Elektrizitéit, Drénkwaasser an Telefon versuergt. Donieft gouf landeswäit e Bildungssystem etabléiert.

De Jorge Castro Serrano ass viru siwe Joer aus Spuenien a Costa Rica ausgewandert a schafft an engem Restaurant zu Puerto Viejo op der Karibikküst. Duerch d'Kris hätt hie seng seng Aarbecht a Spuenie verluer. Déi wirtschaftlech Situatioun a senger Heemecht wier fuerchtbar. "Mat menge 45 Joer sinn ech a Spuenien immens al. Et war onméiglech eng nei Aarbechtsplaz ze fannen. Ech hu mech du gefrot, wou soll ech hin?" Frënn zu Costa Rica hätten him gesot, hie sollt kommen, et géif Aarbecht ginn.

Et wier allerdéngs onméiglech, Suen op d'Säit ze leeën. D'Liewen zu Costa Rica wier immens deier, seet de Jorge Castro Serrano. De Spuenier setzt sech eng Limitt vun 20 Dollar den Dag, fir datt hien iwwert d'Ronne kënnt. Eng Rei Leit hätten dowéinst och zwou Aarbechtsplazen, erkläert hien.

D'Educatioun ass prioritär

"Du liefs hei mat ongeféier 1000 Dollar de Mount. Mir schaffen hei am Restaurant zu dräi a kënnen eis de Loyer deelen. Da geet et." Vill Costa Ricaner géifen an der Tourismusbranche schaffen. Virun allem bei auslännesche Patronen.

De Jorge Castro Serrano ass viru siwe Joer aus Spuenien ausgewandert

D'Ticos hunn am Allgemengen eng gutt schoulesch Ausbildung, seet de Jorge Castro Serrano. D'Educatioun huet eng héich Prioritéit: No der Ofschafung vum Militär an der Arméi ginn d'Suen, déi doduerch gespuert ginn, an d'Schoul investéiert. 2013 louch den Alphabetiséierungstaux ëm 96 Prozent.

Vill Costa Ricaner plënneren a gréisser Stied, respektiv an d'Haaptstad San José, fir hei a Callcenteren oder Banken ze schaffen. De 27 Joer alen Omar Castillo gesäit dat als Problem. An de Stied géing ee méi verdéngen. "Dann hale si op mat studéieren a gi bequem. Dat ass keng gutt Entwécklung."

Kriminalitéit duerch Drogekarteller

Trotz der grousser innepolitescher Stabilitéit kann d'Sécherheet a Costa Rica net ëmmer garantéiert ginn. Am Land vergréissert sech d'Netzwierk vun de sougenannten "narcofamilias". Virun allem a méi ländleche Regiounen deale si mat Kokain, Marihuana a Crack. D'Policepräsenz ass doduerch virun allem an der Haaptstad héich. Och wéinst Iwwerfäll op Touristen, déi hire Räichtum weisen.

"Et ass net geféierlech, mä et muss een awer oppassen", erkläert de Jorge Castro Serrano. Bei him an der Géigend wier et net sou schlëmm. An der Haaptstad allerdéngs schonn.

D'Aussepolitik vu Costa Rica ass gepräägt vu Gewaltfräiheet an der Volontéit, fir Konflikter am Dialog ze léisen. Costa Rica leet grousse Wäert op wirtschaftlech Zesummenaarbecht a setzt sech staark fir de multilaterale Welthandel an. Och un enger Zesummenaarbecht mat westeuropäeschen Industriestaaten ass d'Land an Zentralamerika interesséiert. Donieft engagéiert sech Costa Rica staark am Klimaschutz an erhofft sech dobäi och d'Ënnerstëtzung vun de Partnerlänner.